Arras
Arras ass eng franséisch Gemeng am Departement Pas-de-Calais an der Regioun Nord-Pas-de-Calais.
Arras (Postcode 62000) läit am Artois, um Zesummefloss vun der Scarpe an dem Crinchon, an huet eng Fläch vun 11,63 km², op där ronn 41.000 Awunner, d'Arrageois, liewen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Nemetocenna hunn d'Gallier d'Uertschaft genannt, Nemetacum d'Réimer. Méi spéit housch se Atrebatum. D'Atrebaten, waren e gallesche Stamm, deen hei seng Haaptstad hat, an dee mat zu deene leschten gehéiert huet, déi sech dem Julius Cäsar erginn haten. Den Numm Arras wier dovunner ofgeleet.
D'Grofschaft Artois, an domatter Arras, huet probéiert, sech tëschent de franséischen Noperen am Süden an den Habsburger am Norden ze behaapten, mee gouf schlussendlech 1654, ënnert dem Louis XIV. definitiv franséisch. De Vauban huet dann och direkt eng Zitadell bei d'Stad baue gelooss.
Am Éischte Weltkrich ass d'Front iwwert den Hiwwele ronderëm Arras verlaf, deementspriechend uerg gouf d'Stad an deene Joren zerstéiert; si krut den Titel Ville martyre. Well d'Pläng vun den Haiser zënter dem 17. Joerhonnert versuergt gi waren, konnt d'Alstad awer nees wéi virdrun opgebaut ginn.
D'Université d'Artois huet do hiren Haaptsëtz.
De Wopen [änneren]
Beschreiwung (fr): De gueules au lion d'or armé et lampassé d'azur, à l'écusson brochant en abime sur le tout aussi d'azur semé de fleurs de lys d'or brisé d'un lambel de gueules de trois pendants chargés chacun de trois petits châteaux aussi d'or rangés en pal.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Grande-Place;
- D'Petite Place (haut Place des Héros) mam Stadhaus a sengem Beffroi (de Beffroi steet op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft);
- D'Kathedral an d'Klouschter Saint-Vaast;
- D'aachteckeg Victor-Hugo-Plaz mat engem Obelisk;
- D'Zitadell vum Vauban
Bekannte Leit vun Arras [änneren]
- Maximilien de Robespierre, deen do de 6. Mee 1758 gebuer ass.
- Mathieu vun Arras, en Architekt vu gotesche Kathedralen
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Arras – Biller, Videoen oder Audiodateien |