Józef Gosławski
De Józef Jan Gosławski, gebuer de 24. Abrëll 1908 zu Polanówka an der Woiwodschaft Lubelskie, a gestuerwen den 23. Januar 1963 zu Warschau, war e polnesche Sculpteur a Medailleur.
Hien huet zu Krakau, Warschau a Roum studéiert. Hien huet haaptsächlech Skulpture gemaach, dorënner eng fir de Frédéric Chopin déi zu Żelazowa Wola an der Woiwodschaft Masowieckie opgestallt ass. Zu senge Wierker zielen awer och Mënzen (ënner anerem fënnef an zéng Złoty) a Medaillen. De Gosławski war Präisdréier bei ville Konschtkompetitiounen a gouf mam Verdéngschtkräiz a Sëlwer vun der Republik Polen (Srebrny Krzyż Zasługi) ausgezeechent. Zu sengen Éiere goufe vill Ausstellunge gemaach.
Zënter 1948 war hie mat der Wanda Mankin bestuet, an d'Koppel krut zwee Kanner.
Inhaltsverzeechnes |
Ausstellungen [änneren]
Eenzelausstellungen [änneren]
| Joer | Stad | Institutioun |
|---|---|---|
| 1933 | Krakau | Konschtpalais |
| 1960 | Budapest | Ośrodek Kultury Polskiej |
| 1963 | Warschau | Dom Wojska Polskiego |
| 1968 | Breslau | Gemengenhaus |
| 1973 | Warschau | Galeria Zachęta |
| 1974 | Warschau | Galeria Wojskowa DWP |
| Warka | Muzeum im. Kazimierza Pułaskiego | |
| Bydgoszcz (Bromberg) | Regionalmusée | |
| 1987 | Lublin | Regionalmusée |
| 1995 | Kazimierz Dolny | Muzeum Nadwiślańskie - Galeria Letnia |
| 1996 | Bolesławiec | Bolesławiecki Ośrodek Kultury |
| 1997 | Chełmno | Regionalmusée |
| 2000 | Konin | Regionalmusée |
| 2003 | Warschau | Galeria Domu Artysty Plastyka |
Gruppenausstellungen [änneren]
Ausland [änneren]
| Joer | Land | Stad | Institutioun |
|---|---|---|---|
| 1932 | Wien | Kënschtlerhaus Wien | |
| 1936 | Roum | ? | |
| Roum | ? | ||
| 1950 | Prag | ? | |
| Roum | ? | ||
| 1959 | Catania | ? | |
| Wien | ? | ||
| 1963/1964 | Moskau-Minsk | ? | |
| 1964 | Arezzo | ? | |
| 1965 | Berlin-Erfurt-Leipzig | ? | |
| 1966 | Kralupe | ? | |
| Sofia | ? | ||
| 1966/1967 | - | ? | |
| 1967 | - | ? | |
| - | ? | ||
| Paräis | ? | ||
| 1968 | Moskau | ? | |
| 1969 | Budapest | ? | |
| 1971 | Paräis | ? | |
| Den Haag | ? | ||
| 1972 | Berlin | ? | |
| 1985 | Prag | ? | |
| 2003 | Wien | Leopold Musée[1] |
Fir ze liesen an ze kucken [änneren]
- Anna Rudzka: Józef Gosławski. Rzeźby, monety, medale, Alegoria. Warschau 2009, ISBN 978-83-62248-00-1 (Polnesch)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Józef Gosławski – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lost in the shuffle (Englesch)
- Józef Jan Gosławski bei culture.pl (Polnesch)
- Famous Medalists: Józef Gosławski (Englesch)
- LN 5 “Fisherman” coin from 1958 (Englesch)
- Józef Gosławski – monuments, coins, medals (Englesch)
Referenzen [änneren]
- ↑ Kakanien.ac.at: DER NEUE STAAT. Polnische Kunst zwischen Experiment und Repräsentation von 1918 bis 1939(Däitsch)