Terreur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Terreur, mat groussem T, ass e Konzept dat vun Historiker benotzt gëtt, fir zwou Periode vun der Franséischer Revolutioun ze beschreiwen, an deene Frankräich duerch en aussergewéinleche Pouvoir regéiert gouf, deen op Gewalt, Illegalitéit a Repressioun baséiert war1.

Et kann een zwou Phase vun der Terreur ënnerscheeden2: déi éischt Phas geet vun der Déchéance vum Kinnek den 10. August 1792 bis zu der Proklamatioun vun der Republik den 21. September 1792. Et goufen nei Institutioune geschaf, fir d'politescht Wierk vun der Terreur ëmzesetzen: en aussergewéinlecht kriminellt Geriicht gouf de 17. August 1792 agefouert, mä well d'Royalisten net haart genuch bestrooft goufen, koum et zu de Septembermassakeren an de Prisongen. Déi zweet Period geet vun der Elimitatioun vun de Girondins den 2. Juni 1793 bis zu der Arrestatioun vum Robespierre de 27. Juli 1794.

Tëscht dem Summer 1793 an dem Fréijoer 1794 war d'Schwächung vum Staat, déi 1789-90 ugefaangen hat, un hirem Paroxysmus ukomm, wat allméiglech Gewaltdoten erlaabt huet; de Comité de salut public, ënner dem Robespierre, krut Konkurrenz vum Comité de sûreté générale, deen d'Police dirigéiert huet an ënner der Leedung vun der Commune vu Paräis stoung, an deen zanter dem 10. August 1792 och d'militäresch Muecht a sengen Hänn gehalen huet. Eréischt am Mäerz 1794 gouf de Staat an den Hänn vum Comité de salut public nees gestäerkt3.

D'Terreur war vum revolutionäre Gouvernement agefouert ginn, ënner dem Drock vun de radikalste Politiker; eng Rei Fräiheete goufen opgehuewen, an d'Politik huet géint Gefor fir d'Republik vu bannen a vu baussen ugekämpft. D'markant Personnage vun der Terreur, och « Terroriste » genannt, waren de Robespierre, de Saint-Just, de Couthon, de Collot d'Herbois, de Fouché an de Billaud-Varenne. D'Period ass och vu Versich vu wirtschaftleche, sozialen a kulturelle Reforme markéiert.

De Robespierre huet d'Ziler vun der Terreur an enger Ried, déi berühmt bliwwen ass, de 25. Dezember 1793 virun der Convention nationale presentéiert:

«Le but du gouvernement constitutionnel est de conserver la République ; celui du gouvernement révolutionnaire est de la fonder. [...] Le gouvernement révolutionnaire doit au bon citoyen toute la protection nationale ; il ne doit aux Ennemis du Peuple que la mort. Ces notions suffisent pour expliquer l'origine et la nature des lois que nous appelons révolutionnaires [...]. Si le gouvernement révolutionnaire doit être plus actif dans sa marche et plus libre dans ses mouvements que le gouvernement ordinaire, en est-il moins juste et moins légitime ? Non ; il est appuyé sur la plus sainte de toutes les lois : le salut du Peuple.»

D'revolutionär Terreur huet sech op Konzepter baséiert, déi virun allem am Jean-Jacques Rousseau sengem Wierk Du contrat social erkläert goufen. Déi éischt Terreur hat kee fäerdege Plang a war och net duerch an duerch organiséiert am Géigesaz zu der zweeter Terreur vu 1793-1794 déi e konkret Konzept benotzt huet, fir d'Republik ze retten. De Prinzip vun engem revolutionäre Gouverenemt gouf vun der Réimescher Republik iwwerholl.

D'Heemecht a Gefor an déi éischt Terreur[änneren | Quelltext änneren]

De Stuerm op d'Tuilerien (Jean Duplessi-Bertaux, 1793)

Zanter Abrëll 1792 stoung Frankräich am Krich géint eng Partie europäesch Monarchien. D'Braunschweiger Manifest (25. Juli 1792) huet der Bevëlkerung gedreet, datt si mat Strofen ze rechnen hätten, wann si Gewalt géint de Kinnek oder seng Famill géifen uwenden. Den 11. Juli gouf d'« patrie en danger » ausgeruff. Den 10. August 1792 hunn d'Sans-culottes de Palais vun den Tuilerien ageholl, wou de Louis XVI. gewunnt huet. De Kinnek gouf an de Prisong gehäit während d'europäesch Arméien op de franséische Buedem amarschéiert sinn.

