Gemeng Steesel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Steesel
Detailer
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Lëtzebuerg
Buergermeeschter: J.- P. Klein (LSAP)
Awunner Gemeng: 4609
(2006)
Fläch Gemeng: 2.181 ha
Koordinaten: 49° 40' 42" N
06° 07' 28" O
D'Gemeng Steesel (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)
D'Gemeng Steesel (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied
D'Steeseler Kierch

D'Gemeng Steesel ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si läit am Kanton Lëtzebuerg an ass no der Uertschaft Steesel benannt.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der Gemeng [änneren]

Geographie [änneren]

D'Gemeng Steesel läit nërdlech vu Walfer am Uelzechtdall. Et ass déi nërdlechst Gemeng am Kanton Lëtzebuerg. Steesel gëtt duerch d'Uelzecht an zwéin Deeler getrennt: westlech vun der Uelzecht leie Steesel a Mëlleref, ëstlech dervu läit Heeschdref.

Liewen an der Gemeng [änneren]

Steesel huet laanscht der Uelzecht een Noerhoulungsgebitt geschaf, dat nach soll ausgebaut ginn. Am Zentrum vun dem Projet ass d'Renaturéierung vun der Uelzecht.

Desweidere solle Spillplazen opgeriicht ginn, an e Vëloswee ugeluecht ginn, dee Walfer mat Heeschdref verbënnt. D'Gemeng Steesel huet mat de Gemenge Walfer a Luerenzweiler eng interkommunal Schwämm, d'Pidal geschaf.

D'Musek L'Echo de l'Alzette de la Commune de Steinsel ass 2002 aus dem Zesummeschloss vun der Steeseler an der Heeschdrefer Musek entstan. Och de Sport gëtt an der Gemeng grouss geschriwwen, an do si virun allem en etlech Basketstitele vun der BBC Amicale Steesel ervirzehiewen.

Demographie [änneren]

An der Gemeng Steesel goufen am Joer 2006 1.673 Stéit gezielt, mat 4609 Awunner, dovun 1.924 zu Steesel an 1.048 zu Mëlleref. Heeschdref huet 1.637 Awunner.

Verkéier [änneren]

D'Lëtzebuerger Strooss, d' N7, Haaptverkéiersachs tëscht der Stad Lëtzebuerg a Miersch, féiert durch Heeschdref. D'Gemeng Steesel huet och eng Gare, d'Heeschdrefer Gare. Se läit op der Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck. E puer RGTR-Buslinne verbannen d'Gemeng Steesel mat der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht [änneren]

D'Gemeng Steesel war fréier vill méi grouss. Duerch e Gesetz vum 25. November 1850 ass aus Deeler vun der Gemeng Steesel d'Gemeng Walfer geschafe ginn. E Gesetz vum 22. Februar 1853 huet weider Deeler vu Steesel ofgetrennt fir d'Gemeng Koplescht ze schafen.

Um Steeseler Bierg op Roellent goufen Iwwerreschter vun enger Réimescher Siidlung fonnt, a weisen op eng laang Geschicht hin. Desweidere goufen 1854 beim Bau vun der Steeseler Kierch Iwerreschter vun Therme fonnt.

Op der haiteger Fläch vun der Gemeng stoungen zwou Millen, d'Bintze Millen an d'Werdels Millen, aus deenen no an no déi zwou Uertschafte Mëlleref, respektiv Steesel, entstane sinn. D'Heeschdrefer Wuerzele féieren op d'Heeschdrefer Schlass zréck, dat an der Vergaangenheet eng Buerg war, an haut vu Schwësteren a vun der Fondation Tricentenaire bewunnt gëtt.

Landwirtschaft [änneren]

D'Landwirtschaft huet zu Steesel nom Zweete Weltkrich e groussen Opschwonk gehat. Steesel ass fir seng Äerdbieren, Uebst an Gromperenzuucht bekannt. Steeseler Grompere gi vu Luxpatates am ganze Land verkaaft.

Op dem Steeselerbierg si grouss Bongerten, déi Privatleit a Butteker mat Äppel a Bire beliwweren. Och Landschaftsgäertnereien, wéi d' Bamschoul Becker zu Mëlleref, d'Pépinières Kintzlé zu Heeschdref a Blummegäertner, wéi Fleurs Wüst hunn zu Steesel eng laang Traditioun.
Zu Steesel gëtt et nach e puer Bauerebetriber.

Economie [änneren]

Steesel huet ee Supermarché, de Pall Center an déi lokal Industriezon zielt iwwer 30 Firmaen. Desweideren huet d' Cegedel zu Heeschdref ee vun hire Sëtz.

Politik [änneren]

De Gemengerot vu Steesel gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen. Buergermeeschter ass de Jean-Pierre Klein (LSAP).

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 2 2 - 7
2005 2 3 - 6
2011 2 2 - 7

Quell: Inneministère / RTL.lu

Interkommunal Syndikater [änneren]

D'Gemeng Steesel ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage [änneren]

Kuckeswäertes [änneren]

Fir ze liesen [änneren]

  • Michel Schmitt: Die Pfarrkirche von Steinsel in ihrem zeitgenössischen Enstehungskontext Steinsel : Administration communale, 2005. - 24 p. : ill. ; 21 cm
  • La commune de Steinsel en images: son développement récent, Steinsel : Commune, 2005 - 36 p. : ill. ; 21 x 30 cm

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Steesel – Biller, Videoen oder Audiodateien