Jean Linden (Botaniker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Botaniker Jean Linden. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Linden.
Jean Linden
Gebuer 3. Februar 1817
Lëtzebuerg
Gestuerwen 12. Januar 1898
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Educatioun Stater Kolléisch,
Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Botaniker, Explorateur
Famill
Kanner Lucien Linden, Gaston Linden

De Jean Jules Linden gebuer den 3. Februar 1817 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 12. Januar 1898 zu Bréissel war e lëtzebuergesch-belsche Botaniker[1].

Statu vum Jean Linden am Parc Léopold zu Bréissel

De Jean Linden huet zu Bréissel studéiert a gouf 1835, mat knapps 19 Joer, vun der Belscher Regierung op Expeditiounsrees geschéckt, op där en duerch bal all Länner vu Mëttel- a Südamerika koum. Zäitweileg huet hie mam Alexander von Humboldt zesummegeschafft. Vun dësen am Ganzen dräi Reesen, déi bal 10 Joer gedauert hunn, huet hien eng Onmass vu Planzen heem an Europa geschéckt.

1845, no senge Reesen, koum hien hannescht op Lëtzebuerg, ass dann awer 1851 op Bréissel geplënnert, wou en d'Gesellschaft L'Horticole Coloniale gegrënnt huet. Zu Gent an zu Bréissel huet hien Zäre baue gelooss, fir déi besonnesch empfindlech tropesch Planzen unzebauen a weiderzezillen, déi en dann a ganz Europa, bis op de russeschen Zarenhaff, verkaaft huet.

Seng Sammlung vun Orchideeë gouf weltberüümt. Eng Orchideeënzort dréit souguer säin Numm: Lindensis. Hien ass den Auteur (zesumme mat sengem Jong Lucien) vun engem räich illustréierte Buch iwwer dës Blummenzort, dat laang e Standardwierk bliwwen ass. Zu sengen Haaptclienten huet eng Zäit laang de Jean-Pierre Pescatore gezielt, deen op sengem Schlass vu La Celle Saint-Cloud eng grouss Sammlung hat. Dësem wichtege Client zu Éieren huet de Jean Linden eng vu senge Publikatioune "Pescatorea" genannt.

Vun 1851 bis 1861 war hien Direkter vum zoologeschen a botanesche Gaart vum Bréisseler Parc Léopold, wou haut nach e Monument un en erënnert.

Zu Nice gouf d'Promenade des Anglais mat Palmen aus sengen Ziichtereien ugeluecht.

Eng Zäit laang war de Jean Linden och Generolkonsul vu Lëtzebuerg an de Vereenegte Staaten.

De Jean Linden ass am Alter vun 80 Joer zu Bréissel gestuerwen.

Hie war de Papp vun Lucien a vum Gaston Linden. Säi Schwoer war den Zoolog Nicolas Funck.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • L'Illustration Horticole, Journal spécial des Serres et des Jardins, Gent 1854-1884 (Erausgin zesumme mam Charles Lemaire an Ambroise Verschaffelt). Nodréck 1868-1896; d'Lithographië si vum Alfred Goosens, P. De Pannemaeker and J. Goffart.
  • Pescatorea - Iconographie des Orchidées, Bréissel 1860; en Nodrock ass bei Naturalia publications erauskomm.
  • Lindenia - Iconographie des Orchidées, 17 Bänn, Bréissel 1886-1903. (d'Illustratioune si vum A. Goossens, d'Texter vum Jean Goossens a Lucien Linden)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nicole Ceulemans[2] 2005: Jean Linden - Explorateur - Père des orchidées, Éditions Schortgen & Fonds Mercator, 24 x 29 cm, 237 faarweg Säiten, op Franséisch. ISBN 2-87953-018-0
  • Nicole Ceulemans (avec la collaboration de G. Braem) 2006: Sur les traces de Jean Linden, explorateur. Bruxelles: Fonds Mercator 2006. ISBN 9-06153-630-8.
  • Merle A. Reinikka, 1995. A history of the orchid. Portland (Oregon), Timber Press, 324 S. (first published in 1972 by University of Miami Press). (Jean Linden: S. 204-207).
  • Antoinette Reuter 2003: Jean Jules Linden 1817-1898. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 275-276. ISBN 2-87963-419-9.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Jean Jules Linden op der Websäit vum Jardin Botanique National de Belgique Archivéiert op 2011-07-18. Gekuckt de(n) 2012-08-07.
  2. Ururkandskand vum Jean Linden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Jules Linden – Biller, Videoen oder Audiodateien