AVL-Linn 5

Vu Wikipedia
AVL-Linn 5
D'Linn 5 um fréieren Trajet op der Metzerplaz
Cloche d'Or - Bartreng
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Cloche d'Or, P+R Stade de Luxembourg 49°34'35,58"N, 6°6'34,42"O
op Bartreng, Gemeng 49°36'38,6917"N, 6°3'4,3434"O
iwwer Gaasperech, Houwald, Bouneweg, Garer Quartier, Uewerstad, Belair, Märel, Helfenter Bréck, Bartreng
Bustyp Gelenkbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 13.674 m, 13.238 m
Fuerzäit 45 min, 47 min
mëttel Vitess 18,23 km/h, 16,90 km/h

D'AVL-Linn 5 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Cloche d'Or - Houwald - Bouneweg - Gare - Stad - Märel - Bartreng, Gemeng an zeréck. Si huet 36 Halten um Aller an der 38 um Retour.

Op der Cloche d'Or huet se den Terminus zesumme mat der Linn 22. Tëscht dem Houwald (Rangwee) an der Uewerstad fiert se parallel mat der Linn 3 an duerno, bi op d'Gemengegrenz op der Helfenter Bréck, parallel mat der Linn 6 an huet och den Terminus zu Bartreng gemeinsam mat der Linn 6.

D'Linn fiert wiertes all 15-20 Minutten, samschdes a sonndes all 30 Minutten.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 5 zum “service coordonné AVL/RGTR”.

Halten op der Linn 5[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 5 (Aller) Bemierkung
P+R Stade de Luxembourg

gemeinsamen Terminus mat der Linn 22

Stade de Luxembourg
Schaarfen Eck
Émile Bian
Leonardo Da Vinci
Francophonie[1]
Gerhard Mercator[2]
Howald, P+R Lux-Sud[2]
Howald, Ronnebësch[2] Gare Houwald
Howald, Moureschanz[2]
Lycée Bouneweg / PE
Lycée Bouneweg / LTB
Willibrord
Léon XIII
Fraternité
Virchow
Huese Vic
Wallis
F. D. Roosevelt
Monterey
Wampach
Crécy
Franciscaines
Merl, Parc
Place de France
Orval
Laang Heck
St Hubert
Plaak
Op der Millen
Bertrange, Fleuri
Bertrange, Richterwee
Bertrange, Montereale
Bertrange, Kierfecht Gare Bartreng-Stroossen
Bertrange, Gemeng gemeinsamen Terminus mat der Linn 6

Entwécklung vun der Linn 5[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 17.08.1960 un: Gare - av. de la Gare - Grand-Rue - Lampertsbierg (av. V. Hugo) - av. de la Faïencerie - bd de la Foire - av. de la Porte-Neuve - Grand-Rue - av. de la Gare - Gare
  • vun 1971 - 1992: et gouf keng Linn mat der Nummer 5
  • 1992 - 2001: Hamm - Bouneweg - Wallis-Plaz - Stad - Kierchbierg - Weimeschkierch
  • 2001 - 2008: P+R Kockelscheier - Gaasperech - Gare/Stad - Kierchbierg - Weimeschkierch - Eech
  • 2008 - 2011: Dummeldeng / Parc de l'Europe - Eech - Stad/Gare - Bouneweg / Jeanne d'Arc
  • 2011 - 2015: Dummeldeng / Parc de l'Europe - Eech - Stad/Gare - Bouneweg / Demy Schlechter
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Bouneweg, Demy Schlechter - Gare-Rocade - Stad - Märel - Bartreng, Gemeng

D'Linn hat 30 Halten um Aller an 31 um Retour. Tëscht Bouneweg an der Gemengegrenz op der Helfenter Bréck ass se parallel mat der Linn 6 gefuer an hat och déi zwéin Terminusse gemeinsam mat der Linn 6.

An der Haaptverkéierszäit huet d'Linn 5 um Aller 38 Minutte fir eng Streck vu 10,97 Kilometer gebraucht; um Retour waren et 38 Minutte fir 10,36 Kilometer.

Wéinst dem Tramsschantje ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[3] gefuer.

D'Linn ass wiertes all 20 Minutten, samschdes a sonndes all 30 Minutte gefuer; duerch de parallellen Trajet tëscht Bouneweg an der Helfenter Bréck gouf et do an der Woch all 10 Minutten e Bus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 5 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Halt gëtt just provisoresch wärend der Deviatioun vun der Linn 5 am Kader vun Schantjen an der Rue des Scillas ugefuer (12. Mäerz bis Enn Juli 2023)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Halt gëtt provisoresch wärend der Deviatioun am Kader vun Schantjen an der Rue des Scillas net ugefuer (12. Mäerz - Enn Juli 2023)
  3. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019