Vëlo

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Vëlo ass en eespuregt Verkéiersmëttel dat meeschtens zwee Rieder huet, an dat duerch Muskelkraaft iwwer Pedallen ugedriwwe gëtt. Dobäi sëtzt een op engem Suedel.

Dat franséischt Wuert "vélo", vun deem d'Wuert "Vëlo" kënnt, ass d'Ofkierzung vu "vélocipède" - "séiere Fouss" (aus dem Latäin "velox" * séier a "pes" * Fouss).

De Vëlo war dat éischt mechanescht Individualverkéiersmëttel. No der Bitzmaschinn war de Vëlo dat zweet technescht Seriëprodukt.

[änneren] Geschicht

D'Evolutioun vum Vëlo

[änneren] Mechanik

Opbau vun engem Vëlo

[änneren] Zorte vu Vëloen

[änneren] Coursevëlo

E Coursevëlo huet en dënne liichte Kader a keng Fiederen, ganz schmuel Felgen a Pneuen, ee Guidon, dee verschidde Grëffpositionen zouléisst, deen och méi schmuel wéi déi normal Guidonen ass. E Courseguidon, huet meeschtens eng Breet vu 44 cm. Wichteg ass virun allem datt de Vëlo sou liicht wei méiglech ass.

[änneren] Mountainbike

E Mountainbike (MTB) (engl. fir Bergfahrrad) ass e Vëlo, dee virun allem ofsäits vun der befestegter Strooss benotzt gëtt. Grondsätzlech ass de Mountainbike genee wéi de Coursevëlo éischter e Sportsgeschir wéi e Verkéiersmëttel.

[änneren] All Mountain (AM), Tour

Den All Mountain ka souwuel en Hardtrail (Vëlo dee keng hënnescht Fiederung, awer eng um viischte Rad huet) wéi och e Full Suspension Bike oder och Fully (Vëlo mat Fiederung vir an hannen) sinn. Hei ass virun allem Zouverlässegkeet an de Konfort wichteg. Anescht wéi beim Cross-Country-Mountainbike sinn d'Rieder méi breet a méi profiléiert, well se am Laf vun der Tour verschiddenen Ufuerderunge gerecht musse ginn. D'Gewiicht läit tëschent 12 a 15 Kilogramm an de Fiederwee variéiert tëschent 100 an 140 mm.

[änneren] Cross-Country (XC) (XX)

De Cross-Country-Moutainbike ass fir de (Renn-)Asaz op onbefestegte Weeër a Stroossen ausgeluecht. Meeschtens sinn et Hardtrailen et ginn awer och Fullyen, déi fir de Cross-Country ausgeluecht ginn. Vill Fuerer benotzen an dësem Beräich en Hardtrail wéinst dem Gewiicht, dem Präis an der Stabilitéit. De Fiederwee ass zimlech kleng a läit tëschent 75 an 100 mm.

Nieft V-Bremsen (eng Brems, déi op d'Felg vum Vëlo dréckt) ginn ëmmer méi Scheiwebremse verbaut. D'Gewiicht vun engem Cross-Country gëtt ëmmer méiglechst niddreg gehal (ënner 10 kg). En typescht Cross-Country-Mountainbike weit manner wéi 13 kg.

[änneren] Downhill (DH)

Downhill-Mountainbikes si fir séier Offahrten op schwieregem Grond ausgeluecht. Vu datt et bei Downhill-Mountainbikes bal nëmme biergof geet, ass e Gewiicht bis 22 kg akzeptabel. Dat grousst Gewiicht kënnt duerch d'stabil Bauaart, déi wéinst de Kräfte bei der Offahrt noutwenneg ass. De Vëlo ass komplett gefiedert an huet e Fiederwee vu bis zu 250 mm, huet e méiglechst déiwe Schwéierpunkt an eng kompakt Geometrie. D'Bremse vun engem Downhill-Mountainbike si fir héich Ufuerderungen ausgeluecht. Dat ass de Grond firwat nëmmen hydraulesch Scheiwebremse mat engem grousse Bremsscheiwenduerchmiesser (190 bis 230 mm) benotzt ginn. D'Pneuen hunn normalerweis eng Breet tëschent 54 a 76 mm (2,1 – 3,0 Zoll). Eng Schutzkleedung (d. h. Integralhelm, Uewerkierper-, Schëller-, Aarm- a Beenprotektiounen) ass a Bikeparken a bei Coursen Pflicht.

[änneren] Enduro

Enduro-Mountainbikes si meeschtens voll gefiedert. Si hunn am Verglach zu Cross-Country- an Touren-Mountainbike méi ee grousse Fiederwee (130 bis 160 mm) a méi breet a staark profiléiert Pneuen. D'Gewiicht läit tëschent 12 a 16 Kilogramm. Den Ënnerscheed zu engem Freeride-Bike besteet doran, datt ee matt Enduroen och géi Bierger fuere kann.

[änneren] Dirtbike

Dirtbikes si stabil Mountainbike mat engem klenge, wendege Kader. D'Fiedergafel soll virum allem d'Landung ofdämpfen; dowéinst hu se e Fiederwee tësche 65 an 100 mm. D'Gréisst vum Pneu ass net op 26 Zoll limitéiert, och Rieder matt 24 Zoll sinn dacks ze gesinn. Op eng Gangschaltung gëtt verzicht, éischtens well se futti ka goen an zweetens fir Gewiicht ze spueren. Ausserdeem erliichtert en niddregt Gewiicht d'Rotatioun vum Fuerer oder vum Vëlo. Agesat ginn Dirtbikes haaptsächlech fir iwwer Hiwwelen ze sprangen.

[änneren] BMX

BMX ass d'Ofkierzung vu Bicycle Moto Cross. Den X steet fir dat englescht Wuert Cross, iwwersat Kräiz, anerersäits ass awer och d'Verb “to cross” gemengt, wat sou vill heescht wéi iwwerquieren. BMX Vëloe bestinn aus engem kléngen, wendege Kader mat 20 Zoll Rieder. Virun allem geet et drëm mat dem Vëlo iwwer Rampen ze sprangen an Tricken ze maachen.

[änneren] De Vëlo am Sport

[änneren] De Vëlo als Verkéiersmëttel

Vëloe kënnen am Zug transportéiert ginn

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Bicycles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen