Mihály Munkácsy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Mihály Munkácsy

De Mihály Munkácsy, gebuer den 20. Februar 1844 als Mihály Lieb[1] zu Munkács um Fouss vun de Karpaten, haut an der Ukrain, a gestuerwen den 1. Mee 1900, war en ungaresche Moler, deen eng Zäit um Kolpecher Schlass gelieft an do och gemoolt huet. Am Fong war d'Kolpecher Schlass, seng Summerresidenz, wéi hien nach zu Paräis gewunnt huet. Et war am Besëtz vum Baron Edouard de Marches a senger Fra Cécile Papier, enger gebierteger Lëtzebuergerin. Si hunn hie gesponsert an ënnerstëtzt.

Duerfschoul vu Kolpech

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Mihály Munkácsy hat e beweegt Liewen. 1846 ass hie mat der Famill op Miskolc (Ungarn) geplënnert, nodeem säi Papp versat gi war. Do huet hie bis 1851 gelieft. 1861 krut hien d'Syphilis, wouduerch säi Gesondheetszoustand sech verschlechtert huet. Hie war beim Wiener Moler Karl Rahl an der Léier, spéider zu München beim Sándor Wagner (1839-1919), engem jonken Ungar.

Seng Paräisser Zäit, vun 1871 un, gouf him vill Méiglechkeeten. Do huet hien déi klassesch Moler an d'Häerz geschloss a sech zum Realismus bekannt. Nodeem 1873 de Baron de Marches gestuerwe war, huet hie seng Witfra, d'Cécile Papier vu Clausen, de 5. August 1874 bestuet. Als Zeie war de Joseph Junck de Chef de gare vu Lëtzebuerg, e Jugendfrënd vun der Cécile Papier agelueden. D'Koppel ass zu Paräis an de mondäne Kreesser verkéiert. Lues a lues huet hien dunn och säi Stil geännert, ënner dem Afloss vun den Impressionisten, déi zu Paräis den Toun uginn hunn. D'Bestietnes mat der Cécile Papier huet him Kolpech, wou hie bekannt Biller vum Schlasspark gemoolt huet, méi no bruecht. D'Lëtzebuerger Moler Michel Engels a Franz Heldenstein waren zu Kolpech gär gesinn, grad wéi de Michel Lentz an de Staatsminister Paul Eyschen souwéi d'Famille Brasseur an den Notaire Félix Bian vu Réiden.

Um Enn vu sengem Liewen hat hie vill Depressiounen a war net méi ganz kloer am Geescht. 1900, den 1. Mee, ass hien am Alter vu 56 Joer ënner trauregen Ëmstänn verscheet.

Park vum Kolpecher Schlass - Tableau vum Mihály Munkácsy

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hei sinn nëmmen e puer Wierker erausgegraff:

  • D'Eruewerung vun Ungarn,1879, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Mamm a Kand, Eng Etude fir de Christus virum Pilatus, 1880, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Milton (Milton diktiert seinen Töchtern das verlorene Paradies) 1878, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Hond, 1882, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Bild vum vum Laszlo Paal, 1877, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • De Gaapsert, 1869, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Etude vum Eva fir säin Tableau or Milton, 1878, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Blummenensembel, 1881, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • The Pawnbroker's Shop, 1874, Metropolitan Museum of Art, New York
  • Golgotha, Cercle Municipal, Lëtzebuerg
  • De verluerene Jong, Konviktkapell, Lëtzebuerg
  • Portrait vum Franz Liszt, 1886, Ungarech Nationalgallerie, Budapest
  • Le Christ à la Croix
  • Christus vor Pilatus,
  • Pater, a Lëtzebuerger Privatbesëtz

D'Munkácsy-Strooss[änneren | Quelltext änneren]

Zu Hamm (Stad Lëtzebuerg) gëtt et eng rue Munkácsy, där hiren Numm op e Beschloss vum Stater Gemengerot vum 4. Juli 1930 zréckgeet.[2] Am Krich haten d'Preisen doraus d'Breugelstraße gemaach.[3]

1907 hat de Stater Gemengerot deen Numm allerdéngs schonn eng éischt Kéier verdeelt, an zwar un eng Strooss, déi d'Grenz gemaach huet tëscht der Stad an der deemoleger Gemeng Hollerech. Eng Säit vun där Strooss louch op Stater Gebitt, an d'Haiser op där Säit waren an der rue Munkácsy, déi aner Säit louch um Gebitt vun der Gemeng Hollerech, an op där Säit hunn d'Leit an der rue Ste Zithe gewunnt. An de Joren no der Fusioun vun der Gemeng Hollerech mat der Stad Lëtzebuerg, déi 1920 war, ass d'Bezeechnung rue Munkácsy verschwonnen, wéini genee, ass onkloer. Gewosst ass awer, datt de Stater Gemengerot de 16. Mee 1925 confirméiert, datt déi zwou Säite vun der Strooss den Numm Zithastrooss droen.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Karl, 1972 [Neioplo]. Porträtgalerie hervorragender Persönlichkeiten des Luxemburger Landes mit biographischen Notizen. 514 S. Verlag Edouard Kutter, Lëtzebuerg. [S. 288: Biographesch Notizen iwwer de Munkácsy]
  • Kohnen, Joseph, 1984. Munkácsy und Luxemburg. Imprimerie Saint-Paul, Luxemburg.
  • Kohnen, Joseph, 1996. Zwischen Paris und Budapest: Munkácsy in Luxembourg. S. 13-35 in: Munkácsy et le Grand-Duché de Luxembourg. Exposition du 20 septembre au 17 novembre 1996. Musée national d'histoire et d'art, Luxembourg.
  • Kohnen, Joseph, 1999. Munkácsy und Luxemburg : Auswahlbibliographie. Galerie : revue culturelle et pédagogique 17/4: 599-605. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2007. Le site de Colpach depuis les débuts jusq’à l'avènement des Mayrisch (1917). Galerie : revue culturelle et pédagogique 25, n° 2: 205-228. Differdange.
  • Kohnen, Joseph, 2008. Munkácsy und Luxemburg. Mit einem Begleitwort von Jean Ries. 2. überarb. & erw. Aufl. 242 S. éditions saint-paul, Luxemburg. ISBN 978-2-87963-714-3.
  • Engels, Michael, 1899. Michael v. Munkacsy, und seine Beziehungen zum Luxemburger Lande. Luxemburg. Druck von P. Worré-Mertens.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mihály von Munkácsy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 06, Säit 425.
  2. G. May: Die Strassenbezeichnungen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940 - 1944). In: Ons Stad, Nr. 71 (Dez. 2002), S. 30-32.[1]