Václav Havel

Vu Wikipedia
Václav Havel
Gebuer 5. Oktober 1936
Prag
Gestuerwen 18. Dezember 2011
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Tschechoslowakei, Tschechesch Republik
Aktivitéit Schrëftsteller, Dramatiker, Politiker, Regisseur, Dichter, Filmregisseur, Mënscherechtler, Dissident, Essayist, Philosoph, Publizist
Member vun Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Royal Society of Literature, American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Club de Rome

De Václav Havel [ˈvaːtslaf ˈhavɛl], gebuer de 5. Oktober 1936 zu Prag a gestuerwen den 18. Dezember 2011[1] zu Hrádeček, war en tschechesche Schrëftsteller a Staatspresident.

Hie war, wéi d'Tschechoslowakei kommunistesch regéiert war, ee vun de bekanntste Regimekritiker a sengem Land. No der Samettener Revolutioun, an där en ee vun den Haaptleit war, war e vun 1989 bis 1992 President vun der Tschechoslowakei. Vun 1993 bis 2003 war e President vun der Tschechescher Republik.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Václav Havel kënnt aus enger groussbiergerlecher Prager Famill. Wéi d'Kommunisten 1948 un d'Muecht koumen krut seng Famill d'Theateren an de Filmstudio, déi hir gehéiert hunn, ofgehgoll. Den Havel huet net däerfen an e Lycée goen. Dofir huet e seng Première an Owescoursen nogeholl, déi e sech als Taxichauffer verdéngt huet. Hien huet net däerfen, wéi e wollt, Literatur studéieren, dofir huet e vun 1954 bis 1956 Ekonomie studéiert. No sengem Militärdéngscht gouf e Bünentechniker an zwéi klenge Prager Theateren, dem Divadlo ABC an dem Divadlo na zábradlí (Theater beim Glänner). Am Divadlo na zábradlí gouf säin éischt Theaterstéck (iwwersat: "D'Gaardefest") opgefouert. Vun 1962 bis 1966 huet en iwwer Korrespondenz Theaterwëssenschafte studéiert.

Nom Nidderschloe vum Prager Fréijoer 1968 duerch d'Truppe vum Warschauer Pakt an der sougenannter „Normaliséierung“ déi duerno koum, ass den Havel ëmmer nees ëffentlech opgetrueden, fir géint de Regime ënner dem President Gustáv Husák ze protestéieren, a war ee vun den dräi Initiateure vun der Charta 77.

Dofir koum den Havel dräimol fir am Ganze 5 Joer an de Prisong. Aus där Zäit ass säi Wierk Dopisy Olze ("Bréiwer un d'Olga", seng Fra). No 1968 hu seng Stécker an der Tschecholsowakei weeder publizéiert nach gespillt däerfe ginn. De 15. Januar 1989 ass de Václav Havel op en Neits an de Prisong gestach ginn, wéi en un enger Commemoratiounszermonie fir den 20. Anniversaire vun der Selwerverbrennung vum Jan Palach deelgeholl huet.

Den Havel war eng vun den zentrale Figure vun der Samettener Revolutioun, déi am Ufank virun allem vu Studenten a Kënschtler gedroe gouf. Hie gouf ee vun den Haaptleit vum Občanské fórum dem Biergerforum, dat den 19. November 1989 gegrënnt gouf. Den 29. Dezember 1989 gouf den Havel, als Kandidat vum Biergerforum, vun der Federalversammlung zum President vun der Tschechoslowakei gewielt. De 5. Juli 1990 waren déi éischt fräi Wale fir d'Parlament, vun deem hien als President confirméiert gouf.

No der Trennung vun der Tschechescher an der Slowakescher Republik, den 1. Januar 1993, gouf den Havel de 26. Januar 1993 mat grousser Majoritéit zum President vun der Tschechescher Republik gewielt an den 20. Januar 1998 a sengem Amt confirméiert. Den 2. Februar 2003 war säin zweet Quinquennat eriwwer.

Hien ass Éieremember am Club of Rome.

De Václav Havel (2008)

Wierk (Auswiel, Iwwersetzungen op Däitsch)[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Vanek-Trilogie. Audienz, Vernissage, Protest. Versuchung. Sanierung. 1989, rororo, 1990, Berlin-Ost,
  • Briefe an Olga. Betrachtungen aus dem Gefängnis. 1984, rororo aktuell, Neioplo 1989,
  • Moral in Zeiten der Globalisierung. 1998,
  • Fernverhör. 1990
  • Die Gauneroper. Das Berghotel. Erschwerte Möglichkeit der Konzentration. Der Fehler. Theaterstücke.
  • Fassen Sie sich bitte kurz. Gedanken und Erinnerungen zu Fragen von Karel Hvízd'ala. Rowohlt-Verlag, Reinbek bei Hamburg 2007. 416 S, (Autobiographie 1990–2003)
  • Odcházení (= Abgang), Theaterstéck.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • John Keane: Václav Havel. Verlag Droemer, München 2000, ISBN 3-426-27192-3
  • Walter Falk: Václav Havels geistiger Weg. In: Stimmen der Zeit. Band 218/Heft 5/Mai 2000. S. 315-326.
  • Walter Falk: Václav Havels Briefe aus dem Gefängnis. Wo der Mensch zu Hause ist – ein Dialog. VerlagMar Werner Imhof, Taunusstein 1994, 255 Seiten.
  • Fouzieh Melanie Alamir: Der Präsident Václav Havel. Miles-Verlag, Potsdam 2003, ISBN 3-00-012533-7
  • Matthias Wanitschke, Guido Erbrich: "...auf die innere Stimme hören" Die Frage nach Gott und dem Sinn des Lebens im Werk von Vaclav Havel, Erfurter Theologische Schriften, Bd. 23, Benno-Verlag Leipzig 1994 / ISBN 3-7462-1056-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Václav Havel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Doud vum Václev Havel op rtl.lu