Gare Schieren

Vu Wikipedia
Gare Schieren
En Dosto an der Gare vu Schieren
Streck 1, 2b
PK 44,950
Quaien 2
Gleiser 3
Uertschaft Schieren
Gemeng Schieren
Kanton Dikrech
Koordinaten 49° 49’ 47’’ N
      6° 05’ 43’’ O
Websäit CFL.lu


D'Gare vu Schieren ass haut eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Colmer-Bierg an der Gare Ettelbréck vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

An der Gare leien zwee Gleiser fir Nordstreck an eent fir d'Atertlinn, déi awer nëmmen nach bis op Biissen befuerbar ass. Nieft der Gare ass d'Barriär an der rue du Moulin.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn geet vu Kautebaach fort bis op Wolz.

D'Gare Schieren huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Eisebunner virun der Schierener Gare ëm 1917

De 25. Juli 1880 ass d'Schierener Halt op der Atertlinn opgaangen. Se louch baussent Schieren, um Gebitt vun der Nopeschgemeng Colmer-Bierg, do wou d'Atertlinn an d'Nordstreck ausernee gaange sinn, tëscht de Garë Colmar-Usines an Ettelbréck, 1.041 m hannert der éischtgenannter Gare[1].

Den 1. Oktober 1897 gouf d'Halt knapp annerhallwe Kilometer méi no bei d'Duerf geluecht[2] a vum 1. Mäerz 1919 u goufen och Gidder op der Gare ofgewéckelt.

Nodeems den 23. September 1967 de leschte Persounenzuch op der Atertlinn gefuer war, ass d'Gare och net méi gebraucht ginn. D'Garegebai ass 1984 un d'Gemeng verkaaft ginn, déi et ofrappe gelooss huet.

Obwuel vill Leit eng nei Schierener Gare op der Nordstreck gefrot hunn, huet et bis de 27. Januar 1986 gedauert bis d'CFL - op Drock vun ë. a. der AÖT - hiren Accord dozou ginn hat[3]. Den 28. September 1986 ass d'Schierener Gare op der Nordstreck opgaangen[4].

Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Colmer-Bierg   RB
CFL-Linn 10 
  Ettelbréck Dikrech

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Schieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Keiser, Fernand. “Bim, bam, biren... fuer mam Prënz op Schieren”  : d'Geschicht vun der Schierener-Gare - Geschichten iwwert den Zuch. Grass-Klengbetten: D'Frënn vun der Atertlinn, 2007. Print., S. 28-29
  2. idem, S. 30-31
  3. idem, S. 39-40
  4. idem, S. 14