Villa Vauban

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Villa Vauban am Park.
D'Villa Vauban.

D'Villa Vauban - Musée d'art de la Ville de Luxembourg ass d'Konschtgalerie vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Villa Vauban gouf 1873 op der Plaz vum fréiere Réduit Vauban gebaut. Si gouf 1949 vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft fir d'Konschtsammlunge vun der Stad opzehuelen.

An den 1950er Joren hat de Geriichtshaff vun der CECA säi Sëtz an der Villa.

Direktesch vum Musée ass d'Danièle Wagener.

D'Kollektiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Musée besteet aus 3 Kollektiounen, déi de Jean-Pierre Pescatore (1853), de Leo Lippmann (1878) an d'Eugénie Dutreux-Pescatore (1902) der Stad Lëtzebuerg vermaach haten.

Déi ronn 300 Biller si virun allem aus dem 17., 18. an 19. Joerhonnert an zum groussen Deel vun hollänneschen, belschen a franséische Moler, dorënner den Antonius Van Dyck, Jan Steen, David Teniers, Eugène Delacroix a Gustave Courbet.

Ausserdeem ginn an der Villa regelméisseg thematesch Ausstellungen organiséiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. November 1868 huet de Gabriel Mayer, Besëtzer vun enger Hänschefabrik, den Terrain vum demanteléierte Réduit Vauban vun der Festung Lëtzebuerg kaaft an e Pavillon drop opriichte gelooss. Kuerz duerno huet hien donieft déi haiteg Villa no de Pläng vum Jean-François Eydt baue gelooss. D'Villa huet 1873 hir Dieren opgemaach.[1]

Schonn ee Joer duerno huet de Gabriel Mayer d'Propriétéit un de franséische Baron Charles-Joseph de Gargan (1831-1920) a seng Fra Émilie Pescatore (1840-1913) verkaaft.

1912 koum d'Propriétéit un hir Duechter Anne-Marie de Gargan (1866-1946), déi mam Norbert Le Gallais (1860-1934) bestuet gouf. D'Koppel hat keng Kanner, an d'Anne-Marie Gargan huet vun 1934 un a Südfrankräich gelieft.

1940 gouf d'Propriétéit vun de Nazibesetzer konfiskéiert. An der Villa hu si de Landwirtschaftsministère an eng aner Verwaltung installéiert.

No der Liberatioun (1945) hunn d'Henriette Pescatore (1914-1984) an hire Mann, de Pierre Werner während dräi Joer an der Villa gewunnt.

1948 hunn d'Ierwe vun de Famill Le Gallais-de Gargan de Mobilier vun der Villa versteeë gelooss.

1949 huet d'Stad Lëtzebuerg, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Famill Dutreux-Pescatore, d'Villa fir 5 Millioune Frang kaaft. Et war 1949 scho geplangt, d'Konschtwierker aus der Sammlung Pescatore an der Villa auszestellen, wat awer eréischt 1959 konnt geschéien.

1950 gouf am Park vun der Villa e Rousegaart (Roseraie) amenagéiert. Vu 1950 bis 1952 gouf d'Villa fir d'éischt renovéiert.

Tëscht 1952 an 1959 hat de Geriichtshaff vun der CECA säi Sëtz an der Villa. D'Audienze waren am Ufank an der Villa selwer, duerno, wéinst Manktem u Plaz, am Cercle municipal op der Plëss d'Arem.

1959 ass de Geriichtshaff vun der CECA erausgeplënnert an d'Konschtsammlunge vun der Stad konnte vun do un an der Villa ausgestallt ginn.

Den 23. Juni 1991 gouf am Park bei der Villa d'Skulptur Enlacement, e Wierk am Bronze vum Lucien Wercollier, ageweit.[2] D'Skulptur gouf spéider erëm do ewechgeholl.

Vun 1991 bis 1995 gouf de Groussherzogleche Palais renovéiert. Während de Chantiersjoren hunn de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine Charlotte offiziell an der Villa Vauban residéiert.

Vun Abrëll 2005 bis Abrëll 2010 gouf d'Villa Vauban, fir gutt 14 Milliounen Euro, renovéiert, an no engem neie museographesche Konzept ëm- an ausgebaut. D'Ausstellungsfläch gouf verdräifacht an op 862 Quadratmeter gehéckt. D'Gesamtsurface vum Musée ass 2.045 Quadratmeter.[3]

Während der Renovatioun goufen archeologesch Gruewunge gemaach, fir d'Iwwerreschter vun de Festungsanlage nieft der Villa fräizeleeën.

Den 1. Mee 2010 huet de Musée, a Presenz vun der Kinnigin Beatrix vun Holland, dem Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa seng Dieren nees opgemaach.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thewes, G. & J. Koeune (Koord.), 2010. Villa Vauban. Musée d'Art de la Ville de Luxembourg. Erausgi vun der Stad Lëtzebuerg. Ouni Numm vun der Dréckerei. ISBN 978-2-919878-38-3
  • Walerich, C., 2010. Vamos a la Villa. ons stad 93, S. 12-15. PDF
  • Yegles-Becker, I., 2010. La Villa Vauban. Symbole de culture et d'identité historique. ons stad 93, S. 16-19. PDF
  • Yegles-Becker, I., 1998. Parcs et espaces verts : L'invention du promeneur. ons stad 58, S. 12-18. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Vauban – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Source fir d'Geschicht vun der Villa, ausser wann anescht uginn: I. Yegles-Becker 2010.
  2. Ons Stad, Nr 37 vun1991, S. 2 (Link op d'pdf-Dokument)
  3. "Villa Vauban - Klassische Kunst in moderner Hülle." wort.lu 12.04.2010 15:28.
  4. Hoher Gast in der Villa Vauban