Manifest vu Braunschweig

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Manifest vu Braunschweig vu 1792. Fir d'Dokument vun 1870, kuckt w.e.g. "Braunschweiger Manifest".
De Karl Wilhelm Ferdinand vu Braunschweig.

D'Manifest vu Braunschweig (fr.: « Manifeste de Brunswick ») war en Opruff, deen an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun angeblech vum Uféierer vun de preiseschen Truppen, dem Feldmarschall an Herzog vu Braunschweig Karl Wilhelm Ferdinand de 25. Juli 1792 un d'opstänneg Paräisser Bevëlkerung geriicht ginn ass. Tatsächlech soll den Text vun engem franséischen Emigrant mam Numm Limon stamen.

De Manifeste de Brunswick huet ugedrot, datt Paräis géif geplëmmt ginn, wann den Kinnek Louis XVI. a senger Famill eppes géif geschéien.

D'Manifest huet awer genee de Géigendeel erreecht. Den 10. August 1792 hunn d'„Sansculottes“ souwéi aner Opstänneger de Palais des Tuileries gestiermt, d'Schwäizergarde ëmbruecht, an d'kinneklech Famill an den Temple, eng fréier Festung vum Templeruerden, bruecht, wou si streng bewaacht ginn ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 10. August 1792 Nuvola apps xmag.png

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • H. A. Barton, "The Origins of the Brunswick Manifesto" in: French Historical Studies, Band 5, N. 2, 1967.
  • Jacques Godechot, La Contre-Révolution : doctrine et action, 1789-1804, PUF, Paräis, 1961.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Wikisource-logo.svg Wikisource : Manifeste de Brunswick.

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.