Gare Rodange

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gare vu Rodange

D'Gare Rodange ass eng Gare op der Linn 70 tëschent der Gare Rolleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn an der belscher, respektiv franséischer Grenz. Vun do aus gëtt et Verbindungen op Arel, Virton a Lonkech.

D'Gare Rodange huet e gratis "Park & Rail"- Parking mat 48 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Op den zweete Quai féiert nëmmen e Souterrain mat Trapen.

An der Gare ass keng Ramp disponibel. Op déi Manéier ass dës Gare net fir Leit mat Rollstill ageriicht.

Zich déi an der Gare halen [änneren]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Rolleng   RB
CFL-Linn 60 
  Attem Attem
Lëtzebuerg Rolleng   RB
CFL-Linn 60
  Terminus Terminus
Lëtzebuerg Rolleng   RB
CFL-Linn 70
  Terminus Terminus
Lëtzebuerg Attem   L
CFL-Linn 80
  Éibeng Virton / Libramont
Lëtzebuerg Rolleng   TER   Lonkech Lonkech / Longuyon

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]