Während dëser "éischter Terreur" (Summer 1792) gouf Frankräich vun der Commune vu Paräis a vun engem exekutive Conseil vu sechs Membere regéiert4. D'legislativ Assemblée gouf net opgeléist: si huet Representante bei d'Arméie geschéckt, fir hinnen entgéint ze wierken. D'Commune vu Paräis huet Drock gemaach fir de Verdächtegen an de Feinde vun der Revolutioun séier de Prozess ze maachen: 3000 Persoune goufe bannent e puer Deeg festgeholl. D'Verdeedeger vum Palais vun den Tuilerie goufe festgeholl an higeriicht. En aussergewéinlecht Geriicht gouf de 17. August 1792 organiséiert, un deem d'Membere vun de Paräisser Sektiounen deelgeholl hunn. Nodeem d'Noriicht vum Fall vu Verdun an d'Hänn vun de Preisen ukomm war, an et Rumeure vun engem Komplott gouf, sinn d'Septembermassakeren an de Prisongen ausgebrach, déi tëscht 1000 a 1400 Affer gefuerdert hunn.

Déi éischt militäresch Operatioune ware Réckschléi fir d'Fransousen. D'Schluecht vu Valmy (20. September 1792) war eng éischt Victoire an huet groussen Enthousiasmus zu Paräis ervirgeruff. D'Première République gouf den Dag drop proklaméiert an d'Convention nationale huet d'legislativ Assemblée ersat.

D'Convention nationale (September 1792 - Juni 1793)[änneren | Quelltext änneren]

Hiriichtung vum Louis XVI.

Déi nei Assemblée vun der Convention sollt eng nei Konstitutioun op d'Bee setzen. D'Deputéiert waren no hire politesche Richtunge verdeelt: uewen a lénks souzen d'Montagnards ; d'Girondins haten d'Gewunnecht, sech riets ze sëtzen. Déi zwou "Parteie" si sech awer ëmmer manner eens ginn. D'Montagnard hunn d'Girondins beschëllegt, d'Land ze verroden an ze vill moderéiert ze sinn. D'Girondins hirersäits ware mësstrauesch géintiwwer vu Robespierre, Danton a Marat an haten Angscht datt dës Personnagen eng Dikatur wéilten op d'Bee setzen. D'Montagnards hunn op d'Vollek vertraut, a waren der Meenung datt Gewalt net ze verhënneren ass5.

Nom Prozess vum Louis XVI., huet d'Convention d'Hiriichtung vum Kinnek (21. Januar 1793) gewielt, wat eng éischt europäesch Koalitioun géint Frankräich mat sech gezunn huet.

Fir dem Manktem vun Zaldoten entgéintzewierken, huet d'Convention am Mäerz 1793 eng "Levée en masse" vun 300.000 Leit dekretéiert, um Prinzip vum Volontariat. Fräiwëlleger waren awer rar, a sou gouf d'Lous gezunn. D'westlech Departementer hu refuséiert, mat an de Krich ze zéien. Mam Opstand vun der Vendée war d'Unitéit vun der Republik a Gefor. D'Konventioun huet reagéiert, a radikal Mesuren ugeholl: jiddwereen, deen un den Opstänn bedeelegt war, gouf zum Doud veruerteelt, a Residenzlëschte goufen un d'Dire gehaangen, fir op dës Leit opmierksam ze maachen.

Am Laf vum Fréijoer 1793 goufe Bäckereien a Geschäfter zu Paräis geplëmmt. D'Sans-culottes hu gefuerdert, datt d'Girondins misste festgeholl ginn, an hu si dem Verrot beschëllegt. Ënner dem Drock vum Vollek hunn d'Montagnards beschloss, radikal an aussergewéinlech Mesuren z'ergräifen. Den Danton selwer huet behaapt:

« Soyons terribles pour éviter au peuple de l'être »6

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Convention nationale Nuvola apps xmag.png

D'Wierk vun der Terreur (Juni 1793 - Juni 1794)[änneren | Quelltext änneren]

De Krich géint d'Koalitioun an d'Organisatioun vun der Arméi[änneren | Quelltext änneren]

De Generol Custine, zum Doud veruerteelt an am August 1793 guillotinéiert

Verschidde Mesure goufe getraff, fir d'militäresch Situatioun an der Republik ze verbesseren, an e Staatsstreech ze verhënneren: Vertrieder a Missioun goufe lassgeschéckt, fir d'Arméien an d'Generäl z'iwwerwaachen. Dës Iwwerwaachung huet zu Hiriichtunge vu Generäl gefouert, déi als net radikal genuch gesi goufen, oder dem Verrot beschëllegt goufen: 1793 goufen 11 Generäl higeriicht, dorënner den Adam Philippe de Custine an Jean Nicolas Houchard, 31 waren et der am Joer 1794 . Si goufen duerch jonk Offizéier ersat, déi der Republik trei waren. Auslänner goufen aus der Arméi verbannt, well si als Verdächteg ugesi goufen.

