Joseph Muscat

Vu Wikipedia
Joseph Muscat
Gebuer 22. Januar 1974
Pietà
Nationalitéit Malta
Educatioun Universitéit vu Malta,
University of Bristol
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei Malta Labour Party

De Joseph Muscat, gebuer den 22. Januar 1974 zu Pietà op Malta, ass e malteesesche Politiker a President vun der sozialdemokratescher Malta Labour Party (MLP). Hie war vum 11. Mäerz 2013[1] bis zu sengem Récktrëtt, am Januar 2020, an der Suite vun der Ermuerdung vun der malteesescher Journalistin Daphne Caruana Galizia,[2] Premierminister vu Malta.

De Muscat huet bis 1996 Ekonomie a Politikwëssenschaften op der Universitéit Malta studéiert an do duerno e Master am Europäeschen Droit gemaach. 2007 huet hien an der Léier vum Management op der Universitéit vu Bristol promovéiert. Hien huet als Journalist bei Super One Radio an dem Tëleessender Super One TV geschafft, déi allen zwéin der Labour Partei gehéieren. Vun 2001 bis 2004 war en Editeur vun der Labour hirer Internetzeitung maltastar.com.

Seng politesch Karriär huet de Joseph Muscat am Labour Youth Forum, der Jugendorganisatioun vun der Malta Labour Party, ugefaangen, an hat do e puer Kaderfonctiounen. Vun 2001 bis 2003 war e Sekretär fir den Enseignement vun der MLP a war de Leeder vum Parteikongress vun 2003. 2004 gouf de Muscat als ee vun de fënnef malteeseschen Europa-Deputéierten an d'Europäescht Parlament gewielt. Nodeem d'MLP am Mäerz 2008 déi malteesesch Parlamentswale verluer hat an hire President zeréckgetruede war, gouf de Joseph Muscat zum neie Parteipresident gewielt. Doropshin huet hie säin Deputéiertemandat am Europaparlament néiergeluecht an ass den 1. Oktober 2008 an d'malteesescht Parlament nogeréckelt, wou en Oppositiounsleader gouf.

Bei de Parlamentswale vum 9. Mäerz 2013 huet de Muscat mat senger Partei d'Majoritéit kritt, soudatt hien den 11. Mäerz 2013 Premierminister gouf.[3] Och bei de Wale vum 4. Juni 2017 krut seng Partei d'Majoritéit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Muscat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Machtwechsel in Malta: Opposition gewinnt Parlamentswahl. NZZ.ch, 11. Mäerz 2013
  2. "Anklage gegen möglichen Mittäter im Mordfall Galizia.", Zeit.de, 30. November 2019.
  3. Malta Times online 10.03.2013: Malta's second youngest prime minister