Simone Beissel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Simone Beissel gebuer de 27. Abrëll 1953 um Lampertsbierg, ass eng lëtzebuergesch Affekotin an DP-Politikerin.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

D'Simone Beissel ass um Lampertsbierg an enger Juristefamill opgewuess. Hir Mamm war Affekotin an hire Papp war Generalsecretaire vun der MMRA vu Rodange. No hirer Première am Lycée Robert-Schuman huet si Droit zu Aix-en-Provence a Politik zu Paräis studéiert.

1987 ass si Member vun der Demokratescher Partei ginn.

Si ass zënter 1991 am Stater Gemengerot, a war vun 1999 bis 2005 do och Schäffin. Si war zoustänneg fir d'Waasser, de Gas, d'Kanalisatioun an d'Elektresch.

Vun 1995 bis 1996 war si Presidentin vum CNFL.

Vun 1999 bis 2004 war si Deputéiert an der Chamber.

Zënter Oktober 2009 ass si erëm Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg. Si huet dat Mandat vun der Anne Brasseur iwwerholl, an ass zoustänneg fir den Héich- an Déifbau an di grouss architektonesch Projeten.

Privatliewen [änneren]

D'Simone Beissel ass bestuet an huet 2 Kanner.

Tëscht 1967 an 1973 war si e puer Mol, mat hirem Brudder René Beissel, lëtzebuergesch Landesmeeschterin am Segelen.

Si ass Vizepresidentin vun der Fondation du Mérite Européen an zënter 1994 Presidentin vun der Association des Femmes Libérales.

Gielercher [änneren]

Linken a Quellen [änneren]

Referenzen [änneren]