Gaston Linden

Vu Wikipedia
Gaston Linden
Gebuertsnumm Auguste Adrien Jean Jules Gaston Linden
Gebuer 22. Abrëll 1860
Ixelles
Gestuerwen 8. Abrëll 1949
Bourg-la-Reine
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Papp Jean Linden
Geschwëster Lucien Linden

Den Auguste Adrien Jean Jules Gaston Linden, gebuer den 22. Abrëll 1860 zu (Ixelles / Elsene, a gestuerwen den 8. Abrëll 1949 zu Bourg-la-Reine, war e lëtzebuergesche Moler.[1],[2]

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Gaston Linden gouf an der Belsch als jéngste Bouf vum Botaniker Jean Jules Linden (1817-1898) an der Anna Elisa Reuter (1820-1903) gebuer.[3] Hie war Autodidakt an der Molerei. 1880 huet hie sech zu Paräis niddergelooss, wou hie sech ë.a. vum Mihály Munkácsy berode gelooss huet. Och seng Frëndschaft mam belsche Moler Émile Wauters hat Afloss op säi Wierk.[4] Géint d'Enn vun den 1880er Joren hunn de Linden an de Wauters eng Zäitchen zu Iechternach geschafft.

De Gaston Linden huet Genrebiller, Landschaften, Portraiten a Mier-Vuë gemoolt, hie gouf virun allem wéinst senge Fraeportraite bekannt.[5] Vun 1880 un huet hien ë. a. an der Belsch, an Däitschland an a Frankräich ausgestallt. Op der Internationaler Konschtausstellung 1891 zu Berlin krut hien eng mention honorable fir déi zwéin Tableauen, déi en do ausgestallt hat.[6] De Linden war Member vun der Kënschtlervereenegung Cercle Artistique de Luxembourg (CAL), op deem senge Salonen hien tëscht 1894 an 1910 ausgestallt huet.[7] Säin Tableau Dame au voile, deen 1894 um Salon du Champ-de-Mars zu Paräis an um éischte Salon vum CAL ausgestallt gouf, huet de Groussherzog Adolphe fir seng Sammlung kaaft.[8]

De Gaston Linden ass a Frankräich, zwou Woche viru sengem 89. Gebuertsdag, gestuerwen.[5]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Paul Piron (2016) De Belgische beeldende kunstenaars van de 19e tot de 21e eeuw. Brussel: Ludion. ISBN 9789491819643, S. 1513.
  2. "Gaston Linden", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  3. Etat civil vun Ixelles, Gebuerten 1860, Akt Nr 229.
  4. Michel Engels, "Kunst", Luxemburger Wort, 24. Januar 1891.
  5. 5,0 5,1 Georges Hausemer (2006) Luxemburger Lexikon. Luxemburg: Éditions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-156-3.
  6. Obtulona, National Museum in Poznan.
  7. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxembourg: Cercle Artistique de Luxembourg, Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0
  8. "Gaston Linden", Luxemburger Land in Wort und Bild, 25 August 1895.

Dësen Artikel gouf als Iwwersetzung vum Artikel Gaston Linden op der hollänneschsproocheger Wikipedia ugeluecht. Auteuren sinn do am Versiounshistorique nozekucken.