Gare Houwald

Vu Wikipedia
Gare Houwald
D'Gare Houwald (Dezember 2017)
Streck 6
PK 14,400
Quaien 2
Gleiser 3
Uertschaft Houwald
Gemeng Hesper
Kanton Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 34’ 52’’ N
      06° 07’ 57’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare Houwald ass eng Zuch-Gare, fir déi d'Aarbechten 2016 mam Bau vum éischte (vun am Ganzen zwéin) Quaien ugefaangen hunn[1]. Et ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Lëtzebuerg an der Gare Bierchem vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Den 10. Dezember 2017 ass den éischte Quai opgaangen. Do kënnen ë. a. d'Zich, déi vun Esch-Uelzecht an aus Frankräich kommen, stallhalen, fir datt d'Leit déi an de Gaasperecher Bann wëllen, d'Méiglechkeet hunn erauszeklammen an net mat bis op d'Gare Lëtzebuerg ze fueren.


Et ass geplangt, datt den Tram, dee bis op d'Cloche d'or verlängert gëtt, vu Juni 2024 un direkt iwwer der Gare stallhale soll. Dofir gouf uganks 2021 mam Bau vun enger neier Bréck ugefaangen. Do dernieft gëtt och nach eng Busgare amenagéiert, fir sou e kamouden Iwwergang tëscht den eenzelen Transportmëttelen z'erméiglechen[1]. Dësen intermodale Pol soll och bis 2024 fäerdeg sinn.[2]

Och den Neibau vum Lycée technique du centre soll wéinst dem gudden Uschloss nieft d'Gare kommen; e soll bis 2027 fäerdeg sinn.[3]

An den éischten 11 Méint, an deene se a Betrib war, goufen am Ganzen 185.743 Passagéier do gezielt.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Neue 'Gare Howald', neue N3, neue Quais am Hauptbahnhof." wort.lu, 9. März 2016 um 18:38.
  2. 2,0 2,1 " 'La mobilité au Luxembourg va changer fondamentalement'." wort.lu, 10.12.2018.
  3. "Tramreseau: Ausbau vu Buchler Bréck." 100komma7.lu, 16. Jan 2019 - 12:00.