AVL-Linn 4

Vu Wikipedia
AVL-Linn 4
D'Linn 4 an der Rue des Glacis (2023)
Leideleng - Dummeldeng
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Leideleng, Gemeng 49°34'2,9"N, 6°3'46,5"O
op Dummeldeng, Parc de l'Europe 49°38'19,7452"N, 6°8'39,3061"O
iwwer Leideleng, Zéisseng, Hollerech, Garer Quartier, Uewerstad, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 13,767 km, 15,389 km
Fuerzäit 46 min, 51 min
mëttel Vitess 17,96 km/h, 18,10 km/h

D'AVL-Linn 4 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Leideleng, Gemeng - Zéisseng - Gare - Stad - Dummeldeng, Parc de l'Europe an zeréck. Se huet 33 Halten um Aller an der 34 um Retour. Zu Dummeldeng huet se den Terminus zesumme mat der Linn 32. Se fiert all Dag vun der Woch am Hallefstonnentakt.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 4 zum “service coordonné AVL/RGTR”.

Halten op der Linn 4[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 4 (Aller) Bemierkung
Leudelange, Gemeng
Leudelange, Stiédswee
Leudelange, Schaefert
Leudelange, Grasbësch
Rue de Leudelange
Am Eck
Cessange, Duerf
Cessange, Kierch
Fischerhaff
Artisans
Barrès
Aciérie
Jean-Baptiste Merkels
Fonderie
Gare Centrale
Al Avenue
F. D. Roosevelt
Hamilius
Fondation Pescatore
Theater
Kiischtewee
Alen Eecher Bierg
Octroi
Eecher Plaz
Lavals Park
Knupp
Tommys Bruch
Biechelchen
Van der Meulen
Jean Engling
Parc de l'Europe gemeinsamen Terminus mat der Linn 32

Entwécklung vun der Linn 4[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 23.05.1960 un: Gare - Viaduc - Grand-Rue - Lampertsbierg (av. du Bois) - av. Pasteur - av. de la Porte-Neuve - Viaduc - Gare
  • 1971 - 1990: Gare - Stad - Lampertsbierg
  • 1992 - 2001: Bouneweg / Kaltreis - Gare/Stad - Lampertsbierg / av. V. Hugo
  • 2001 - 2008: Bouneweg / Demy Schlechter - Gare/Stad - Lampertsbierg/Avenir
  • 2008 - 2015: Boy Konen - Zéisseng - Gare/Stad - Lampertsbierg / L.T. Michel Lucius
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Leideleng, Gemeng - Zéisseng - Gare - Stad - Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius

Si hat 28 Halten um Aller an der 27 um Retour. Um Lampertsbierg hat se den Terminus zesumme mat de Linnen 2, 3 an 30 an ass an der Woch all 20 Minutten a sonndes all hallef Stonn gefuer. Tëscht dem Lampertsbierg an der Gare hat se den Trajet parallel mat der Linn 2.

Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 geännert an ass vun dunn un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 4 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019