Gare de l'Est (Paräis)

Vu Wikipedia
Gare de l'Est
Erëffnung: 5. Juli 1849
Arrondissement: 10.
Passagéier all Joer: 34 Milliounen
Catenaire: 25kV 50Hz
Destinatiounen: Ostfrankräich, Lëtzebuerg
Süddäitschland, Schwäiz.
Eisebunnsstrecken: Paräis-Mulhouse
Paräis-Stroossbuerg

D'Gare de l'Est vu Paräis ass eng vu 7 Haaptgare vun der franséischer Haaptstad. Si gouf de 5. Juli 1849 ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung Ost-Frankräich a Mëtteleuropa.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gare de l'Est gouf vun der Compagnie de Paris à Strasbourg no Pläng vum Architekt François Duquesney opgeriicht an hat am Ufank den Numm Embarcardère de Strasbourg. 1854 kruet se hiren haitegen Numm, nodeem d'Compagnie de l'Est d'Gestioun iwwerholl hat an de Reseau iwwer Stroossbuerg op Mulhouse verlängert gouf.

1885, 1900 (Vergréisserung vu 5 op 16 Gleiser)[1] an tëscht 1924 an 1931 gouf s'op hiren haitege Volume ausgebaut. Vun der éischter Gare ass haut nach just déi lénks Entrée erhalen, an och nach net am Original. Se gouf bei der Vergréisserung vun 1924-1931 ënner der Leedung vum Albert Descubes ewechgerappt, an duerno nees d'selwecht opgriicht.[2]

Vum 4. Oktober 1883 un ass den Orient-Express vun der Gare fortgefuer.

Uschlëss[änneren | Quelltext änneren]

SNCF
Paräisser Metro

Destinatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Destinatioune vun der Gare de l'Est(roude Beräich).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare de l'Est – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Navigatioun Garen op der Linn 7 (Paräisser Metro)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ecole nationale des ponts et chaussées, 4°27728
  2. Les plus belles Gares de France, Edition du club de France Loisirs, Säit 50