Portal:Franséisch Revolutioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

PortalFrRev.png

Portal vun der Franséischer Revolutioun

« C'est une révolte ? » - « Non, Sire, c'est une révolution. »


Eugène Delacroix - La liberté guidant le peuple.jpg

D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an där d'Monarchie ofgeschaf an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëschent Neizäit (« époque moderne ») an Zäitgeschicht (« époque contemporaine ») an ass domadder eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.
Fir d'éischte Kéier an der europäescher Geschicht, zënter der Antikitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. Bei der englescher Revolutioun (Cromwell) war et alleng ëm d'Persoun vum Kinnek gaang, an net ëm de Regime an sech. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.

D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, dat bis dohinner fir seng absolutistesch Kinneke berühmt war (virun allem de Louis XIV.).

Nach haut ass d'Franséisch Revolutioun en Thema wat ënner Historiker ëmstridden ass, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee deen si ageschloen huet.

D'Franséisch Revolutioun huet och zu déiwen Divisiounen tëscht den Unhänger vun de revolutionären Iddien an de Verdeedeger vun der aler Uerdnung gefouert, den Antiklerikalen an der kathoulescher Kierch.

Artikel liesen

Grouss Evenementer

Prise de la Bastille.jpg

D'Enn vum Ancien Régime

Declaration of Human Rights.jpg

Géigerevolutioun

Coeur-chouan.jpeg

« Soyons terribles pour éviter au peuple de l’être »

Execution robespierre, saint just....jpg

Si Vis Pacem, Para Bellum

Luny Thomas Battle Of The Nile August 1st 1798 At 10pm.jpg

D'Leit vun der Revolutioun

Marquis de Lafayette 1.jpg

D'Revolutioun an Europa

La Bataille du Pont d'Arcole.jpg

Klëppelkrich

Nosichen a fannen

Assignat de 5 livres (des Domaines nationaux).jpg

Andeelung a Kategorien · Glossaire

Fir ze kucken

Jacques François Joseph Swebach-Desfontaines, Désaffectation d'une église pendant la Révolution (1794). Désaffectation d'une église.jpg
änneren

Aner Portaler

Geschicht: Antikitéit · Mëttelalter · Neizäit · Zäitgeschicht
Speziell Themen: Egyptopedia · Hellenopedia · Réimescht Räich · Franséisch Revolutioun · Zweete Weltkrich

Wikipedia:PortalerPortaler
Klickt op d'Bild fir d'Lëscht vun all de Portaler
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen