AVL-Linn 26

Vu Wikipedia
AVL-Linn 26
Steesel - Kierchbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Steesel, Kennedy 49°40'13,9"N, 6°7'28,4"O
op Kierchbierg, Rehazenter 49°37'39,8"N, 6°10'17,3"O
iwwer Heeschdref, Walfer, Bäreldeng, Beggen, Eech, Pafendall, Clausen, Neiduerf, Kierchbierg
Bustyp Elektrobus
opgaang 3. November 2019
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 15,367 km, 15,649 km
Fuerzäit 43 min
mëttel Vitess 21,44 km/h, 21,84 km/h

D'AVL-Linn 26 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen déi zanter dem 3. November 2019 um Trajet Steesel, Kennedy - Kierchbierg, Rehazenter fiert.

Se fiert wiertes all 20 Minutten, samschdes all hallef Stonn a sonndes mëttes all Stonn an ersetzt déi fréier RGTR-Linn 282 (Steesel - Lampertsbierg) déi ofgeschaaft gouf.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 26 zum “service coordonné AVL/RGTR”. Se gëtt net vun AVL Bussen, mee nëmme vu privaten Entreprisë gefuer.

Halten op der Linn 26[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 26 (Aller) Bemierkung
Steinsel, Kennedy
Steinsel, Gonneschhaff
Steinsel, Um Gruef
Steinsel, Michel Rodange Plaz
Müllendorf, Mëlleref
Heisdorf, Altersheem
Heisdorf, Klouschter Gare Heeschdref
Heisdorf, Bei der Parkmauer
Heisdorf, Millewee
Helmsange, Mercatoris
Helmsange, Tricentenaire
Walferdange, Gemenge Plaz
Bereldange, Police
Bereldange, Schoul
Beggen, Rue du Pont
Bastogne
Beggen, Kierch
Binnchen
Henri Heymanns
Émile Metz
Eecher Klinick
Eecher Plaz
Stade G. Diderich
Sichenhaff
Pfaffenthal, Halte CFL Gare Pafendall-Kierchbierg
Théiwesbuer
Vauban
Ste Cunégonde
Malakoff
Hierzekrëpp
Fixmer
Neudorf, Kierch
Huesegrënnchen
Carrières
Bricher Gässel
Labours
Joseph Hackin
Hôpital Kirchberg
Pierre Werner
Rehazenter
Rehazenter Parking betriblech Halt

Entwécklung vun der Linn 26[änneren | Quelltext änneren]

  • virun 2014: et gouf keng Linn mat der Nummer 26
  • 2. Juni 2014 - 31. Januar 2017: Gare - Houwald - Cloche d'or - Leideleng - Helfenter Bréck - Bartreng/Belle Étoile; zanter dem 1. Februar 2017 gëtt en änlechen Trajet als RGTR-Linn 655 (bis de 16. Juli 2022 RGTR-Linn 226) gefuer.

Déi fréier Linn 26 war sengerzäit entstanen duerch eng Zesummenaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg mat hiren Nopeschgemenge Bartreng, Hesper, Leideleng, Stroossen an dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen am Kader vun der „DICI[1] Konventioun fir déi koordinéiert an integrativ interkommunal Entwécklung am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg”. D'Zil vun dëser Konventioun war et fir ë. a. d'Liewensqualitéit ze verbesseren an d'Natur ze erhalen.

  • 1. Februar - 9. Dezember 2017: et gouf keng Linn mat der Nummer 26
  • 10. Dezember 2017 - 14. Oktober 2018: Cloche d'or, Guillaume Kroll - Ban de Gasperich - Houwald, Peternelchen
  • 15. Oktober 2018 - Juni 2019: et gouf keng Linn mat der Nummer 26
  • Juni 2019 - 2. November 2019: Kockelscheier, Patinoire - Ban de Gasperich - Houwald, Peternelchen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 26 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Convention relative à un Développement Intercommunal Coordonné et Intégratif du Sud-Ouest de l'agglomération de la Ville de Luxembourg“ „DICI Sud-Ouest“