Édouard André

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Édouard André an den Anden.
Gravur vum Émile Bayard (1889).

Den Édouard François André, gebuer de 17. Juli 1840 zu Bourges a gestuerwen de 25. Oktober 1911 zu La Croix-en-Touraine am franséischen Departement Indre-et-Loire, war e franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker.

Hien huet an Europa an a Südamerika eng sëlleche Parke geplangt an ugeluecht, dorënner déi vu Monte-Carlo, Liverpool a Montevideo. Och de Park vun der Stad Lëtzebuerg, deen tëscht 1871 a 1878 vun der Stad Lëtzebuerg ugeluecht gouf, nodeem d'Festungsanlagen ofgerappt gi waren, an d'Promenaden am Péitrussdall an op den Dräi Eechelen ginn op hien zréck. No 1886 huet hien zu Lëtzebuerg och de Park vum Thermalbad vu Munneref an de Park vum Hotel Grand-Chef zu Munneref ugeluecht, sou wéi d'Parke vum Mäerterter "Schlass" (Famill Pescatore), vum Schlass Kockelscheier (Famill Dutreux-Pescatore), dee vum Bouferdenger "Schlässchen" (och Famill Dutreux-Pescatore) an dee vum Walfer Schlass (am 20. Jh. zerstéiert).[1]

Ausserdeem war e Chefredakter vun der Illustration horticole, déi dem Belsch-Lëtzebuerger Botaniker Jean Linden gehéiert huet. 1875-1876 huet en eng botanesch Exploratioun an d'Anden geleet a vun do eng sëlleche Planze mat an Europa bruecht, dorënner d' Anthurium andreanum, haut d'Embleem vun der Martinique. Hie gouf Professer fir Gaardebau op der École nationale d'horticulture zu Versailles. Zwanzeg Joer laang huet hien och d'Revue horticole erausginn.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Bromeliaceae Andreanae. Description et Histoire des Bromeliacées récoltées dans la Colombie, l'Ecuador et la Venezuela, Librairie Agricole, Paris, 1889. Réédition : Big Bridge Press, Berkley CA, 1983.
  • Traité général de la composition des parcs et jardins, Masson, Paris, 1879. Réédition : Lafitte Reprints, Marseille, 1983.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Philippart, R., 2007. Edouard André (1840-1911). In (S. 22): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8
  • André, Florence et de Courtois, Stéphanie (dir.), 2000. Édouard André, 1840-1911. Un paysagiste botaniste sur les chemins du monde. Éditions de l'Imprimeur, Paris.
  • Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, S. 299
  • Schoellen, Marc, 2011. Edouard André (1840-1911) à Luxembourg. Un grand homme du paysage. Hommage à l'occasion du centenaire de sa disparition. Luxemburger Wort, (I) Die Warte Nr. 29|2343 vum 20. Oktober 2011, S. 7-9. (II) Die Warte Nr. 30|2344 vum 27. Oktober 2011, S.18-19.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Édouard André – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Marc Schoellen: "Gartendenkmalschutz und Gartendenkmalpflege in Luxemburg". In: forum Nr.287, Juni 2009, S. 36-38.