Educatioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Educatioun (oder Pedagogik, v. griich. παιδαγογια, vu παιδος (paidos) Kand an αγω féieren, grousszéien) befaasst sech mat der Erzéiung an der Bildung. Si soll virun allem mat systematesche Fuerschungsmethode schaffen, fir Erkenntnesser iwwert d'Erzéiungsprozesser ze kréien an och zur Bildung bäizedroen.

Bäim Erzéiungsprozess gi Kanner a Jugendlecher duerch déi pedagogesch Verantwortlech (Elteren, Erzéier, Schoulmeeschteren a Professeren) an d'Welt vun den Erwuessenen agefouert. De Jonktem léiert dobäi Regelen, Normen a Behuelen, mä och selbststännegt Denken an Handelen.

De modernen a ganzheetleche Bildungsbegrëff dogéint steet fir de liewenslaangen Entwécklungsprozess vum Mënsch, bäi deem e seng geeschteg, kulturell a liewenspraktesch Fähegkeeten a seng personal a sozial Kompetenzen erweidert.

Erzéiung kënnt vu baussen - de Bildungsprozess awer ass e selbstännege Prozess, dee vu banne kënnt an op d'Erzéiung opbaut. Wichteg Faktore bäi der Educatioun sinn d'Natur, d'Gesellschaft an den Individuum selwer.

Disziplinne wéi d'Soziologie an d'Psychologie spille bei der Educatioun eng grouss Roll.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Literatur [änneren]

  • Histoire de l'enseignement et de l'éducation ; 4 Bänn; Paräis (Perrin / tempus-Täschebicher), 2003-2004 (Originalausgab: 1981):
  1. Michel Rouche, I. Ve avant J.-C - XVe siècle (ISBN 978-2-262-02099-6);
  2. François Lebrun, Marc Venard & Jean Quéniart: II. 1480-1789 (ISBN 978-2-262-02147-4);
  3. Françoise Mayeur, III. 1789-1930 (ISBN 978-2-262-02094-1);
  4. Antoine Prost, IV. Depuis 1930 (ISBN 978-2-262-02095-8).


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Educatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Educational Measurement and Applied Cognitive Science op uni.lu
  • Bachelor Professionnel en Sciences de l'Education, Nofolger vum Certificat d'Etudes Pédagogiques (CEP) dee vum ISERP ausgestallt gouf, op uni.lu
  • Portail vun der Educatioun zu Lëtzebuerg education.lu