D'republikanesch Arméie goufe frësch organiséiert, virun allem vum Lazare Carnot, deen de Spëtznumm Organisateur de la victoire krut. D'Effektiver hunn duerch eng Levée en masse den 23. August 1793 zougeholl, an um Enn vum Joer 1794 hat Frankräich eng Arméi vu ronn 750.000 Männer7 (1792 waren et der 270.000 a 1793 550.000). All ledeg Männer tëscht 18 a 25 Joer goufen zwangsrekrutéiert an de Budget fir de Krichsopwand gouf erhéicht. D'Regimenter goufen an Hallef-Brigaden opgedeelt: all Batailloun vun Zaldote vun der Arméi vum Ancien Régime krut zwee Batailloune vu Fräiwëlleger; dat ware jonk Leit déi meeschtens méi enthousiastesch vis-à-vis vun der Revolutioun waren. Si hu vun der Erfarung vun den eeleren Zaldote profitéiert an dëst huet verhënnert, datt komplett Unitéite sech géint d'Republik gestallt hunn.

Fir d'Produktioun vu Waffen a Munitioun ze verbesseren, huet de Comité de salut public 1793 d'Commission des armes et des poudres an d'Liewe geruff. Fir d'Qualitéit vun de Metaller an d'Fabrikatiounstechniken ze verbesseren, hunn de Chemiker Gaspard Monge an de Minneningenieur Hassenfratz d'Organisatioun vun der Paräisser Waffemanufaktur iwwerholl. De Berthollet an de Choderlos de Laclos hu mat neie Projektiller experimentéiert. De 14. Frimaire Joer II goufen all d'Bierger - och d'Kanner - opgeruff, Salpeter vun hire Maueren an hire Kelleren ze sammelen.

De 26. Juli 1793 huet d'Convention beschloss, Relaisë fir den Telegraph duerch Semaphor vum Claude Chappe ze bauen ; déi éischt Linn gouf tëscht Lille a Paräis am Summer 1794 installéiert. De 15. November 1793 huet d'Convention en Dekret erausginn, dee gesot huet, datt den Approvisionnement vun den Arméie méi wichteg wier, wéi dee vun der Zivilbevëlkerung.

Nom Summer 1793, huet sech d'militäresch Situatioun verbessert. Den 2. September konnt Toulon nees vun de Republikaner no enger laanger Belagerung ageholl ginn. Am Norden an am Oste konnten d'Fransousen eng Partie Schluechte fir sech entscheeden: Honschoote (8. September 1793), Wattignies (16. Oktober 1793), Tourcoing (18. Mee 1794) a Fleurus (26. Juni 1794).

Géint d'Feinden a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vun de Verdächtegen an d'Repressioun[änneren | Quelltext änneren]

Jacques-Louis David, Mort de Maras

Am Juli 1793 huet d'Ermuerdung vum Marat duerch d'Charlotte Corday d'antiroyalistesch Gefiller verstäerkt. D'opstänneg Federalisten aus der Normandie si Richtung Paräis gezunn, mä konnten zu Pacy-sur-Eure gestoppt ginn. Et huet awer nach bis Oktober gedauert, bis Bordeaux a Lyon nees vum Gouvernement ageholl goufen. Am August goufe britesch Matbierger, déi a Frankräich gewunnt hunn, bedreet, festgeholl ze ginn an am Oktober gouf d'Englännergesetz (Loi contre les Anglais) agefouert. Den 12. August 1793 huet de Robespierre virun der Convention deklaréiert:

"Que le glaive de la loi, planant avec une rapidité terrible sur la tête des conspirateurs, frappe de terreur leurs complices ! Que ces grands exemples anéantissent les séditions par la terreur qu 'ils inspireront à tous les ennemis de la patrie !"

D'Gesetz vun de Verdächtege gouf de 27. September 1793 adoptéiert. "Verdächteg" si laut dem Artikel 2:

"Ceux qui, soit par leur conduite, soit par leurs relations, soit par leurs propos ou leurs écrits, se sont montrés partisans de la tyrannie ou du fédéralisme et ennemis de la liberté […]. Ceux à qui il a été refusé des certificats de civisme. Les fonctionnaires suspendus ou destitués de leurs fonctions par la Convention nationale ou ses représentants. Les nobles, les maris, les femmes, pères, mères, fils ou filles, frères ou sœurs, qui n'ont pas constamment manifesté leur attachement à la Révolution. Ceux qui ont émigré du 1er juillet 1789 au 8 avril 1792, bien qu'ils soient rentrés en France."

