Étienne-Charles de Loménie de Brienne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Etienne Charles de Loménie de Brienne

Den Étienne-Charles de Loménie de Brienne, gebuer den 9. Oktober 1727 zu Paräis an do gestuerwen de 16. Februar 1794, war e franséische Politiker a Geeschtlechen.

De Brienne koum aus enger Famill aus dem Limousin, déi sech bis an d'15. Joerhonnert zréckverfollege léisst. No brilliante Studien ass hien an d'Kierch agetrueden, well dëst e gudde Wee war, fir eng héich Positioun an der Gesellschaft ze kréien. 1751 krut hien den Doktertitel an der Theologie, obschonn et Zweiwel un der Orthodoxie vu senger Dissertatioun gouf. 1752 gouf hien zum Groussvikar vum Äerzbëschof vu Rouen ernannt.

No enger Rees op Roum gouf hien am Joer 1760 zum Bëschof vu Condom ernannt a 1763 an d'Äerzbistum vun Toulouse versat. Vu 1766 bis 1769 war hien Abt vum Mont Saint-Michel. Hien hat vill aflossräich Frënn, dorënner den Turgot, den André Morellet an de Voltaire, 1770 ass hien an d'Académie française agetrueden. Bei dräi Geleeënheete war hie President vum Büro vun der Jurisdiktioun bei der Generalversammlung vum Klerus; hien huet sech och fir aktuell politesch a sozial Froen interesséiert, an huet zu deen Themen och eng Rei Schrëften un den Turgot verfaasst.

1787 gouf hien zum President vun der Notabeleversammlung nominéiert. An dëser Funktioun huet hien d'Finanzpolitik vum Calonne ugegraff, deem säin Nofolger hien den 1. Mee 1787 als Leeder vum Finanzministerium gi war. Eemol un der Muecht war et him gelongen, datt d'Parlament Edikter enregistréiert huet, déi sech mam banneschte Fräihandel, der Ariichtung vu provinzielle Versammlungen an den Ofkaf vun der Corvée (Frondéngschtsteier) beschäftegt hunn. Wéi d'Parlament sech geweigert huet seng Edikter zu der Timberesteier an enger neier allgemenger Grondsteier z'enregistréieren, konnt hien de Kinnek zu engem Justizbett iwwerzeegen, fir d'Fuerderungen duerchzesetzen. Fir d'Oppositioun géint dës Moossnamen z'erstécken, huet hien de Kinnek iwwerriet, d'Parlament op Troyes an den Exil ze schécken (18. August 1787). Nodeem d'Parlament zougestëmmt hat, d'Steier vum Vingtième ëm zwee Joer ze verlängeren, huet hien op en Enregistrement vun der Timberen- an Territorialsteier verzicht, an d'Deputéierte koumen nees zréck op Paräis. Engem weidere Versuch, d'Parlament zu engem Enregistrement vun engem Edikt ze beweegen, mat deem e Prêt vun 120 Millioune Livres sollt opgeholl ginn, ass op eng vehement Oppositioun gestouss. De Sträit tëscht dem Parlament an dem Brienne ass zu Ongonschte vum Brienne ausgaangen; allerdéngs huet hie gefuerdert, datt d'Generalstänn missten aberuff ginn, fir der Staatskris Meeschter ze ginn.

De Brienne, deen an der Tëschenzäit Äerzbëschof vu Sens gi war, stoung elo virun enger genereller Oppositioun; hie war gezwongen d'Cour plenière nees opzeléisen, déi hien als Ersatz fir d'Parlament gegrënnt hat, an hiet d'Aberuffung vun de Generalstänn misse verspriechen. Mä och dës Zougeständnisser konnten hien net un der Muecht halen, an de 25. August 1788 huet hie missen zrécktrieden. De 15. Dezember gouf hien zum Kardinol ernannt an ass an Italie gaangen, wou hien zwee Joer verbruecht huet.

Nom Ausbroch vun der Revolutioun ass hien nees zréck a Frankräich gaangen an huet 1790 en Eed op d'Zivilverfaassung vum Klerus geleescht. De Poopst huet dës Aktioun net unerkannt a 1791 huet hien op Uweisung vum Pius VI. säi Kardinolshutt missen ofginn. Säi Verhalen an der Vergaangenheet an an der Géigewaart huet hien zu engem Zil vu Verdächtegungen duerch d'Revolutionnär gemaach. Hie gouf den 9. November 1793 zu Sens verhaft an ass de 16. Februar 1794 am Prisong gestuerwen - ob duerch e Schlag oder duerch Gëft ass net kloer.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Oraison funébre du Dauphin (Paräis, 1766)
  • Compte-rendu au roi (Paräis, 1788)
  • Le Conciliateur, zesumme mam Turgot (Roum a Paräis, 1754)