Schueberfouer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Riserad op der Schueberfouer
Gebake Fësch gehéiert zu der Schueberfouer
Iwwerbléck vum Riserad aus

D'Schueberfouer, kuerz "d'Fouer", ass eng grouss Kiermes, déi Enn August um Virowend vum hellege Baartelméis bis Ufank September 20 Deeg laang um Glacis um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg gefeiert gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Verschidden Historiker mengen, datt et schonn 1225 eng éischt Fouer zu Lëtzebuerg gouf. Historesch bewisen ass awer just, datt dem Jang de Blanne säi Papp, den Heinrich VII., 1298 der Stad Lëtzebuerg erlaabt huet, fir e Maart z'organiséieren, dee ganzer véierzeg Deeg laang gedauert huet, vun Eroffersdag un, an deen op Véi spezialiséiert war. Mä och déi Kiermes konnt sech net laang halen, wuel well aner Mäert zur selwechter Zäit ofgehale goufen, a sécher och, well de politesche Wëlle schlussendlech gefeelt huet. Sou geet d'Grënnung vun eiser Schueberfouer op de Jang de Blannen zréck, deen den 20. Oktober 1340 en neien Ulaf geholl huet. Dem Jang seng Fouer louch méi spéit am Joer, huet just nach aacht Deeg gedauert a war haaptsächlech als Stoft- a Krommaart ausgeriicht.

Den Originaltext vum Jang sengem Dekret (Anonym o.J.):

« Jehans par la grâce de Dieu roy de boheme, comte de Luxembourg à tous ceux que ces présentes lettres verront, salut. Nous avons ordonné, faict et étably, faisons, ordonnons et établissons par ces lettres à toujoursmais, pour nous et pour nos hoirs comtes de Luxembourg, une foire à notre ditte ville de Luxembourg, laquelle foire commencera chacun an la vigile de la fete de St. Bartholomé apostre, et durera huit jours continuels tous entiers en cette manière etc.etc. et que ce soit ferme et étably à toujoursmais, nous avons fait seler ces lettres de notre seel, donné à Luxembourg le vintième jour du mois d'octobre l'an de grace MCCCXL. »

Hiren Numm huet d'Schueberfouer vun der Plaz wou se ofgehale ginn ass. Dat war um Schuedbierg (dem haitegen Helleg-Geescht-Plateau), deen deemools nach baussent de Stadmauere war. Aus Schuedbierg ass Schuedmiss an duerno Schuebermëss ginn.[1] Den Numm "Schueberfouer" kann awer och vum däitsche Wuert "Schober" ofstamen, wat jo souvill wéi "Unhänger" bedeit an op déi vill Händler mat hiren, meeschtens vu Päerd gezunnen Unhänger zréckzeféiren ass. Déi Bezeechnung "Fouer" stammt dobäi ouni Zweiwel vum franséische Wuert "Foire" of.[Source ?](cf. Diskussioun)

Mat der Zäit huet d'Schueberfouer als Maart ëmmer méi Erfolleg kritt, sou datt de Schuedbierg op eng Kéier ze kleng war an d'Fouer 1610 huet missen op de Lampertsbierg plënneren, nodeem datt do de Bësch ëmgehae gi war. Zanter dem 18. Joerhonnert gëtt et och Concerten op der Fouer, an 1844 gouf et dunn déi éischt Cabareten. An éischter Linn war et awer ëmmer nach e Maart: nieft Stëfter, Päerd a Schof ass och Parzeläin a Liewensmëttel verkaaft ginn. Dat huet sech no an no awer defintiv geännert, wéi ugaangs dem 20. Joerhonnert e klengt Riserad an eng Aachterbunn komm sinn, a Mëtt vum 20. Joerhonnert d'Attraktiounen ëmmer méi mechanesch goufen.

D'Schueberfouer haut[änneren | Quelltext änneren]

Haut si Knuppautoen a Spiller, wou ee gerëselt an duerch d'Luucht gejummt gëtt, e feste Bestanddeel vun der Fouer. Wat d'Iessen ugeet, gehéiere fir vill Leit gebake Fësch, Lëtzebuerger Grillwurscht, Gromperekichelcher oder en Eisekuch dobäi.

Ronn 500 Ufroe gëtt et all Joer vu Forainen, fir e Stand op der Fouer opzemaachen, mä well d'Plaz feelt, gëtt just knapps d'Hallschent zougelooss. Déi, déi nach all Joer komm sinn, gi virgeholl, plus all Kéier zwee bis dräi nei Forainen. Et kommen all Joer bis zu zwou Millioune Leit op d'Fouer, a maache se domat och wirtschaftlech zu engem grousse Succès.

Traditionell geet d'Schueberfouer op mam Hämmelsmarsch, bei deem eng Museksgrupp mat Schof duerch d'Stroosse vun der Haaptstad zitt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Steve Kayser, 2013: Nostalgie Schueberfouer, 128 S., Éditions Revue
  • Anonym, o.J. Schueberfouer History / Den Urspronk vun der Schueberfouer op funfair.lu [9.9.2008].
  • Kayser, Steve, 2007. Schueberfouer - Déi Lëtzebuerger Traditioun zanter 1340. Editions Schortgen.
  • Margue, Michel & Pauly, Michel, 1990. «Pour ce que nous desirrons moult le profit et avancement de nostre pays et especiaulment de nostre ville de Luxembourg». Kurze Bemerkungen zum wirtschaftspolitischen Umfeld der Gründung der Schobermesse". In: Pauly, Michel (Hrsg.), 1990. Schueberfouer 1340-1990. Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Publications du CLUDEM 1: 47-61. Luxembourg.
  • Oppel, Pia, 2008. "D'Schueberfouer". In: Kmec, S., B. Majerus, M. Margue & P. Peporte (éditeurs), 2008. Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg, 2. Editioun, S. 317-322. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Pauly, Michel (Hrsg.), 1990. Schueberfouer 1340-1990. Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Publications du CLUDEM 1. Les publications de la Banque et Caisse d'épargne de l'État. 152 S. Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Schroeder, Jean, 1990. "L'acte de fondation de la 'Schueberfouer'", in: Pauly, Michel (Hrsg.), 1990. Schueberfouer 1340-1990. Untersuchungen zu Markt, Gewerbe und Stadt in Mittelalter und Neuzeit. Publications du CLUDEM 1: 41-46. Luxembourg.
  • Etymologie de „Schoberfuor“. Eng Gloss vum Marcel Noppeney an der Luxemburger Illustrierte, № 17 vun 1931

Medienalbum[änneren | Quelltext änneren]

Toundokument Den Hämmelsmarsch lauschteren ? / i

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schueberfouer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]