D'revolutionär Justiz war dofir zoustänneg, d'Verdächteg ze riichten: Ufanks exklusiv fir Paräis no der Kreatioun vum Revolutionäre Geriicht am Mäerz 1793 gouf dës Justiz an der Provënz duerch d'Vetrieder a Missioun verbreet. Et goufen zousätzlech revolutionär oder militäresch Kommissiounen an de Gebidder vum Biergerkrich an d'Liewe geruff.

Den 10. Oktober 1793 ass de Revolutionäre Gouvernement ausgeruff ginn: d'Konstitution vu 1793 ass net applizéiert ginn, an d'Fräiheete goufen opgehuewen, bis datt a Frankräich nees Uerdnung a Fridde géifen herrschen. De Pouvoir est concentré gouf konzentréiert an zentraliséiert, fir méi efficace ze sinn. Duerch d'Kreatioun vum Bulletin des lois de la République konnten d'Decisioune vun der Convention séier verbreet an applizéiert ginn. Et war zu där Zäit wéi de Robespierre sech ëmmer méi aus den anere politeschen Acteuren zu Paräis erausgehuewen huet. De Comité de sûreté général souwéi d'lokal Comitéen hu sech ëm d'Ëmsetzung vum Gesetz vun de Verdächtege gekëmmert. Si hunn all Woch e Rapport virum Comité de salut public presentéiert. An de Provënze gouf an de lokalen Institutioune geraumt. D'national Agenten hunn an den Distriker opgepasst.

Krich an der Vendée a Chouannerie[änneren | Quelltext änneren]

Coeur chouan

Den Dekret vun der Zerstéierung vun der Vendée (1. August 1793) war d'Reaktioun vun der Convention op d'Victoirë vun der Vendée (Vihiers am Juli 1793). Obschonn et op republikanescher Säit Erfolleger gouf (Cholet, 17. Oktober 1793) huet d'Repressioun an der Vendée net opgehalen.

D'Infernal Kolonnen, déi vu Januar bis Mee 1794 dirigéiert goufen, hunn tëscht 20.000 a 40.000 Affer gefuerdert8. D'Massakere goufe vu verschidden Historiker och als « génocide vendéen» qualifizéiert9. Aner Historiker stäipe sech op d'Thes, datt d'Zerstéierung vun der Vendée eng Praxis vun de Kricher vun der Neizäit war, a vegläiche si mat der Zerstéierung vun der Pfalz duerch de Louis XIV. (1689). De Jean-Clément Martin erënnert drun, datt den discours de Barère (1. August 1793), deen d'Iddi vun engem « génocide » justifiéiert huet, awer och ernimmt huet, datt d'Fraen, Kanner, al Leit an och d'Männer ouni Waffe misste geschützt ginn.10 Net all d'« Vendéens » (eigentlech den Oste vun der Vendée, de Süde vun der Loire-Atlantique, de Weste vu Maine-et-Loire an den Norde vun Deux-Sèvres) ware Royalisten; et waren och d'lokal national Garden, déi Nantes am Joer 1793 nach virun der Arméi gerett hunn. Dës Patrioten aus dem Weste waren déi éischt Affer vun der Chouannerie. Vill Katholiken aus dëse Regioune ware Republikaner, wouvun déi vill fabrizéiert ex-voto en Zéie sinn, fir d'Chouans oder d'Märtyrer an déi helleg Republikaner (déi vu Roum net unerkannt goufen) ze schützen. De Vertrieder a Missioun Carrier huet d'Politik vun der Terreur géint d'Vendée am beschte vertrueden: vun Enn Dezember 1793 bis Enn Februar 1794 huet hien 2.600 Prisonéier erschéisse gelooss an iwwer honnert Leit an der Loire erdrénke gelooss.11

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Chouannerie Nuvola apps xmag.png

Wirtschaftlech, sozial a kulturell Moossnamen[änneren | Quelltext änneren]

D'Terreur hat och hir wirtschaftlech Säit. Den Haaptbut war et, de Ravitaillement vun den Arméien a vu Paräis ze sécheren. Während dem Fréijoer a Summer 1793 war d'Situatioun dramatesch: de Wäert vun den Assignatsë war staark erofgaangen. Et gouf verstäerkt geplëmmt an d'Sans-culottes hunn no energesche Mesure verlaangt. Fir deem entgéint ze wierken, huet d'Convention decidéiert, verschidde Präisser zanter dem 4. Mee 1793 ze limitéieren. Am Juli konnten d'Municipalitéiten och d'Doudesstrof géint d'Accapareuren asetzen. Zanter August war et verbueden, Kapitaler an d'Ausland ze schécken. D'Aktiegesellschaften, d'Bourse an d'Caisse d'escompte goufen zougemaach. Den 29. September 1793 gouf d'Gesetz vum generelle Maximum gestëmmt:

