Richard Nixon

Vu Wikipedia
Richard Nixon
Funktioun
37. President vun den USA
20. Januar 1969 - 9. August 1974
Virgänger Lyndon B. Johnson
Nofollger Gerald Ford
Partei Republikanesch Partei
Biographie
Gebuertsnumm Richard Milhous Nixon
Gebuer 9. Januar 1913
Gestuerwen 22. Abrëll 1994
Manhattan
Educatioun Duke University
Bestuet mat Pat Nixon
Mamm Hannah Milhous Nixon


De Richard Milhous Nixon, gebuer den 9. Januar 1913 zu Yorba Linda a Kalifornien, a gestuerwen den 22. Abrëll 1994 zu New York, war en US-amerikanesche republikanesche Politiker a vun 1969 bis 1974 de 37. President vun de Vereenegte Staaten.

Ënner dem President Richard Nixon hunn d'USA d'Volleksrepublik China diplomatesch unerkannt, an domat huet d'Republik China (Taiwan) de kommunistesche Kontinentalchinesen de Sëtz am Sécherheetsrot vun der UNO missen iwwerloossen.

Den Nixon huet de Vietnamkrich mat Gespréicher, déi zu Paräis geféiert goufen, fir d'Amerikaner op en Enn bruecht. 1973 koum et dunn zur "Vietnamiséierung" vum Krich (Nordvietnam a Vietcong géint de Südvietnam), bis d'Kommunisten de Süden 1975 iwwerrannt an un den Norden ugeschloss hunn (Reunifikatioun vum Vietnam mat Hanoi als Haaptstad).

De Richard Nixon, deen och mol als "Tricky Dicky" bezeechent gouf, ass wéinst senger Verstréckung an der Watergate-Affär, als éischten US-President, vu sengem Amt zeréckgetrueden, ier eng Impeachment-Prozedur géint e finaliséiert konnt ginn. Säin Nofollger, den Gerald Ford, huet en du begnadegt, fir him eventuell Poursuitten z'erspueren.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • No More Vietnams; Arbor House Publishing Company, 1985; ISBN 0-380-70119-7. - Am Täschebuch: Avon Books, New York, 1986 (240 Säiten).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard Nixon – Biller, Videoen oder Audiodateien