Vietnamkrich

Vu Wikipedia

De Vietnamkrich (op vietnameesesch: Chiến tranh Việt Nam), och alt Zweeten Indochinakrich oder (am Vietnam) Amerikakrich genannt, war Krich, deen tëscht 1959 an 1975 mam Zil gefouert gouf, ze verhënneren, datt Nord- a Südvietnam sech ënner engem kommunistesche Regime nees vereenege sollten. En huet op der enger Säit d'Republik Vietnam (Südvietnam) involvéiert, déi vun de Vereenegte Staaten an anere Länner ënnerstëtzt goufen, an op der anerer Säit d'Guerrillabeweegung Vietnameesesch Befreiungsfront (Viet Cong) sou wéi d'Arméi vun der Demokratescher Republik Vietnam (Nordvietnam), déi vu China a besonnesch vun der Sowjetunioun ënnerstëtzt goufen. Tëscht enger Millioun a 5,7 Millioune Mënsche sinn dem Krich zum Affer gefall, dorënner och 58.159 Amerikaner (plus eng 1.700 vun deenen net gewosst ass, wou se dru sinn).

De Konflikt huet domat ugefaangen, datt d'Autoritéite vun der Republik Vietnam am Süde refuséiert hunn, e Referendum mat z'organiséieren, an dem ofgestëmmt soll ginn, op de Süde sech mat der Demokratescher Republik Vietnam am Norden nees sollt vereenegen. Dogéint, wéi och allgemeng géint d'Offolleg vun diktatoresche Regierungen, déi awer vun den USA ënnerstëtzt goufen, hu sech verschidde Protestbeweegungen, déi sech an der Nationaler Befreiungsfront (Viet Cong) zesummegedunn haten, mat Waffegewalt protestéiert. Geschwë krute si Ënnerstëtzung vun Nordvietnam.

De Krich ass a véier Phasen ofgelaf: eng éischt, bei där de Süden Territoire verluer huet; eng zweet, wou d'USA massiv an de Konflikt agegraff sinn, a sou erëm en Deel konnt zeréckeruewert ginn; eng drëtt, no 1968, wou d'USA sech progressiv zeréckgezunn hunn (=> "Vietnamiséierung" vum Konflikt), an eng lescht, vun de Paräisser Friddensvertreeg 1973 un, wou d'National Befreiungsfront an d'Nordvietnameesesch Arméi grouss Fortschrëtter gemaach hunn, bis zum Fall vu Saigon un den Norden an als Resultat dovun d'Vereenegung vun den zwee Länner, den 2. Juli 1976, zu der Sozialistescher Republik Vietnam. Déi éischt 3 Phasen hunn sech doduerch charakteriséiert, datt et keng kloer Frontlinn gouf, mä Attentater a Guerrillaaktioune vum Viet Cong op der enger Säit, "Sich-an-Zerstéierungsaktiouen", massiv Bommenattacken, an och Asaz vu cheemesche Waffen, op Säit vun den Amerikaner. Déi lescht Phas do dergéint war méi e "konventionelle" Krich. Mam Vietnamkrich waren d'Konflikter an Indochina awer nach net eriwwer: Vietnam a China hu Laos, respektiv Kambodscha méi oder wéinger besat, iwwerdeems d'USA sech vun do zeréckgezunn hunn.

Aussergewéinlech um Vietnamkrich war, datt et deen éischte Krich war, dee souzesoen op der Televisioun ausgedroe gouf. Dëst huet et erméiglecht, Mënscherechtsverletzungen op béide Säiten der Weltëffentlechkeet zougänglech ze maachen. Dës lescht medial Omnipresenz war mat d'Ursaach dovun, firwat sech an der westlecher Bevëlkerung eng ëmmer méi grouss Oppositioun géint dës Militärinterventioun vun den USA forméiert huet, sou datt se sech schlussendlech zeréckgezunn hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Scholl-Latour, Der Tod im Reisfeld - Dreissig Jahre Krieg in Indochina; München (Wilhelm Heyne Verlag), 1979 (an ëmmer nees nei opgeluecht).
  • John Prados, La guerre du Viêt Nam 1945-1975; aus dem Engleschen iwwersat; Paräis (Perrin), 2011.
  • Philippe Franchini, Les guerres d'Indochine, Bd. II: De 1949 à la chute de Saigon; Paräis (Tallandier; collection 'Texto'), 2011.