Diskussioun:Schueberfouer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

zum "www.fouer.lu": Déi Websäit gëtt all Joer nees aktivéiert. Mee iwwer d'Joer ass do näischt lass. --Cornischong 20:02, 11 Feb 2005 (UTC)

Wat ass "Lëtzebuerger Grillwurscht"? Ieren en Thüringer? --Otets 21:41, 21 August 2005 (UTC)

Säit kuerzem dierfen keng Thüringer méi, déi net vun engem thüringer Metzler sin (mengen, e letz. metzler huet jo doweinst mat enger geldstrof an enger uklo gedroht kritt), den numm "thüringer" droen... dofir huet sech déi let. Metzlervereenegung den numm "letzebuerger grillwurscht" afaale geloos... --JimHawk 21:47, 21 August 2005 (UTC)

Kuckt och: http://europa.eu.int/eur-lex/pri/de/oj/dat/2003/l_330/l_33020031218de00130014.pdf --Cornischong 21:52, 21 August 2005 (UTC)

Ass dat elo Hoerspléckerei wann ee mengt, datt just "Thüringer Leberwurst", "Thüringer Rotwurst" an "Thüringer Rostbratwurst" geschützt sinn, mee net "Thüringer"? --Otets 22:05, 21 August 2005 (UTC)

Wat verschidden Historiker mengen[Quelltext änneren]

"Verschidden Historiker mengen, ..": Dat ass blabla, well dat bedeit guer näischt. --Cornischong 19:33, 25 August 2006 (UTC)

Den Alain Atten dogéint mengt, wann ech mech net verhéiert hunn, datt dem Jang säi Papp et mat engem Véimoart versicht hat an de Jang selwer mat engem Stëft- a Krommoart, net ëmgedréit wéi et bei eis steet. Vun enger Buerg als éischt Plaz vun der Fouer wëll den Alain Atten och näischt wëssen, fir heen ass et "Schuedbierg" respektiv "Schadebergmesse". Wa keen eppes dergéint huet, änneren ech dat an eisem Artikel an deem Sënn. --Otets 08:43, 5. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

"Mengt" den Alain Atten dat? Oder sot hien, datt hie géing "mengen"? Well hei mengt jo een, datt den Atten géing "mengen". Wann esou vill Leit dat mengen, muss et natierlech "an deem Sënn" g'ännert ginn. Mackebayar

Ech weess datt den Alain Atten dat um Radio gesot huet. Vu "menge" war u sech just rieds fir e Lien mat dem Saz driwwer ze man. Dat eenzegt wou ech net méi sécher sinn ass "Stëft-". --Otets 23:51, 7. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Sechs Deeg sinn da wuel ëm, ech änneren et dann. --Otets 01:41, 17. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

hun an engem buch den numm "schabermiss" stoen. et heescht: chronik der stadt luxemburg 963 - 1443 vum francois lascomves

Suguer bei Graffiti si Groussbuschtawen ze fannen. --Cornischong 20:18, 18 Oktober 2007 (UTC)

Den Numm "Schueberfouer" kann awer och vum däitschen Wuert "Schober" ofstaamen, wat jo souvill wéi "Unhänger" bedeit an op déi vill Händler mat hieren, meeschtens vu Päerd gezunnen Unhänger zréckzeféiren ass. Déi Bezeechnung "Fouer" stammt dobai ouni Zweifel vum franséischen Wuert "Foire" oof.

Wou kënnt dat hier datt e Schober en Unhänger ass. Den däitsche Schober ass dat wat bei ons den Heeknapp ass.
Am Fall wou et déi zweet Bedeitung Unhänger sollt ginn, wier eng Quell wou dat am Zesummenhank mat der Schouberfouer ernimmt gëtt, erwënscht. --Les Meloures 13:47, 30. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]