Pierre Blanc
De Pierre Blanc, gebuer de 6. Juni 1872, a gestuerwen den 30. Mäerz 1946 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Moler.
Hien huet op der Handwierkerschoul, an dono op den Akademien zu München, spéider och Prag a Paräis, Konscht studéiert. 1918 gouf hien Zeecheprofesser an der Handwierkerschoul, an ass dat bis zu senger Pensioun, 1936, bliwwen.
Vun 1906 bis 1910 a vun 1920 bis 1927 war de Pierre Blanc President vum Cercle artistique de Luxembourg, wouvunner en och ee vun de Grënnungsmembere war. Seng Spezialitéit ware Portraiten. Mä och Landschaftsbiller a Buchillustratiounen (wéi z. B. vum Batty Weber sengem Inseltraum oder dem Auguste Liesch senger Maus Ketti) huet hie gemoolt. Och dokumentaresch Zeechnungen huet hie gemaach, wéi z. B. vun de Lëtzebuerger Prënzen a Béimen. Weiderhi sinn Timberen, Medailen a Geldschäiner vun him geschafe ginn.
1911 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.
Fir un hien z'erënnere gouf zu Bouneweg eng Strooss, tëscht dem Boulevard de la Fraternité an der Rue Auguste Charles, no him benannt.
Inhaltsverzeechnes |
Wierker (Auswiel) [änneren]
- 1908: Portrait vum Batty Weber
- Paysage de Tervuren, Ueleg op Toile, 40 cm x 55 cm, 1911 (Musée national d'histoire et d'art an der Stad Lëtzebuerg)
- Portrait de jeune fille
- Le page (étude de portrait de ma fille)
- Le Château de Bourglinster (temps gris)
- Le "Osterbour" à Larochette
- Entworf vum Relief "Ermesinde iwwerreecht Lëtzebuerg de Fräiheetsbréif" un der viischter Fassad vum Cercle Municipal an der Stad Lëtzebuerg (d'Skulpturaarbechte goufe vum Pierre Federspiel ausgefouert)[1]
- Zeechnung fir de Relief Vue panaromique de la Ville de Luxembourg fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis (d'Skulpturaarbechte goufe vun de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber, Albert Kratzenberg a Léon Nosbusch ausgefouert)[2][3]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Koltz, Jean-Pierre, 1970. Baugeschichte der Stad und Festung Luxemburg, 1. Band, 2. Oplo, S. 74.
- ↑ Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
- ↑ Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg : Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.