Henri de La Rochejaquelein

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Henri de La Rochejaquelein.

Den Henri du Vergier, Grof vu La Rocheja(c)quelein, gebuer den 30. August 1772 zu Durbelière bei Châtillon-sur-Sèvre (Poitou), gestuerwen den 28. Januar 1794 zu Nuaillé, war e franséischen Adelegen a militäresche Chef an der Vendée während der Franséischer Revolutioun.

Den Henri war de Jong vum Marquis vu La Rochejaquelein, an ass am Schlass vu La Durbelière an der Gemeng Saint-Aubin-de-Baubigné bei Châtillon-sur-Sèvre 1 op d'Welt komm. Seng Studien huet hien an der Militärschoul vu Sorèze gemaach. D'Franséisch Revolutioun huet hien iwwerrascht, wéi hie 16 Joer hat. Hien ass net zesumme mat sengem Papp emigréiert an huet dru gegleeft den Troun kënnen ze verdeedegen, andeems hien der Konstitutioneller Garde vum Kinnek Louis XVI. 1791 bäigetrueden ass. D'Evenementer vum 10. August 1792 hu seng Hoffnungen zerstéiert 2.

Éischt Opstänn[änneren | Quelltext änneren]

De La Rochejaquelein huet am Poitou d'Folge vum éischten Opstand vu Bressuire bedauert, wou d'royalistesch Bauere vun de revolutionären Truppe geschloe goufen. Hien huet sech op d'Lännereie vu Clisson, bei Parthenay, bei de Marquis de Lescure zréckgezunn. Déi zwee waren am selwechten Alter an haten déiselwecht Interessen, an hunn am Geheimen dru geduecht bei engem Projet matzemaachen, fir d'Monarchie nees ze restauréieren. Si kruten en neien Opstand vum 10. Mäerz 1793 nëmmen duerch Gerüchter mat.

Si waren ongedëlleg wéi de Bauer vu Châtillon hinne matgedeelt huet, datt d'Paren an der Noperschaft sech den Opstännege wéilten uschléissen, an hien als Chef wéilten hunn 3. De Lescure wier gäre matkomm, mä dann hätt hie seng Famill a seng jonk Fra missen de Republikaner iwwerloossen, wat hien natierlech net wollt 4.

Sou ass de La Rochejaquelein um Theater vum Krich ukomm, wou hien op de Bonchamps an den d'Elbée gestouss ass. Hien ass gewuer ginn, datt eng feindlech Divisioun um Wee an d'Vendée war, a wollt den offensive Mouvement vun de Republikaner ophalen. Hien ass op Saint-Aubin-de-Baubigné komm, wou d'Proprietéite vu senger Famill waren. Wéi hien un de Bauere vun Aubiers, Neuil, Saint-Aubin, Echaubroignes, Cerqueux, an Izernay laanschtgezunn ass, hu si hien zu hirem Chef proklaméiert.

Am Mäerz 1793 huet hien um Opstand vun der Vendée deelgeholl, a gouf zu engem vun de Cheffe vun der Arméi vun der Vendée. De La Rochejaquelein huet sech un d'Spëtzt gestallt a gesot :

Si mon père était parmi nous, il vous inspirerait plus de confiance, car à peine me connaissez-vous. J'ai d'ailleurs contre moi et ma grande jeunesse et mon inexpérience ; mais je brûle déjà de me rendre digne de vous commander. Allons chercher l'ennemi : si je recule, tuez-moi ; si j'avance, suivez-moi ; si je meurs, vengez-moi.

Opstand vun der Vendée[änneren | Quelltext änneren]

D'Vendéens ware vum La Rochejaquelein begeeschtert, a si géint d'Republikaner gezunn, déi sech um Kierfecht vun Aubiers opgehalen hunn. Si hunn d'Uertschaft ugegraff, wou d'Divisioun vum Generol Pierre Quétineau sech versammelt hat. Nodeem d'Republikaner gemierkt hunn, datt si net géint d'Vendéens ukomm sinn, hu si d'Flucht ergraff 5. D'Néierlag vun Aubiers huet de Generol Quétineau dozou gezwongen, Bressuire z'evakuéieren, an de Marquis de Lescure huet den Uerder un iwwer 40 Pare ginn, zu de Waffen ze gräifen 6. D'Schlass vu Clisson gouf eng wichteg Plaz fir d'Zaldoten, déi a verschidde Corpsen opgedeelt waren. De Corps vum La Rochejaquelein huet sech meeschtens mat der grousser Arméi vum Anjou zesummegedo, déi zu där Zäit aus knapps 18.000 Männer bestanen huet, déi schlecht bewaffnet an organiséiert waren.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • « Henri de La Rochejacquelein » in: Charles Mullié, Biographie des célébrités militaires des armées de terre et de mer de 1789 à 1850, 1852.
  • « Henri de La Rochejacquelein » in: Louis-Gabriel Michaud, Biographie universelle ancienne et moderne : histoire par ordre alphabétique de la vie publique et privée de tous les hommes avec la collaboration de plus de 300 savants et littérateurs français ou étrangers, 1843-1865.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1 : Haut Mauléon am Departement Deux-Sèvres.
2 : Sou huet hien, wéi en aus der Haaptstad fortgaangen ass, gesot : J'irai dans ma province, et bientôt l'on entendra parler de moi.
3 : L'honneur m'appelle et je vole aux combats !
4 : Mon ami, modère ton impatience ; sous peu de jours je viendrai te délivrer.
5 : D'Vendéens hu sech doropshin op d'Republikaner gestierzt, an d'Artillerie u sech gerappt. De La Rochejaquelein ass direkt weider op Châtillon an Tiffauges gaangen. Hei hate sech aner Royaliste scho versammelt, an d'Munitioune goufe verdeelt.
6 : Hie souz schonn op sengem Päerd wéi hie Kavaléier gesinn huet, déi sech mat Vive le roi ! z'erkenne ginn hunn. Dëst war de La Rochejaquelein deen sech an d'Äerm vu sengem Frënd gehäit huet, a gejaut huet : Je vous ai donc délivrés !

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.