Parzeläin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Parzeläin oder och Porzeläin genannt, ass äerdent Geschir, dat aus enger besonnescher Zort Toun, dem Kaolin, souwéi Quarz a Feldspat besteet a gebrannt ginn ass. Jee nodeem et sech ëm haarden oder mëlle Parzeläin handelt, ass seng Kompositioun verschidden, 50/25/25, beim haarden, a 25/30/45 beim mëlle Parzeläin. Den haarde Parzeläin gëtt zweemol gebrannt, de mëllen nëmmen eemol.

Haut passéiert de Parzeläin e Gas- oder Elektrouewe beim Brennprozess. Fréier gouf de Parzeläin nach a stenge Kummeren, déi zougebaut goufen, gebrannt.

Kuckt och [änneren]

Villeroy & Boch

Um Spaweck [änneren]

Commons: Porcelain – Biller, Videoen oder Audiodateien