Les objets que la Convention nationale a jugés de première nécessité et dont elle a cru devoir fixer le maximum sont : le pain, la viande, le vin, les grains, les farines, les légumes, les fruits, le beurre, le vinaigre, le cidre, l'eau-de-vie, le charbon, l'huile, le savon, le sel, les viandes et poissons, le miel, le sucre, le papier, le chanvre, les laines, les cuirs, le fer et l'acier, le cuivre, les draps, la toiles et toutes les étoffes, les soieries exceptées. Le maximum du prix des denrées et des marchandises sera le prix que chacune d'elles avait en 1790.

De generelle Maximum huet de Schwaarzmaart encouragéiert, an d'Textilindustrie a Schwieregkeete bruecht.

Kathedral vu Clermont-Ferrand, « Le peuple français reconnoit l'Être Suprême »

Op sozialem Plang gouf den 29. August 1793 d'Sklaverei ofgeschaf. D'Convention huet d'Waardezäit tëscht Scheedung an neiem Bestietnes duerch en Dekret vum 8. Nivôse 1793 verkierzt, an en neit Gesetz fir Ierfschaften erausbruecht. Et gouf och e Soin à Domicile fir déi Aarm agefouert. Ausserdeem gouf et e Projet vun engem Code civil, deen awer ni ausgefouert gouf.

Den 18. August 1792 goufen all Kongregatiounen opgeléist, an e Republikanesche Kalenner gouf ausgeschafft, mat neie republikanesche Feierdeeg.

3 000 Gemenge kruten en neien Numm: zum Beispill Versailles gouf a Berceau-de-la-Liberté ëmgedeeft. An der Nièvre goufe Kiercheglacken ageschmolt an antiklerikal Ëmzich organiséiert: sou goufen zum Beispill d'Curésë gezwongen, op Ieselen duerch d'Stad ze reiden. Mä am November 1793 huet de Robespierre den Atheismus veruerteelt, an de Kult vum Supreme Wiesen (être suprême) gouf agefouert.

Op de Paräisser Theatere louch d'Zensur: et sollten nëmmen nach « des pièces au patriotisme reconnu » gespillt ginn.

D'Grande Terreur (Juni - Juli 1794)[änneren | Quelltext änneren]

George Cruikshank, The Radical's Arms (1819)

D'Politik vun der Terreur huet hir Friichte bruecht: d'Opstänn goufen zréckgeschloen, d'Vendéens zerstéiert an d'Attacke vun der Koalitioun konnten zréckgedréckt ginn. De Comité de salut public hat awer de Wonsch, d'Republik definitiv ze festegen. Fir dat z'erreechen, sou de Couthon, "il lui faut exterminer ses ennemis" an eng nei Klass vu klenge Proprietär ze schafen hunn d'Dekreter vum Ventôse d'Confiscatioun vum Besëtz vun de Géigner vun der Republik decidéiert, déi dann ënner de Patriote sollten opgedeelt ginn. Si hu Lëschte virgesinn fir d'Feinde vun der Republik opzedreiwen. De 27. Germinal 1794 goufe via Dekret d'populär Geriichter an de Provënzen ofgeschaf; d'Verdächteg mussen alleguerte virum revolutionäre Geriicht zu Paräis passéieren. Ausname sinn den Nord an der Vaucluse wou d'revolutionär Kommissioune vun Orange a Cambrai bäibehal goufen.

D'Gesetz vum 22. Prairial Joer II (10. Juni 1794) huet d'Prozedure vereinfacht, an d'Affekoten ofgeschaf, an domat koum et zu der sougenannter Grande Terreur. D'Uerteel gëtt no der moralescher Iwwerzeegung vun de Riichter geschwat, a besteet nëmmen nach aus Fräisproch oder Doudesstrof.

