Maximilien de Robespierre

Vu Wikipedia
Maximilien de Robespierre
Gebuer 6. Mee 1758
Arras
Gestuerwen 28. Juli 1794
Paräis
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Politiker, Affekot, Journalist, Revolutionär
Partei Société des amis de la Constitution
Famill
Geschwëster Augustin Robespierre
Eng "Widmung" vum Robespierre an engem Dictionnaire

De Maximilien de Robespierre, gebuer de 6. Mee 1758 zu Arras a gestuerwen den 28. Juli 1794 zu Paräis, war e franséische Revolutionär.

De Maximilien de Robespierre ass aus aarme Verhältnesser komm an huet duerch e Stipendium konnten Droit studéieren an ass Affekot ginn. De Robespierre huet seng Heemechtsstad Arras bei de Generalstänn als Deputéierte vum drëtte Stand vertrueden.

No dem Ufank vun der Revolutioun huet de Robespierre sech um radikale lénkse Bord ervirgedoen an hien huet eng kompromësslos Demokratiséierung gefuerdert. De Robespierre gouf Member vun de Jakobiner a Leader vun de Montagnards. Hien huet fir d'Exekutioun vum Louis XVI. a vum Georges Jacques Danton gesuergt. Vu 1793 u stoung hien un der Spëtzt vum Terrorregime vun de Jakobiner.

Mä amplaz vun der vun him gepriedegter neier Moral, Dugend a Vernonft huet geschwë fanateschen Terror geherrscht, deem hie selwer zum Affer gefall ass. Seng fréier Unhänger hunn hien op d'Guillotine bruecht.

Am Volleksmond zu Lëtzebuerg war de Robespierre deemools och ënner dem Numm Ruckels Pier bekannt[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maximilien de Robespierre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Ruckels Pier an d'Knätzelkätt René Clesse, ons stad, 49/1995