Gromper

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gromper
Gromperen

Gromperen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Magnoliophyta
Klass: Rosopsida
Uerdnung: Solanales
Famill: Nuetsschietgewächser(Solanaceae)
Gattung: Solanum
Aart: Gromper
Wëssenschaftlechen Numm
Solanum tuberosum
L.

D'Gromper ass eng Notzplanz déi wéi d'Tomat, de Paprika an den Tubak zur Famill vun de Solanaceae (Nuetsschietgewächser) gehéiert. D'Planz staamt aus den Anden (Peru). Am allgemenge Sproochgebrauch gëtt d'Wuert "Gromper" just fir déi ënnerierdesch Knoll gebraucht.

D'Gromper ass wat d'Quantitéiten ugeet dat véiertwichtegst Liewensmëttel op der Welt. Et gëtt eng Abberzuel Zorten, grondsätzlech ënnerscheet een an der Kichen tëscht feste Grompere fir Fritten an Zaloten (z. B. Nicola), mielzege Grompere fir Püree (z. B. Bintje), an dann déi "éischter fest" Grompere mat Eegeschaften déi do dotëscht leien (z. B. Charlotte, Désirée). D'Gromper gëtt awer och als Fuddermëttel an an der Industrie gebraucht, do ënner anerem fir Steif ze gewannen a fir d'Fabrikatioun vun Ethanol.

Wirtschaftlech Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags gëtt d'Gromper a méi wéi 100 Länner ugebaut an 2005 goufen der weltwäit 322 Milliounen Tonne gezillt[1]. Déi gréisst Produzente sinn (a Milliounen Tonnen):

Land 1995 2000 2005 2010
China 46 66 73 75
Indien 17 25 25 36
Russland 40 31 36 21
Ukrain 15 20 19 19
USA 20 23 19 18
Däitschland 11 12 11 10
Polen 25 24 11 09

Zu Lëtzebuerg goufen 2010 eng 19.500 Tonne Grompere produzéiert, ronn 80.000 Tonne manner wéi nach 1960[2]:

Joer 1960 1970 1980 1990 2000 2005 2010
Produktioun 102.989 67.908 33.900 22.963 27.858 19.329 19.531

D'Éislek gëllt als Gesondlag fir d'Produktioun vu Setzgromperen. Dës Produktioun ass zanter 1945 am Kader vun der Éisleker Setzgromperegenossenschaft (Synplants) organiséiert, déi iwwer 90% vun de Setzgromperen exportéiert, virun allem an Nordafrika.

Inhaltsstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Nierstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Gepellte/geschielte Grompere bestinn zu 78% aus Waasser, dowéinst bréngen 100g et just op 85 kcal. Donieft enthale se nach[3]:

Wann de Proteingehalt vun de Gromperen och ganz bescheiden ass, sou huet dat wéinegt wat dran ass awer wéinstens eng ganz héich biologesch Wäertegkeet (déi héchst bei de Planzen).

Alkaloiden[änneren | Quelltext änneren]

An der Gromper si wéi an de meeschten Nuetsschietgewächser Gëftstoffer, virun allem den Alkaloid Solanin, deen an alle gréngen Deeler vun der Planz, de Bléien an de Knollen (an do absënns an der Schuel) ze fannen ass. Duerch d'Kachen zitt en zum groussen Deel an d'Kachwaasser.

D'Knolle sollen am Däischtere versuergt ginn, soss produzéiere se nach méi Solanin fir sech géint Friessfeinden an d'Fäulnes ze schützen, wat een dorun erkennt, datt se sech gréng verfierwen. Gréng a gekingte Grompere kënnen déck geschielt a mat erausgepickten "Aen" nom Kachen héchstens nach vun Erwuessene giess ginn, mä op kee Fall méi vu klenge Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gromperen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Statistik vun der FAO
  2. STATEC
  3. Bayeresch Landesanstalt fir Landwirtschaft: D'Gromper (PDF)