Gare Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Gare (Stad Lëtzebuerg))
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gare Lëtzebuerg
Gare-Letz---w.jpg
CFL-Linn(en) 10, 30, 50, 60, 70
P.K. 0
Quaien 9
Gleiser 10
Uertschaft Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Park & Rail-Parking Jo
Parkplaze fir Leit mat r. Mobilitéit Jo
Koordinaten 49° 35' 56" N
6° 7' 58" O
Websäit CFL.lu

D'Gare vu Lëtzebuerg ass eent vun den imposantste Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg an déi gréisste Gare vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Gebai

No der Gare ass och e Quartier genannt, de Garer Quartier. Eng Foussgängerbréck iwwert d'Schinnen niewent der Gare verbënnt de Garer Quartier direkt mat Bouneweg.

[änneren] Baugeschicht

D'Gare gëtt et op där Plaz zënter 1859. De Gondsteen duerfir gouf den 30. Oktober 1858 geluecht[1] an no manner wéi engem Joer, de 4. Oktober 1859, gouf se ageweit.[2] D'Wiel vum Emplacement gouf vun der preisescher Militärverwaltung beaflosst. De Gouverneur vun der Festung war dergéint datt d'Befestigungsmaueren sollten opgebrach gi fir Eisebunnsgleiser an d'Festung eran ze leeën. Dofir gouf d'Gare op (deemolegem) Hollerecher Territoire gebaut. D'Gebei huet och missen aus Holz gebaut ginn, fir am Fall vun enger Belagerung kënnen ofgebrannt ze ginn, fir datt keng feindlech Truppen se ch dra kéinnte verstoppen.

Bis zum Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 huet d'Gebai (an d'Eisebunn) der Compagnie de l'Est gehéiert. Dono ass d'Gestioun un d'Elsass-Lothringische Reichsbahngesellschaft iwwergaang. Dat haitegt Gebai gouf tëscht 1907 an 1913 am neobarocke Stil, "Miseler Barock" genannt, gebaut. D'Pläng ware vum däitschen Architekt Alexander Rüdell. Si goufe vum Baurat Karl Jüsgen ausgefouert.

Vis-à-vis vun der Entrée ass eng grouss Fënster aus faarwegem Glas, op där eng stiliséiert Panoramavue vun der Alstad, mam Tuerm vun der Spuerkeess an der Neier Bréck, ze gesinn ass.[3]

D'Molereien um Plafong goufen, am Kader vu Renovéierungsaarbechten an den 1990er Joeren, vum Armand Strainchamps entworf.

Op der Säit vun der Gare ass e Pavillon, dee mat dem Haaptgebai duerch eng Arkade verbonnen ass, an deen als groussherzoglech Salle d'attente benozt gouf. Haut ass e Bistro an deem Pavillon.

[änneren] Gleisanlagen

D'Stater Gare huet 9 Gleiser déi fir de Persounentrafic accessibel sinn. D'Gleiser 1 an 2, déi den Terminus vun der Klengbettener Streck sinn, gi well se duerno weider an d'Belsch féieren, grad esou wéi Streck Sterpenech-Namur mat Gläichstroum vun 3 kV alimenteiert, . D'Gleiser 5 bis 10 an den Triage si mat 25 kV Wiesselstroum elektrifizéiert, grad ewéi de Rescht vun de lëtzebuergesche Strecken. D'Gleiser 3 a 4 kënne bei Bedarf tëscht 3 kV an 25 kV ëmgeschalt ginn, wat virunn allem fir den EuroCitybetrib wichteg ass. Dat fréiert Gleis 6, iwwert dat fréier Gidderzich duerch d'Gare gefuer sinn, gouf am Kader vun de Renovatiounsaarbechte liquidéiert.

[änneren] Zuchlinnen

[änneren] National

Regionalzuch Nächst Halt A Richtung
  RB
CFL-Linn 10
  Dummeldeng Ettelbréck / Wolz
  IR
CFL-Linn 10
  Gare Miersch Ëlwen / Gouvy / Dikrech
  RB
CFL-Linn 30
  Zens-Hamm Waasserbëlleg
  RB
CFL-Linn 50
  Bartreng-Stroossen Klengbetten
  RB
CFL-Linn 60
  Bierchem Rodange / Attem
  RE
CFL-Linn 60
An der Woch
  Beetebuerg Rëmeleng
  RE
CFL-Linn 60
An der Woch
  Beetebuerg Wuelmereng
  RE
CFL-Linn 60
An der Woch
  Beetebuerg Däitsch-Oth
  RB
CFL-Linn 70
  Hollerech Rodange

[änneren] International Verbindungen

Aus Richtung Halt virdrun International Nächst Halt A Richtung
Bréissel-Midi Arel   IC J   Terminus Terminus
Liers / Léck Miersch   IR m   Terminus Terminus
Bréissel-Midi Arel   EC Vauban   Diddenuewen Chur
Bréissel-Midi Arel   EC Iris   Diddenuewen Zürich
Bréissel-Midi Arel   EC Jean Monnet   Diddenuewen Basel
Terminus Terminus   TER   Beetebuerg Nanzeg
Terminus Terminus   TER   Hollerech Lonkech / Longuyon
Terminus Terminus   TER   Diddenuewen Basel
Terminus Terminus   TGV   Diddenuewen Paräis
Terminus Terminus   Lunéa
Um Weekend an am Summer
  Diddenuewen Nice
Terminus Terminus   Lunéa
Um Weekend an am Summer
  Diddenuewen Portbou / Cerbère
Terminus Terminus   RE
  Waasserbëlleg Tréier
Terminus Terminus   IC   Waasserbëlleg Koblenz / Norddeich / Emden

[änneren] Literatur

  • Jüsgen, 1924. Deutsche Eisenbahnhochbauten in Luxemburg. In: Zentralblatt der Bauverwaltung Nr 29 vum 16. Juli 1924, Verlag: Guido Hackebeil Akt.-Ges, Berlin, Ss. 241-244. (Link op d'pdf-Dokument)

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Luxembourg railway station – Biller, Videoen oder Audiodateien


Garen op der Streck Lëtzebuerg - Waasserbëlleg / Linn 30

Lëtzebuerg - Zens-Hamm - Sandweiler-Konter - Éiter - Mënsbech - Rued - Betzder - Wecker - Manternach - Mäertert - Waasserbëlleg
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 10 · Linn 60 · Linn 60 / Rëmeleng · Linn 60 / Wuelmereng · Linn 70 · Linn 80 · InterRegio m


Garen op der Streck Péiteng - Lëtzebuerg / Linn 70

Péiteng - Nidderkäerjeng-Suessem - Schuller - Dippech-Reckeng - Leideleng - Hollerech - Lëtzebuerg
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 10 · Linn 30 · Linn 60 · Linn 60 / Rëmeleng · Linn 60 / Wuelmereng · Linn 80 · InterRegio m


Garen op der Linn 10 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Maulesmillen - Ëlwen
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 30 · Linn 60 · Linn 60 / Rëmeleng · Linn 60 / Wuelmereng · Linn 70 · Linn 80 · InterRegio m


Garen op der Linn 60

Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Bierchem - Beetebuerg
Beetebuerg - Wuelmereng: Beetebuerg - Bireng - Diddeleng-Stad - Diddeleng-Zenter - Diddeleng-Schmelz - Wuelmereng
Beetebuerg - Péiteng: Beetebuerg - Näerzeng - Schëffleng - Esch - Belval-Université - Belval Lycée - Belval-Réideng - Bieles-Zolwer - Uewerkuer - Déifferdeng - Nidderkuer - Péiteng
Antenn Rëmeleng: Näerzeng - Keel - Téiteng - Rëmeleng
Antenn Däitsch-Oth: Esch - Däitsch-Oth
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Streck Lëtzebuerg - Péiteng · CFL-Linn 60 · CFL-Linn 30


[änneren] Referenzen

  1. Artikel Die Grundsteinlegung am Luxemburger Wort Nr 101 vum 4. November 1858, S.1 (Link)
  2. Artikel Die Inauguration unserer Eisenbahnen am Luxemburger Wort Nr 80 vum 6. Oktober 1859, S. 1 (Link)
  3. Service des Sites et monuments nationaux: Luxembourg: Gare
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen