Armand Jean du Plessis de Richelieu
Dësen Artikel befaasst sech mam Kardinol Richelieu. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt w.e.g. Richelieu.
Den Armand Jean du Plessis, Kardinol an Herzog vu Richelieu, gebuer de 5. (oder 9.) September 1585 zu Paräis an do gestuerwen de 4. Dezember 1642, war e franséische Prelat a Staatsmann.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Seng Wuerzelen
Dem Richelieu seng Famill huet dem Landadel vum Poitou ugehéiert. Zanter dem spéide 15. Jorhonnert hat si d'Landgutt Richelieu , am Südoste vu Chinon. De Papp vum Richelieu, de François du Plessis, war Kapitän vun de Garden, d'éischt beim Kinnek Henri III., dem leschten Herrscher aus dem Haus Valois, an dono beim Kinnek Henri IV., dem éischten Herrscher aus dem Haus Bourbon.
[änneren] Säi Liewen
1606 gouf de Richelieu zum Bëschof vu Luçon geweit. Hie war ee gudden Administrateur an huet eng remarquabel Aarbecht a senger Diözes geleescht, besonnesch am Beräich vun der Volleksmissioun an de ländleche Poren, an och wat d'Conversioun vun de Protestanten ubelaangt. 1614 gouf hie vum Klerus aus dem Poitou an d'Generolstänn delegéiert, déi zesummegeruff gi waren, fir déi schlëmm Situatioun, an där Frankräich no der Ermuerdung vum Henri IV. war, z'iwwerwannen. Och wann d'Generolstänn net vill erreeche konnten, war de Richelieu do esou positiv opgefall, datt d'Regentin Marie de Médicis, Witfra vum Henri IV., hie 1616 zum Staatssekretär genannt huet, mat de Ressortën Innenpolitik a Krich. Wéi de Kinnek Louis XIII. als groussjäreg unerkannt gouf, an no der Ermuerdung vum Concini, dee laang, als Favorit vun der Regentin, eng zweifelhaft Politik geféiert hat, huet de Richelieu der Kinneksmamm hir Ongnod an hiren Exil zu Blois, respektiv zu Avignon missen deelen. An deene Joren huet hie wéinstens zwou Schrëfte verfaasst a publizéiert. Doduerch awer, datt de Richelieu déi delikat Reconciliatiounsverhandlungen tëscht der Kinneksmamm an dem jonke Louis XIII. zu engem gudden Enn konnt brengen (1619-1620), huet seng politesch Carrière een neien Ulaf kritt. Hien huet mam Herzog vu Luynes, engem gudde Frënn vum Kinnek, eng Zort Allianz geschloss, gouf 1622 vum Poopst zum Kardinol gemaach an huet, mat der Ënnerstëtzung vun der Kinnigin Anne d'Autriche, dem Louis XIII. säi Mësstrauen no an no iwwerwonn. Am Abrëll 1624 ass de Richelieu Member vum Conseil royal (Ministeschrot) ginn, an am August vum selwechte Joer war hie schonn de Chef dovunner. Hien huet d'Funktioune vum wichtegsten oder éischte Minister bis zu sengem Doud behalen.
De Richelieu huet ëmmer nëmme versicht, d'Muecht vum franséischen Herrscher am Land selwer ze stäerken an d'Virherrschaft vu Frankräich an Europa z'etabléieren. Hien huet deemno engersäits dee wibbleche franséischen Adel missen domestizéieren, an och d'Muecht vun de Protestanten a Frankräich briechen (Édit de Grâce d'Alès, 1629), an anerersäits d'Ëmklamerung vu Frankräich duerch déi zwou Linne (Spuenien an Éisträich) vum Haus Habsburg sprengen. No an no ass d'franséisch Monarchie effektiv gestäerkt ginn, an d'Kinnekräich ass ëmmer méi zu engem zentraliséierte Staat gewuess, deen um beschte Wee war, fir eng Hegemonialmuecht an Europa ze ginn. Aussepolitesch huet de Realpolitiker Richelieu, deen am egene Land d'Protestante klenggehalen huet, d'protestantesch Fürsten am Räich géint de Keeser aus dem Haus Habsburg ënnerstëtzt. Säi Wierk ass vum Mazarin fortgeféiert ginn.
De Richelieu huet d'Compagnie des Cent-Associés gegrënnt, a mam Traité vu Saint-Germain-en-Laye koum de Québec zréck un d'Fransousen, nodeems den David Kirke déi franséisch Kolonie 1629 besat hat.
De Richelieu, deen och bekannt war fir seng Ënnerstëtzung vu Konscht a Literatur, huet 1635 d'Académie française gegrënnt.
De Richelieu, deen als Kardinol roud ugedoe war, a mat "Éminence" ugeried gouf, hat een diskrete Mataarbechter, de Kapuzinerpater Joseph du Tremblay, deen als "éminence grise", wéint senger groer Truecht, an d'Geschicht agaangen ass.
[änneren] Publikatiounen
- Défense des principaux points de la foi catholique ; eng Kampfschrëft géint d'Protestanten, 1617.
- Instruction du chrétien ; eng Zort Katchëssem, 1619; gouf deemols a verschidde Sproochen iwwersat.
[änneren] Literatur
- Roland Mousnier, L'Homme rouge ou la vie du cardinal de Richelieu (1585-1642) ; Paräis (Robert Laffont, Coll. Bouquins), 2009; 940 Säiten.
- Françoise Hildesheimer, Richelieu ; Paräis (Flammarion), 2004.
- François Bluche, Richelieu ; Paräis (Perrin), 2003; 480 Säiten.
- Françoise Hildesheimer, Richelieu - Une certaine idée de l'État ; Paräis (Publisud), 1990.
| Commons: Armand Jean du Plessis de Richelieu – Biller, Videoen oder Audiodateien |