Le tribunal révolutionnaire est institué pour punir les ennemis du peuple. Les ennemis du peuple sont ceux qui cherchent à anéantir la liberté publique. […] Sont réputés ennemis du peuple, ceux qui auront provoqué le rétablissement de la royauté, ou cherché à avilir ou à dissoudre la Convention nationale et le gouvernement révolutionnaire et républicain. […] Ceux qui auront cherché à empêcher les approvisionnements de Paris, ou à causer la disette dans la République. […] La peine portée contre tous les délits, dont la connaissance appartient au gouvernement révolutionnaire, est la mort. […] L'accusé sera interrogé à l'audience et en public : la formalité de l'interrogatoire secret qui précède est supprimée comme superflue […] S'il existe des preuves […], il ne sera point entendu de témoins. […]

Dës Decisiounen hunn d'Prozedur vun de Veruerteelunge vereinfacht a méi séier gemaach. Et koum beim revolutionäre Geriicht zu enger Erhéijung vun de Veruerteelungen am Juni a Juli 1794. Eleng am Juni goufe zu Paräis 2 000 Leit duerch Guillotine higeriicht, déi 6 Stonnen den Dag funktionéiert huet. Den 29. Prairial Joer II goufe 54 Persounen am Prozess vun de rouden Hiemer zum Doud veruerteelt. Um Ufank vum Thermidor souzen 8000 Verdächteger an de Paräisser Prisongen. Déi hannoveranesch a britesch Prisonéier goufe massakréiert an d'Guerilla géint d'Chouans ass weidergaangen.

Et koum awer zu Meenungsverschiddenheete beim revolutionäre Gouvernement. De Comité de sûreté générale ass net frou iwwer d'Kreatioun vum "Bureau de police générale" duerch de Comité de salut public, well dësen deelweis Funktioune vum Comité iwwerholl huet. Wéi de Robespierre den Dossier vun der Affär Catherine Théot nees opgegraff huet, wou sech de Vadier iwwer de Kult vum Supreme Wiese lëschteg gemaach hat, hunn de Billaud-Varenne an de Collot d'Herbois hie beschëllegt, sech als Tyrann an Diktator opzespillen. De Carnot huet d'Entwécklung vun der Terreur no der Victoire vu Fleurus mësstauesch verfollegt. Am Juli huet sech och nach d'wirtschaftlech Situatioun verschlechtert an den 9. Thermidor hunn Aarbechter zu Paräis géint d'Gesetz vum generelle Maximum manifestéiert.

Innerhalb vun der Convention koum et zu enger Oppositioun tëscht de korrupte Vertrieder a Missioun, déi verdächtegt goufen, ze moderat ze sinn, an och am Fréijoer 1794 op Paräis zréckgepaff goufen, an den ale Frënn vum Danton, déi e Komplott géint de Robespierre geplangt hunn. No Fleurus hunn de Saint-Just an de Barère versicht, déi zwee Comitéën nees zesummenzebréngen. Si hunn eng Reconciliatioun de 4. a 5. Thermidor organiséiert. De Saint-Just krut den Optrag e Rapport iwwer déi nei Unitéit vum Gouvernement ze schreiwen, an eng zweet populär Komissioun ze grënnen.

L'exécution de Robespierre

Mä d'Attacke géint de Robespierre si weidergaangen. Hien huet sech un d'Convention gewand mam Discour vum 8. Thermidor, deen, obschonn en an enger éischter Zäit begréisst gouf, d'Assemblée net iwwerzeege konnt. De Robespierre huet verlaangt, d'Verräter ze bestrofen an an de Comitéën opzeraumen, fir datt et zu enger reeller Unioun géif kommen. Owes huet de Robespierre säin Discour nach eng Kéier viru jakobineschen Publikum virgelies, a gouf dofir vill gelueft.

Nodeem de Collot d'Herbois an de Billaud-Varenne nees an d'Lokaler vum Comité de salut public komm sinn, hu si de Saint-Just gesinn, deen am Gaang war, säi Rapport ze schreiwen. Si waren iwwerzeegt, datt hien hir Uklo géif schreiwen, an hunn hie beschëllegt. Schockéiert ass de Saint-Just senger Wee gaangen ; eréischt en Dag drop war hien nees bei der Convention ze gesinn, wou hien, entgéint sengem Verspriechen, säi Rapport virgedroen huet, ouni senge Kollege vum Comité am Virfeld en Abléck ze ginn. D'Membere vum Comité hunn dëst mëssverständlecherweis fir eng Attack vun de « Robespierriste » gehalen, an hu bei engem Komplott mat den Dantoniste matgemaach, déi en Enn vun der Terreur an de Kapp vum Robespierre gefuerdert hunn. Den 9. Thermidor koum et zu der Chute vum Robespierre a senger Hiriichtung no engem Opstand vun der Commune vu Paräis. Den 1. August gouf d'Grande Terreur opgeléist.

Bilan vun der Terreur[änneren | Quelltext änneren]

D'Dechristianiséierung[änneren | Quelltext änneren]

Pierre-Antoine Demachy, Fête de l'Être suprême um Champ de Mars (20. Prairial Joer II - 8. Juni 1794), 1794, Musée Carnavalet, Paräis

D'Dechristianiséierung, déi scho mam Kult vun der Vernonft ugefaangen huet, ass méi intensiv ginn.

