Dwight D. Eisenhower

Vu Wikipedia
Dwight D. Eisenhower
Gebuertsnumm David Dwight Eisenhower
Gebuer 14. Oktober 1890
Gestuerwen 28. Mäerz 1969
Washington
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun United States Military Academy,
Command and General Staff College
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Offizéier, Staatsmann, Militär, Arméisoffizéier
Partei Republikanesch Partei

Den Dwight David Eisenhower, genannt "Ike", gebuer de 14. Oktober 1890 zu Denison am Texas a gestuerwen den 28. Mäerz 1969 zu Washington D.C., war ee Fënnefstäre-Generol an der US-amerikanescher Arméi an en amerikanesche Politiker.

Hie war Member an der Republikanescher Partei a vum 20. Januar 1953 bis den 20. Januar 1961 de 34. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

Den Eisenhower zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Als ieweschte Kommandant vun den alliéierten Truppen an Europa war den Eisenhower signifikativ un der d'Befreiung vu Lëtzebuerg vun der Naziokkupatioun bedeelegt.

Fir un de Generol z'erënneren, goufen zu Lëtzebuerg eng Rei Stroossen oder Plazen no him genannt (Stad Lëtzebuerg, Ollem, Wolz) an och Gedenkplacken opgeriicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dwight Eisenhower – Biller, Videoen oder Audiodateien