Adolphe-Bréck
D'Adolphe-Bréck, och Nei Bréck genannt, ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Alstad mam Garer Quartier verbënnt. Benannt ass se nom Groussherzog Adolphe.
De Projet, eng Bréck an d'Verlängerung vum Boulevard Royal ze bauen, geet an d'Joer 1887 zeréck. D'Propositioun fir eng Bréck mat engem grousse Bou ze baue war vum lëtzebuergeschen Ingenieur Eugène Ferron. Éischt Pläng ware vum lëtzebuergeschen Ingenieur Albert Rodange, déi definitiv Pläng goufe vum franséischen Ingenieur Paul Séjourné opgestallt. De 14. Juli 1900 huet de Groussherzog Adolphe de Grondstee geluecht, an 3 Joer drop, de 24. Juli 1903 gouf d'Bréck fir de Verkéier opgemaach.
D'Adolphe-Bréck war, wéi se gebaut gouf, déi gréisste Bréck aus Hastee vun der Welt. Se ass 153 m laang an 42 m héich. Hiren Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,55 m. Vir- an hannendrun si méi kleng Béi vu 21,60 m. D'Bréck sëtzt sech aus 2 Parallelbéi zesummen, wat et erlaabt, eng Breet vun der Strooss vu 16 m z'erméiglechen. Eleng déi 2 Mëttelbéi bestinn aus 2850 m³ Gilsdrefer Sandsteen.
Den Numm "Nei Bréck" krut se, well et schonn eng Bréck iwwer d'Péitrussdall gouf, nämlech d'Al Bréck, déi och "Passerelle" genannt gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Problemer
Wéi d'Stroossebauverwaltung an der Mëtt vun den 1990er Joren d'Bréck ënnersicht hat, konnt festgestallt ginn, datt an de Bréckebéi en etlech Stengbléck Schied opgewisen hunn, déi op d'Trassenaarbechten aus de Siechzegerjoren zréckzeféiere sinn.
Fir déi Rëss ze bremsen, huet am Hierscht 2003 d'Stroossebauverwaltung ugefaang iwwer 200 Verankerungstaangen un de Béi festzemaachen. Wéi ufanks 2005 eng vun deenen Ankerstaange gebrach ass, goufen déi zwee Weeër ënner der Bréck fir Foussgänger gespaart. Zënterhir ass de Wee op der Uewerstadsäit ness op. Eng grondleeënd Restauratioun vun der Bréck soll no 2010 ugefaang ginn.
[änneren] Schwësterbrécken
Eng Kopie vun der Adolphe-Bréck steet zu Philadelphia. Et ass d'Walnut Lane Bridge, a si ass am Bëtong-armé gebaut.
Och de Ponte de San Jorge zu Arguisuelas (Castilla La Mancha), eng Eisebunnsbréck, gläicht der Neier Bréck, ofgesi vun e puer klenge Béi méi iwwer dem Haaptbou, dee bei där Bréck aus just engem Bou besteet.[1]
Tëschent 1908 bis 1912 ass zu Constantine an Algerien d'Sidi Rached Bréck ënnert der Leedung vum Ingenieur Aubin Eyraud gebaut ginn. Och hien huet sech op d'Pläng vum Séjourné gestëtzt, hien huet d'Bréck awer verlängert fir esou de Staddeel El Kantara mat der Gare ze verbannen, déi op der anerer Säit vun deem breeden Dall vum Oued Rhumel läit [2].
[änneren] Literatur
- Koltz, Jean-Pierre, Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg, 3 Bde., Luxemburg 1946/51.
- Eng Nei Bréck: Den Dossier an der Duebelnummer 267/268 am forum vum Juni/Juli 2007, op 21 Säiten.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Adolphe-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Nei Bréck op der Websäit vun de Ponts et chaussées vu Lëtzebuerg
- Renovatiounsprojet vun der Neier Bréck op der Websäit vun der lëtzebuergescher Regierung
- D'Adolphe-Bréck op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)
- En ëffentleche Forum, ageriicht vun der Stad Lëtzebuerg, an deem jidderee seng Meenung zum Thema "Erneierung vun der Neier Bréck" kann ofginn.
- Eng Diashow iwwert de Bau vun der Bréck
- Es gibt nicht nur eine „Nei Bréck“, wort.lu 21. Februar 2012 archivéiert