Frédéric Chopin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich


Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Frédéric Chopin (1849)

De Frédéric François Chopin, gebuer den 22. Februar oder den 1. Mäerz 1810 zu Żelazowa Wola bei Warschau als Fryderyk Franciszek Szopen, a gestuerwen de 17. Oktober 1849 zu Paräis, war e polnesche Pianist, Komponist a Pedagog. Hien ass ee vun deenen aflossräichsten a beléifteste Pianokomponiste vum 19. Joerhonnert a gëllt als bedeitendst Perséinlechkeet an der Musekgeschicht vu Polen.

[änneren] Liewen

De Fryderyk Franciszek Chopin gouf als Jong vum Nicolas Chopin (1771-1844) a senger Fra Justyna Krzyżanowska zu Żelazowa Wola a Polen gebuer.

Scho mat 8 Joer huet de Chopin seng éischt Concerten an de Salonen vun der Aristokratie vu Warschau ginn.

Seng éischt Kompositioune si vun 1817.

No der Ausbildung bei senger Mamm an duerno beim Joseph Elsner huet de Frédéric Chopin literaturhistoresch Virliesunge besicht. Hien hat scho ganz fréi Kontakt mat bekannte Politiker, Literaten a Museker.

No engem leschte Concert huet de Frédéric Chopin 1830 Polen verlooss an ass no enger Rei vun Tëschestatiounen 1831 zu Paräis ukomm.

De Chopin ass de 17. Oktober 1849 am Alter vun 39 Joer a senger Wunneng bei der Place Vendôme Nr. 12 un Tuberkulos gestuerwen. Hie gouf op dem Kierfecht Père Lachaise begruewen, mais säin Häerz gouf op säi Wonsch op Warschau bruecht.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Frédéric Chopin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools