Marie-Antoinette vun Éisträich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Marie-Antoinette vun Éisträich.

D'Maria Antonia Josepha Johanna vun Habsburg-Loutrengen, besser bekannt als Marie-Antoinette , gebuer zu Wien den 2. November 1755 a gestuerwen zu Paräis de 16. Oktober 1793), war Äerzherzogin vun Éisträich, keeserlech Prinzessin, kinneklech Prinzessin vun Ungarn a Béimen, Dauphine vu Frankräich, a Kinnigin vu Frankräich an Navarra als Fra vum Louis XVI..

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Op den Numm Maria Antonia Josepha Johanna, Äerzherzogin vun Éisträich gedeeft, koum d'Marie-Antoinette den 2. November 1755 als lescht Duechter a fofzéngt Kand vun der Maria Theresia an dem Keeser Franz I. (1708-1765) vun Habsburg-Loutrengen zu Wien op d'Welt. D'Maria Theresia hat bis zu der Gebuert vum virleschte Kand nach ni Problemer gehat, mä wéi d'Marie-Antoinette op d'Welt komm ass, ass et zu Komplikatioune komm, an et gouf ëm d'Liewe vun der Maria Theresia gefaart. Déi schwéier Gebuert an d'Äerdbiewe vu Lissabon, wat den 1. November 1755 vill Affer gefuerdert hat, goufen als schlecht Virzeeche fir d'weidert Liewe vun der Äerzherzogin gedeit.

D'Marie-Antoinette vun Éisträich als Puppelchen 1756.

Bei der Daf gouf si no der Jongfra Maria, dem Hellegen Antonius vu Padua, hirem eelere Brudder Joseph an dem hellege Jean (Johannes) benannt. D'Maria Antonia - déi franséisch Versioun vun hirem Numm krut si eréischt bei hirer Hochzäit de 16. Mee 1770 - huet sech zu engem flotte klenge Meedchen entwéckelt, wat mat sengem Charme jiddweree beandrockt huet. Schonn zimlech fréi hat dat klengt Maria Antonia Tendenz zu Onrouen, an huet dacks den Unterrecht geschwänzt. Déi jonk Äerzherzogin huet och während hirer weiderer Erzéiung keng Tendenz gewisen, sech ze konzentréieren, oder eescht un d'Aufgaben erunzegoen. D'Maria Antonia huet hir Kandheet am Krees vun enger grousser Famill verbruecht, déi zwar sittestreng war, mä zugläich och ganz léif. D'Maria Antonia huet schonn am Alter vun 3 Joer, genee wéi déi aner weiblech Membere vun der Famill, e Korset undoen, duerch dee si Otemproblemer krut.

D'Marie-Antoinette vun Éisträich als Kand 1762.

Genee wéi hir Gesëschter huet och d'Maria Antonia sech missen un de strenge Stonneplang halen, deen hir Mamm Maria Theresia ausgeschafft hat. Heirop stoungen Danzstonnen, Theateropféierungen, Geschicht, Molerei, Rechtschreiwung, Staatskunde, e wéineg Mathematik a Friemsproochen. Ausserdeem huet d'Maria Antonia Handaarbechten a Konversatiounsléier geléiert.

D'Maria Theresia, déi sech an éischter Linn als Herrscherin iwwer de Villvëlkerstaat Éisträich gesinn huet, an hire Minister Kaunitz haten nämlech dat éiergäizegt Zil, déi politesch Bezéiunge vun Éisträich zu den auslännesche Staaten an d'Plaz vun Éisträich an Europa ze verbesseren, an hu versicht, d'keeserlech Kanner sou gutt wéi méiglech ze bestueden. D'Maria Theresia wousst, datt verwandtschaftlech Bezéiungen dacks eng Stäerkung vum aussepoliteschen Afloss matbruecht hunn, an huet dowéinst scho fréi Pläng fir hir Kanner gemaach. Well si Angscht virum Friedrich II. vu Preisen a viru Russland hat, huet si sech bei dësen Hochzäitspläng virum allem op d'Erweiderung vun de familiäre Bezéiunge mat de Bourbonen, déi a Frankräich, Spuenien, Neapel-Sizilien a Parma um Troun souzen, konzentréiert.

Am Kader vun der traditioneller éisträichescher Bestietnespolitik gouf scho fréi un eng Hochzéit tëscht der Maria Antonia an dem Dauphin Louis-Auguste vu Frankräich geduecht. Dëst sollt och de Fridden tëscht Frankräich an Éisträich ënnersträichen. No laange Verhandlungen huet 1769 de Kinnek Louis XV. ëm d'Hand vun der Äerzherzogin Maria Antonia fir säin Enkel ugehalen.

D'Maria Theresia vun Éisträich an de François vu Loutrengen am Krees vun hire Kanner.

D'Hochzäit war den 19. Abrëll 1770 per procurationem an der Augustinerkierch zu Wien. An de folgenden Deeg gouf d'Rees vun der Maria Antonia virbereet, an d'Maria Theresia huet versicht, hir Duechter ze berouegen :

Seien Sie gut zu dem französischen Volk, damit man sagen kann, ich hätte ihm einen Engel geschickt.

Den 21. Abrëll 1770 huet d'Meedchen am Alter vu 14 Joer senger Mamm a senge Gesëschter zu Wien Äddi gesot, an ass Richtung Frankräich gefuer. De 7. Mee koum et zu der "Iwwergab" op "neutralem Gebitt". Dat neutraalt Stéck Land war eng Insel um Rhäin viru Stroossbuerg. Am Kader vun dëser "Iwwergab" huet sech dat jonkt Meedche misse vun allen éisträichesche Frënn a Bekannten trennen, a sech plakeg ausdoen. D'Maria Antonia krut du franséisch Kleeder, a gouf duerch dësen Akt zu enger Franséisin. An dësem Moment gouf aus der klenger éisträichescher Äerzherzogin Maria Antonia déi franséisch Dauphine Marie-Antoinette. Zu Stroossbuerg war d'Marie-Antoinette op Besuch beim Kardinol Louis de Rohan, deen nach spéider eng wichteg Roll an der Affär vun der Halskette spille sollt. Eréischt de 16. Mee koum et zu der eigentlecher Hochzäit tëscht der Marie-Antoinette an dem Dauphin zu Versailles, an déi jonk Dauphine gouf offiziell um franséischen Haff agefouert.

Um franséischen Haff[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem si um franséischen Haff ukomm war, ass déi jonk Marie-Antoinette séier a Schwieregkeete geroden. Hire Charakter huet sech kaum entwéckelt, a si ass phlegmatesch an uewerflächlech eriwwerkomm. Guer net gebrauche konnt si d'Maîtresse vum Louis XV., d'Madame du Barry. Obschonn dës vill Relatiounen um Haff hat, huet sech d'Marie-Antoinette geweigert, mat hir ze schwätzen, an och der Mme du Barry war et net erlaabt, mat der zukënfteger Kinnigin ze schwätzen. Eréischt nodeem si de schrëftleche Rot vun hirer Mamm befollegt huet, sech um Haff unzepassen, huet si no zwee Joer de berühmte Saz zu der Mme du Barry gesot: "Et sinn haut vill Leit zu Versailles". Dëst waren déi éischt an déi lescht Wierder, déi d'Dauphine jeemools mat der Gräfin geschwat huet.

Zwee Joer, nodeem si zu Versailles ukomm war, huet d'Marie-Antoinette schonn als Kinnigin vum Rokoko gezielt. Si huet all Mount ëm déi 15.000 Livres ausginn. E groussen Deel vun de Fransousen huet zu dëser Zäit Honger gelidden, wat natierlech net zu der Beléiftheet vun der Marie-Antoinette bäigedroen huet. Déi jonk Prinzessin hat d'Gefill, nëmme Feinde ronderëm sech ze hunn, an huet sech bal ausschliisslech op den éisträicheschen Ambassadeur, de Grof vu Mercy-Argenteau (1727-1794), gestäipt. Dee war vun der Maria Theresia engersäits als Mentor matgeschéckt ginn, an anerersäits sollt hien och d'Äerzherzogin um Lafenden halen. Sou ass déi berühmte Korrespondenz vum Mercy-Argenteau entstanen, eng wäertvoll Chronik vum Liewe vun der Marie-Antoinette vun hirem Bestietnes 1770 bis zum Doud vun der Maria Theresia 1780.

Kinnigin vu Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

D'Throunbesteigung vun der jonker Monarchekoppel nom Doud vum Louis XV. den 10. Mee 1774 gouf enthousiastesch begréisst. Hir éischt Schrëtt hunn d'Marie-Antoinette awer séier a Konflikt mat der anti-éisträichescher Partei bruecht. Sou huet si mat alle Mëttele versicht, den Herzog vun Aiguillon erauszegehéien, an de fréieren Ausseminister Choiseul nees ze beruffen, deen no enger Intrig vun der Mme du Barry hat misse seng Saache paken.

D'Marie-Antoinette zu Versailles 1783.

Sou hat si d'Géigner vum Choiseul souwéi och d'Géigner vun enger éisträichescher Allianz géint sech stoen. D'Tattaë vum Kinnek hu si "l'Autrichienne" genannt (lëtz.: d'Éisträicherin, mä och e fr. Wuertspill den aneren Hond). Zur selwechter Zäit huet si mat hirem labberen Ëmgang um Haff déi streng Etikett schockéiert, an hiren Hang zu liichtem Amüsement huet si an d'Gesellschaft vum Brudder vum Kinnek, dem spéidere Charles X., bruecht. Hire Liewensstil an d'enorm Depense fir hiert Schlass Le Petit Trianon hunn hir e schlechte Ruff bruecht, dee virun allem vun den Duechtere vum verstuerwene Kinnek, dem Grof vun der Provence, dem Herzog vun Orléans a sengem Unhänger am Palais-Royal géint d'Marie-Antoinette benotzt ginn ass. Well si den Zougang zum Petit Trianon nëmmen hire Frënn erlaabt huet, gouf si vun den ausgespaarte Membere vum Haff beleidegt. Am Hierscht 1774 gouf si souguer Affer vu sexistesche Pamphleten, ënner aneren goufen hir homosexuell Tendenze virgehäit. Och hir frëndschaftlech-geschäftlech Bezéiung zu der Modistin Rose Bertin gouf hir iwwel geholl.

An dëser kritescher Zäit ass hire Brudder, de Keeser Joseph II. (1741-1790), a Frankräich gereest. Hien huet der Kinnigin e Memorandum hannerlooss, wou hie seng Schwëster op d'Gefore vun hirem Behuelen opmierksam gemaach huet. Eng Zäit laang hunn d'Wierder vum Keeser och eng Wierkung gehat, an no der Gebuert vun hirer Duechter Marie Thérèse am Dezember 1778 huet sech d'Marie-Antoinette zréckgezunn.

Mam Doud vun hirer Mamm Maria Theresia den 29. November 1780 huet d'Marie-Antoinette eng gescheit a léif Beroderin verluer. D'Plaz vun der Marie-Antoinette gouf duerch d'Gebuert vum Dauphin Louis-Joseph-Xavier-François den 22. Oktober 1781 gestäerkt. Och hat si nom Doud vum Premier Minister, dem Maurepas, d'Méiglechkeet, en Afloss an den ëffentlechen Affären ze hunn, wa si politesch méi ambitionéiert gewiescht wier.

Den Afloss vun der Famill Polignac ass op sengem Héichpunkt ukomm. D'Mme de Polignac, eng Frëndin vun der Kinnigin, konnt d'Ernennung vum Calonnes zum Generalkontroller vun de Finanzen erreechen, a gouf Gouvernante vun de Kanner. Si huet d'Bestellung vum Loménie de Brienne zum Generalkontroller ënnerstëtzt; eng Ernennung, déi zwar zu dëser Zäit allgemeng guttgeheescht ginn ass, mä déi awer zu de Feeler vun der Kinnigin gezielt ginn ass, wéi de Loménie de Brienne keen Erfolleg hat.

Fir hire Ruff ze schiedegen, gouf d'Geschicht an Ëmlaf bruecht, si hätt op eng Bemierkung, d'Leit kéinte sech kee Brout kafen, geäntwert: S'ils n'ont pas de pain, qu'ils mangent de la brioche.

D'Marie-Antoinette an hir Kanner (1787).

Wéi onpopulär d'Marie-Antoinette an der Tëschenzäit war, huet sech och an der Affär vun der Halskette gewisen. Un dësem Bedrug war d'Marie-Antoinette zwar iwwerhaapt net bedeelegt, mä duerch hire Liewenswandel konnt d'Vollek net un hir Onschold gleewen. An hirem Hameau beim Petit Trianon, wou si d'Liewe vun enger einfacher Bauerefra nogespillt huet, huet si den Héichadel genee sou wéi d'Landbevëlkerung bruskéiert. D'Marie-Antoinette war awer och dacks en Affer vun den Ëmstänn, déi hir keng richteg Wiel gelooss hunn. Wéi si domat konfrontéiert gouf, si géif ze vill Suen ausginn, huet si sech an engem einfache Kleed aus Lénge portraitéiere gelooss. Doropshi sinn d'Seidewiewer op d'Stroosse gaangen, an hu sech beklot datt eng Kinnigin, déi sou e schlecht Virbild fir d'Moud wier, och Schold wier, wann de Stand vun de Seidewiever erhéngere géif.

Si krut nach zwee weider Kanner: de 27. Mäerz 1785 koum de Louis-Charles op d'Welt, de spéideren Dauphin dee vun de Royalisten och Louis XVII. genannt gouf, an den 9. Juli 1786 d'Sophie-Béatrice.

Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Joer 1789 war e Wendepunkt am Liewe vun der Marie-Antoinette. De 4. Juni ass hiren eelste Jong gestuerwen, an déi schlecht Finanzsituatioun vu Frankräich war d'Thema vun de Generalstänn. Mat der Erklärung vum Drëtte Stand zur Nationalversammlung huet d'Revolutioun hire Laf geholl.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Revolutioun Nuvola apps xmag.png

Am Kader vun den Evenementer vum 5. a 6. Oktober hunn d'Revolutionär déi kinneklech Famill op Paräis bruecht, wou si sech am Palais des Tuileries etabléiert huet. Well sech d'Marie-Antoinette zu Paräis ëmmer méi hëlleflos an isoléiert gefillt huet, huet si sech op d'Frënn baussent Frankräich gestäipt - Mercy, Grof vu Fersen a Breteuil. Den 20. Juni 1791 huet d'kinneklech Famill versicht, an d'Ausland ze flüchten. Dëst war awer keen Erfolleg, an d'Famill gouf nees op Paräis zréckbruecht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flucht op Varennes Nuvola apps xmag.png

Den 10. August 1792 huet den Herzog vu Braunschweig säi berüchtegt Manifest erausginn, andeems hien d'franséisch Bevëlkerung drop opmierksam gemaach huet, datt hien net géi zécken anzegräifen, wann der kinneklecher Famill eppes geschéie géif. D'Vollek huet doropshin d'Tuilerie gestiermt an d'kinneklech Famill an den Temple bruecht. Hei gouf d'Famill streng iwwerwaacht, mä hat nach ëmmer d'Méiglechkeet, mat der Aussewelt ze kommunikéieren.

Iwwerféierung vun der kinneklecher Famill an den Temple.

D'Kinnigin huet d'Verhandlunge gefouert, well de Louis XVI. net wierklech Ustalte gemaach huet, un den Evenementer deelzehuelen. Duerch hir Onkenntnis souwéi hir Onsécherheet iwwer d'Informatiounen aus dem Ausland war et fir d'Marie-Antoinette net einfach, eng kloer Politik ze verfollegen. Hir Haltung nodeem si aus Varennes zréckkomm war, hat den Antoine Barnave beandrockt, deen elo sengersäits am Numm vun de Feuillants Kontakt mat hir opgeholl huet. Bal e Joer huet d'Marie-Antoinette mam Mercy a mam Keeser Leopold II. verhandelt. A geheime Botschaften huet si versicht, déi europäesch Herrscher zu enger Interventioun ze beweegen. Dobäi goung et och dodrëms, den Emigranten eppes entgéint ze setzen. Hiren Opstand am Exil hätt kënnen d'Pläng vun der Kinnigin zerstéieren an d'Liewe vun der Famill a Gefor bréngen. Well d'Marie-Antoinette gemierkt huet, datt dem Barnave seng Partei net méi vill géint d'Extremisten ze mellen hat, huet si ëmmer méi staark appeléiert, mä d'Verhandlungen hu sech an d'Längt gezunn. Den 1. Mäerz 1792 ass de Leopold II. gestuerwen, säin Nofolger war de Franz II. (1768-1835). D'Marie-Antoinette huet net zu Onrecht gefaart, datt den neie Keeser si fir d'Interesse vun Éisträich affere géif.

Während all dësen Evenementer huet d'Marie-Antoinette hire Mutt behalen. No der Hiriichtung vum Louis XVI. goufe Versich ouni Erfolleg ënnerholl, fir si an hir Kanner ze retten. Souguer mam Danton goufe Verhandlungen iwwer hir Fräiloossung oder hiren Austausch gefouert. Den 1. August 1793 gouf d'Marie-Antoinette an de Prisong vun der Conciergerie bruecht.

Prozess an Hinriichtung[änneren | Quelltext änneren]

Hiriichtung vun der Marie-Antoinette de 16. Oktober 1793.

De 14. Oktober 1793 huet de Prozess géint d'Veuve Capet ugefaangen, hir Verdeedegung hunn de Chaveau-Lagarde an de Guillaume Tronson du Coudray iwwerholl. Si gouf wéinst Héichverrod an Unzucht ugeklot. Hir nobel Haltung während dem Prozess huet hir Feinde beandrockt, mä konnt si net virun der Guillotine retten. Si gouf eestëmmeg fir schëlleg erkläert, an hir Hiriichtung gouf fir de 16. Oktober 1703 ugesat. Um 12 Auer gouf si op der Place de la Révolution, haut Place de la Concorde, guillotinéiert.

D'Marie-Antoinette gouf an e Massegraf gehäit an eréischt 20 Joer méi spéit gouf hir Läich exhuméiert a si gouf an der Basilika Saint-Denis nieft hirem Mann bäigesat.

E leschte Bréif[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Oktober 1793 um 4 Auer an der Nuecht huet d'Marie-Antoinette hir lescht Gedanken opgeschriwwen. De Bréif un hir Schwéiech Mme Élisabeth ass allerdéngs eréischt ënner der Herrschaft vum Louis XVIII. opgedaucht.

Eng Säit vum leschte Bréif vun der Marie-Antoinette.
"Il me reste à vous confier encore mes dernières pensées. J’aurois voulu les écrire dès le commencement du procès, mais outre que l'on ne me laissoit pas écrire, la marche en a été si rapide que j’en aurais réellement pas eu le temps.

Je meurs dans la religions catholique, apostolique et romaine, dans celle de mes pères, dans celle où j’ai été élevée et que j’ai toujours professée ; n’ayant aucune consolation spirituelle à attendre ne sachant pas s’il existe encore ici des prêtres de cette religion, et même le lieu où je suis les exposeroit trop s’ils y entroient une fois.

Je demande sincèrement pardon à Dieu de toutes les fautes que j’ai pu commettre depuis que j’existe.

J’espère que, dans sa bonté, il voudra bien recevoir mes derniers vœux, ainsi que ceux que je fais depuis long-temps pour qu’il veuille bien recevoir mon âme, dans sa miséricorde et sa bonté.

Je demande pardon à tous ceux que je connois, et à vous ma sœur en particulier, de toutes les peines que sans le vouloir j’aurois pu vous causer ; je pardonne à tous mes ennemis le mal qu’ils m’ont fait.

Je dis adieu à mes tantes et à tous mes frères et sœurs. J’avois des amis, l'idée d'en être séparée pour jamais, et leurs peines, sont un des plus grands regrets que j’emporte en mourant. Qu’ils sachent du moins que jusqu’à mon dernier moment j’ai pensé à eux.

Adieu ! Ma bonne et tendre sœur ! Puisse cette lettre vous arriver !

Pensez toujours à moi. Je vous embrasse de tout mon cœur, ainsi que mes pauvres et chers enfans. Mon Dieu ! Qu’il est déchirant de les quitter pour toujours !

Adieu ! Adieu ! Je ne vais plus m’occuper que de mes devoirs spirituels. Comme je ne suis pas libre dans mes actions, on m’amènera peut-être un prêtre, mais je proteste ici que je ne lui dirai pas un mot, et que je le traiterai comme un étranger."Archives nationales

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

Verfilmungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie-Antoinette vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.