Am Rapport vum 18. Floréal, huet de Robespierre am Numm vum Comité de salut public e Kalenner mat republikanesche Fester presentéiert, deen déi kathoulesch Fester ersetze sollt. D'Convention huet de Glawe vum franséische Vollek an d'Onstierflechkeet vun der Séil an an en "Supremt Wiesen" (être suprême) affirméiert. Dat éischt "Fest vum supreme Wiesen" (fête de l'Être suprême) den 20. Prairial Joer II gouf vum Moler David orchestréiert.

De Revolutionär hunn d'Symboler vun der absoluter Monarchie ugegegraff: d'kinneklech Nekropol Saint-Denis gouf geplëmmt an d'Griewer auserneegeholl. D'Helleg Ampoule, déi fir de kinnekleche Sacre benotzt gouf, gouf zerstéiert. Vill Kierche goufen zerstéiert.

De kathoulesche Kult gouf verbueden. D'Kierche goufen de 25. November 1793 zougemaach a sinn eréischt den 31. Mee 1795 nees opgaangen. Si goufen an Tempele vun der Vernonft transforméiert, oder einfach als Lager benotzt.

De Gregorianesche Kalenner gouf eréischt 1806 nees etabléiert.

De mënschleche Bilan[änneren | Quelltext änneren]

D'Marie-Antoinette virun der Guillotine

Während där Zäit goufen tëscht 16.000 a 17.000 Leit guillotinéiert12, 25.000 goufen higeriicht an eng ronn 500.000 an de Prisong gehäit13. Eng ronn 2.500 Persoune goufen eleng zu Paräis guillotinéiert. D'revolutionärt Geriicht vu Paräis huet nëmme 16 % vun den Doudesurteeler ausgeschwat, obschonn d'Gesetz vum 16. Abrëll besot hat, datt all Verdächteger hei misste virgefouert ginn. Geographesch gesi war et de Westen, duerch de Krich vun der Vendée an d'Dall vum Rhône duerch federalistesch Opstänn, déi am meeschte betraff waren, an natierlech d'Provënzen op der Grenz, duerch d'militäresch Operatiounen. 4 vu 5 Veruerteelunge goufe wéinst Rebellioun oder Verrot ausgeschwat, nëmmen 1 % fir wirtschaftlech Motiver (gefälschten Assignatsen zum Beispill) an 9 % wéinst Meenungsdelikter.

De Krich vun der Vendée huet laut de Schätzunge vum Historiker Jean-Clément Martin opmannst 200.000 Persounen d'Liewe kascht. De Gracchus Babeuf huet dëse Massaker mam Term « populicide » beschriwwen.

Zu Nantes huet de Jean-Baptiste Carrier vu 1793-1794 als Representant vun der Convention eng grouss Zuel vun Hiriichtunge beschloss, verschiddener dovun duerch Erdrénken an der Loire. Hien huet déi Hiriichtungen « déportation verticale » gedeeft, si si berühmt bliwwen ënner dem Numm « mariages républicains ». Männer a Frae goufen ëmmer zu 2 an 2 an de Floss gehäit, an hu sech sou géigesäiteg erdronk.

Lyon hat 1793 d'Partei vun de Girondins ergraff, an et koum zu engem Opstand géint d'Convention. D'Stad gouf 2 Méint laang belagert an huet sech den 9. Oktober 1793 erginn. D'Repressioun vun der Convention war béis. Ëm déi 2 000 Lyonnais goufen erschoss oder guillotinéiert, a räich Hôteler ronderëm d'Place Bellecour goufen zerstéiert. De Joseph Fouché krut de Spëtznumm « mitrailleur de Lyon ». Lyon gouf a Ville-affranchie ëmbenannt. Den 12. Oktober 1793 koum en Dekret eraus, dee besot huet:

Lyon fit la guerre à la liberté, Lyon n'est plus.

Ronn eng hallef Millioun Leit goufe während der terreur agepsaart an 300.000 ëmgesidelt. Historiker hu versicht, de soziale Profil vun den Affer nozestellen: hir Studien hunn erginn, datt 31 % vun de Leit, déi zum Doud veruerteelt goufen, aus dem Handwierkermilieu komm sinn,28 % ware Baueren14. 80 % vun den Affer hunn zum Drëtte Stand gehéiert15.

