Gare Wolz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| CFL-Linn(en) | 10 | ||||
| P.K. | 9.104 | ||||
| Quaien | 2 | ||||
| Gleiser | 2 | ||||
| Uertschaft | Wolz | ||||
| Gemeng | Wolz | ||||
| Kanton | Wolz | ||||
| Park & Rail-Parking | jo | ||||
| Parkplaze fir Leit mat r. Mobilitéit | jo | ||||
| Koordinaten | 49° 57' 56" N 5° 55' 37" O |
||||
| Websäit | CFL.lu | ||||
D'Gare Wolz ass d'Kappgare un der Antenn vun der Linn 10, déi vu Kautebaach op Wolz féiert, déi lescht Gare virdrun ass d'Gare Paradiso, vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Gare Wolz huet gratis "Park & Rail"- Parkingen mat 44 Plazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
D'Gare vu Wolz ass eréischt zënter dem 24. September 1967 eng Kappgare. Virdrun huet d'Streck vu Wolz iwwer d'Schëmpecher Streck, duerch den Dall vun der Wolz, weider iwwer Wanseler, d'Schleef, laanscht Schëmpech an Nidderwampech, bis op d'belsch Grenz bei Benonchamps gefouert. Vun do aus hat se Uschloss un d'Linn 164 vun der belscher Eisebunn, an iwwer déi eraus, vum Y bei der Gare Baaschtnech-Nord, Uschloss un d'Linn 163 vu Libramont op Sankt Vith.
Zich déi an der Gare halen [änneren]
| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Lëtzebuerg | Paradiso | RB CFL-Linn 10 |
Terminus | Terminus | ||
| Kautebaach | Kautebaach | RE CFL-Linn 10 An der Woch |
Terminus | Terminus | ||