Anna Magnani

Vu Wikipedia
Anna Magnani
Gebuer 7. Mäerz 1908
Roum
Gestuerwen 26. September 1973
Roum
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Accademia nazionale d'arte drammatica
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Goffredo Alessandrini

D'Anna Magnani, gebuer de 7. Mäerz 1908 zu Roum an och do gestuerwen de 26. September 1973, war eng italieenesch Filmschauspillerin.

D'Anna Magnani huet no engem Studium op der staatlecher Schauspillschoul an den 1930er Joren an diverse Filmer matgespillt. Bekannt gouf se awer eréischt 1941 mam Film Teresa Venerdì vum Vittorio De Sica. Den Duerchbroch zum international gefeierten neien italieenesche Star hat se 1945 am Roberto Rossellini - mat deem se och privat liéiert war - sengem Roma, città aperta. Vun do un huet se fir vill wichteg Regisseure vun den 1950er an 1960er Jore geschafft.

1955 huet si, als éischt Italieenerin, fir hir Roll vun der Serafina Delle Rose am Daniel Mann senger Verfilmung vum Tennessee Williams sengem The Rose Tatoo den Oscar als bescht Schauspillerin kritt. Zwee Joer drop krut si eng Oscar-Nominatioun fir hir Haaptroll am George Cukor sengem Wild is the Wind.

Hire leschte Film war 1972 ënner der Regie vum Federico Fellini: eng kleng Zeen a Roma. Et war dëst och en Hommage un hir Karriär; si war du scho schwéier krank.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anna Magnani – Biller, Videoen oder Audiodateien