Reduit
Den Terme Reduit (fr:réduit) bezeechent eng Plaz oder e Gebai wat besonnesch gutt befestegt ass, an an dat sech Verdeedeger kënnen zréckzéie fir sech iwwer eng länger Period ze wieren.
Inhaltsverzeechnes |
Festungsbau [änneren]
E Reduit ass d'Kärbefestegung vun engem Fort baussent enger Festung. Et ass e besonnesch staarkt Gebai an dat Verdeedeger sech konnten zréckzéie wann de baussenzege Befestegungswall vum Géigner iwwerwonne gouf. Am Géigesaz zu enger Redoute ass e Reduit fir eng méi grouss Besatzung mat Gewierer an Artillerie ausgeluecht an doduerch méi schwéier anzehuelen.
Beispiller fir Reduiten [änneren]
- Reduit vum Fort Rubamprez (Festung Lëtzebuerg)
- Reduit vum Fort Lambert (Festung Lëtzebuerg)
- Reduit vum Fort Oberer Kuhberg (Bundesfestung Ulm)
- Schwäizer Reduit, e Grupp vu Forten, déi an de Bierger an der Schwäiz, haaptsächlech no 1937 op Rot vum Generol Guisan ugeluecht goufen.
-
Reduit vum Fort Gerharda am polnesche Świnoujście.
Schwäizer Reduit [änneren]
De Begrëff gëtt och am Kader vum Schwäizer Reduit benotzt, engem vun der militärescher Féierung vun der Schwäiz an den 30er a 40er Joeren definéierte Réckzuchsgebitt an de schwäizer Alpen an dat sech d’schwäizer Arméi am Fall vun enger Invasioun sollt kënnen zréckzéien. Zu deem Zweck sinn ëm dat Gebitt ausgedehnten ënnerierdesch a getarnte Bunkeranlagen entstanen.