Palais-Royal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam Gebai Palais-Royal am 1. Arrondissement vu Paräis. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Palais Royal (Homonymie)
De Palais-Royal op enger Kaart vu Paräis aus dem Joer 1739.

De Palais-Royal ass e grousse Komplex vu Gebaier nërdlech vum Louvre am 1. Arrondissement vu Paräis. Déi berühmte Cour d'honneur déi vu Kolonnen ëmginn ass, a wou zanter 1986 Konschtwierker vum Daniel Buren ze gesi sinn, läit un der Place du Palais-Royal, déi duerch de Baroun Haussmann vergréissert gouf, nodeem d'Rue de Rivoli fir den Napoléon gebaut gi war.

Metro-M.svg Heihi kënnt een iwwer d'Metrosstatioun: Palais Royal - Musée du Louvre.

Obschonn den Numm eppes aneschtes vermudde léisst, war de Palais-Royal ni fir laang eng kinneklech Residenz. D'Bauarbechte goufe 1629 vum Architekt Jacques Lemercier am Optrag vum Richelieu ugefaangen, a war als Palais Cardinal bekannt. No sengem Doud huet hien de Palais un de Louis XIII. weiderginn. Nodeem de Kinnek gestuerwe war, huet d'Kinnigin-Mamm, d'Anne vun Éisträich, fir eng Zäitchen am Palais-Royal gewunnt, duerno och de Kardinol Mazarin an de jonke Louis XIV.. Spéider gouf de Palais-Royal zum Paräisser Sëtz vun den Herzoge vun Orléans, ugefaange mam Louis XIV. sengem Brudder Philippe, genannt Monsieur.

Während der Minoritéit vum Louis XV. huet de Régent Philippe vun Orléans Frankräich vum Palais-Royal aus regéiert. De Louis Philippe vun Orléans, deen als Philippe Égalité an d'Geschicht agaangen ass, ass an enger radikaler Phas vun der Revolutioun populär ginn, wéi hien de Gaart vum Palais-Royal fir d'Paräisser Bevëlkerung opgemaach huet, an huet den neoklassizisteschen Architekt Victor Louis beoptragt, d'Strukure ronderëm de Gaart z'iwwerschaffen. Laanscht d'Galeries hu sech gäre Prostituéiert ronderëm gedriwwen an um zweete Stack gouf et och e Casino. Um Enn vun all Gallerie gouf et e klengen Theater, dee gréissten heivu war zanter dem Napoléon d'Comédie-Française. Den éischten Theater hat awer schonn de Lemercier fir de Richelieu géint 1641 ageriicht. Ënner dem Louis XIV. goufen am Palais-Royal Stécker vum Molière vu 1660 bis 1673 gespillt, duerno Operen ënner der Direktioun vum Jean-Baptiste Lully.

Vun de 1780er bis 1837 war de Palais-Royal eng wichteg Plaz am Paräisser politeschen a soziale Liewen, hei gouf et déi berühmteste Caféën. Den historesche Restaurant Le Grand Vefour gëtt et haut nach. 1786 gouf eng Kanoun ageriicht, déi ëmmer zu Mëtteg geschoss huet, wann d'Sonn duerch eng Lëns de Fuedem duerchgebrannt huet. Dëst huet den Abbé Delille dozou bruecht, folgende Saz zu de Gäert vum Palais-Royal ze soen:

Den haitege franséische Staatsrot.
Dans ce jardin on ne rencontre
Ni champs, ni prés, ni bois, ni fleurs.
Et si l'on y dérègle ses moeurs,
Au moins on y règle sa montre.

Den 12. Juli 1789 huet de Camille Desmoulins an engem vun de Caféen d'Noriicht verbreet, datt den Necker vum Kinnek erausgehäit gi wier, an huet d'Bevëlkerung opgeruff, zu de Waffen ze gräifen. Zwee Deeg méi spéit gouf d'Bastille gestiermt.

No der Restauratioun vun de Bourbonen huet de jonken Alexandre Dumas eng Plaz beim groussen Herzog vun Orléans am Palais-Royal kritt, deen de Palais nees iwwerholl hat. An der Revolutioun vun 1848 huet d'Paräisser Bevëlkerung de Palais-Royal geplëmmt. Ënner dem Second Empire huet en Deel vum Napoléon III. senger Famill am Palais-Royal gewunnt, dorënner de Prënz Napoléon, säi Cousin.

Hautdesdaags fënnt een am Palais-Royal de Staatsrot, de Conseil constitutionnel, an de Kulturministère. Op der anerer Säit vum Gaart sinn déi al Gebaier vun der Bibliothèque Nationale.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre F. Fontaine, Histoire du Palais-Royal, Thomassin, Paräis, 1837.
  • René Héron de Villefosse, L'anti-Versailles ou le Palais-Royal du Philippe Egalité, Dullis, Paräis, 1974. (ISBN 2-7083-0010-5)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Palais-Royal – Biller, Videoen oder Audiodateien