Scouten zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg ginn et zwéi Scoutsverbänn:
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS);
- Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg (FNEL).
Si sinn allebéid Member an der World Organization of the Scout Movement. De Scoutissem gouf vum Robert Baden-Powell gegrënnt, an ass a senger ursprénglecher Form just fir Jonge reservéiert gewiescht. De weibleche Pendant ass de Guidissem.
Inhaltsverzeechnes |
D'Verspriechen: [änneren]
Beim Versprieche streckt de Scout seng dräi Mëttelfangeren an d'Luucht fir domat seng
- Verflichtung géintiwwer dem Herrgott an der Monarchie (To do my duty to God and the King)
- Verflichtung géintiwwer senge Matmënschen (To help other people at all times)
- Verflichtung géintiwwer sech selwer, d'Scoutsgesetz anzehalen (To obey the Scout Law)
zu weisen. Esou d'Originalverspriechen vum Baden-Powell [1]
D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute formuléieren dëst Verspriechen haut esou:
"Ech engagéiere mech,
mäi Liewe sënnvoll ze gestalten a Verantwortung ze iwwerhuelen,
méng Ëmwelt ze respektéieren a mech fir Fridden a Gerechtegkeet anzesetzen,
mech dobäi u Jesus Christus ze orientéieren an nom Guide/Scoutsgesetz ze liewen." [2]
Bei der FNEL versprécht e Scoutschef dëst:
"Ech verspriechen op Éier a Gewëssen,
meng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz an am Sënn vun de Statute vun der FNEL
voll a ganz ze erfëllen
a bridderlech iwwert déi mir uvertraut Jongen a Meedercher ze waachen." [3]
Referenzen [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Websäit vu der FNEL - Fedération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg
- Websäit vun der LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
| Commons: Scouting – Biller, Videoen oder Audiodateien |