Juno Beach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Juno Beach gouf während der Normandie-Landung vun den Alliéierten am Zweete Weltkrich eng Parti vun der Côte an der Normandie, Frankräich, genannt déi tëschent Saint Aubin-sur-Mer am Osten an tëschent de Stied La Rivière-Saint-Sauveur a Courseulles-sur-Mer am Weste läit. D'Landezon war an zwéin Ofschnëtter agedeelt mat den Nimm Mike an Nan.
Juno Beach läit tëschent den Ofschnëtter Sword a Gold. Kanadesch Truppen ënner dem Kommando vum Major General Rodney Frederick Leopold Keller sinn do um D-Day (6. Juni 1944) am Kader vun der Operatioun Overlord geland. Duerfir gëtt dës Parti vum Strand och nach Kanadesche Strand genannt.
| Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |
| Commons: Juno Beach – Biller, Videoen oder Audiodateien |