Zu de berühmten Affer zielen d'Marie-Antoinette (16. Oktober 1793), den Antoine Barnave (28. November 1793), den Danton (5. Abrëll 1794), de Camille Desmoulins (5. Abrëll 1794), de Fabre d'Églantine (5. Abrëll 1794), an den Antoine Lavoisier (8. Mee 1794).

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Historiographie vun der Terreur Nuvola apps xmag.png

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Daniel Arasse, La Guillotine et l'Imaginaire de la Terreur, Flammarion, Paräis, 1987.
  • Roger Dupuy, Nouvelle histoire de la France contemporaine : Tome 2, La République jacobine : Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire 1792-1794, Seuil, Paräis, 2005.(ISBN 2-02-039818-4)
  • François Furet, Mona Ozouf, Dictionnaire critique de la Révolution française, Flammarion, Paräis, 1988. (ISBN 2-08-211537-2)
  • Patrice Gueniffey, La politique de la Terreur. Essai sur la violence révolutionnaire (1789-1794) , Fayard, Paräis, 2000.
  • C. Kintzler, La République et la terreur, Kimé, Paräis, 1998 (ISBN 2-84174-023-4)
  • François Lebrun, « La logique de la Terreur », in L'Histoire n°113.
  • François Lebrun, La Terreur à l'ordre du jour, in Les collections de l'Histoire, n°25.
  • Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, Seuil, Paräis, 2006.
  • Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux », in L'Histoire n°311.
  • Jean-Maurice de Montrémy, « 1789 et 1793 : la Terreur en question », in L'Histoire, n°90.
  • Jacques Le Goff a René Rémond (Ersg.), Histoire de la France religieuse: Tome 3, Seuil, Paräis.
  • Germain Sicard, Justice et politique : la Terreur dans la Révolution française, Presses de l'Université des Sciences Sociales de Toulouse, Toulouse, 1997. (ISBN 2-909628-33-7)
  • Albert Soboul, Dictionnaire historique de la Révolution française, PUF, Paräis, 2005. (ISBN 2-13-053605-0)
  • Jean Tulard, J.-F. Fayard, A. Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, 1789-1799, Robert Laffont, Paräis, 1987. (ISBN 2-221-04588-2)
  • Michel Vovelle, 1793, La Révolution contre l'Eglise, de la Raison à l'Être Suprême, Complexe, 1988.
  • Sophie Wahnich, La Liberté ou la mort. Essai sur la terreur et le terrorisme., La Fabrique Éditions, Paräis, 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: J. Tulard, J.-F. Fayard, A. Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, 1789-1799, 1987, S. 1113.
2: A. Soboul, La Révolution française, 1981, S. 253.
3: Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux », L'Histoire, n°311.
4: J. Tulard, J.-F. Fayard, A. Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, 1789-1799, 1987 ; R. Dupuy, Nouvelle histoire de la France contemporaine. La République jacobine, 2005.
5: R. Dupuy, Nouvelle histoire de la France contemporaine. La République jacobine, 2005.
6: F. Furet, D. Richet, La révolution française, 1999, S.195.
7: R. Dupuy, Nouvelle histoire de la France contemporaine. La République jacobine, 2005, S.175.
8: Bilan aus R. Dupuy, Nouvelle histoire de la France contemporaine. La République jacobine, 2005, S.267.
9: Expressioun déi beim J. Tulard, J.-F. Fayard, A. Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, 1789-1799, 1987, S.1113 opgegraff gëtt; no de Wierker vum Reynald Secher hu verschidden Historiker den Term « génocide » benotzt. Sou ass zum Beispill de Stéphane Courtois ze zitéieren (Le génocide franco-français : la Vendée vengée, PUF, Paräis, 1986) oder den Direkter vu senger Thes Pierre Chaunu, dee geschriwwen huet « je reprends donc l'expression de génocide franco-français pour la Vendée. » (La Vendée après la Terreur, la reconstruction, Librairie Académique Perrin, Paräis, 1997).
10: Jean-Clément Martin, « Un génocide? », in L'Histoire, n°311, « La guerre civile. 2000 ans de combats fratricides »
11: R. Dupuy, Nouvelle histoire de la France contemporaine. La République jacobine, 2005, S.170.
12: Donald Greer, The Incidence of the Terror during the French Revolution : A Statistical Interpretation, Cambridge (USA), Harvard University Press, 1935.
13: F. Furet, M. Ozouf, Dictionnaire critique de la Révolution française, S.162
14: J. Tulard, J.-F. Fayard, A. Fierro, Histoire et dictionnaire de la Révolution française, 1789-1799, 1987, S.1114
15: A. Soboul, Dictionnaire historique …, 2005, S.1023

Commons: French Revolution – Biller, Videoen oder Audiodateien