Adam Frans van der Meulen

Vu Wikipedia
Adam Frans van der Meulen
Gebuer 11. Januar 1632
Bréissel
Gestuerwen 15. Oktober 1690
Paräis
Nationalitéit Habsburgesch Nidderlanden, Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Moler
Investissement de Luxembourg. D'Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg (1684) duerch d'Arméi vum Louis XIV. op engem Tableau vum van der Meulen.

Den Adam Frans van der Meulen, op Franséisch Adam-François Van der Meulen oder och nach Antoine François van der Meulen, gebuer den 11. Januar 1632 zu Bréissel a gestuerwen de 15. Oktober 1690 zu Paräis war e flämesche Moler. Hien huet virun allem Schluechten, Landschaften an Alldagzeene gemoolt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De van der Meulen ass mat 16 Joer zu Bréissel an d'Léier beim Pieter Snayers gaangen, bei deem hien d'Mole vu Schluechtzeene geléiert huet.

1662 koum hien op Paräis bei de Charles Le Brun, dee Moler um Haff vum Louis XIV. an Direkter vun der Manufacture des Gobelins war. Zu Paräis huet de van der Meulen sech am Mole vu Schluecht- a Juegdzeene spezialiséiert.

1665 gëtt hien an d'Equipe vun de Moler opgeholl, déi domat chargéiert waren, de franséische Kinnek op Biller z'immortaliséieren. Als Haffmoler huet hien de Louis XIV. op all senge Reesen an all senge Kricher begleet an huet d'Ereegnesser a senger Molerei festgehalen.

De van der Meulen huet och Portraiten, Biller vu franséische Schlässer, vu feierleche Cortègen a vu Juegdzeene gemoolt. Hien huet och Zeene fir Wandteppecher entworf.

De van der Meulen hat e gutt organiséierten Atelier, an deem hie vun enger Rëtsch Schüler assistéiert gouf.

Relatioun mat Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De van der Meulen huet zwee Tableaue vun der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg duerch dem Louis XIV. seng Arméi am Joer 1684 (Investissement de Luxembourg) gemoolt (haut an de Kollektioune vum Musée du Louvre an dem Schlass vu Versailles).

D'Villa Vauban, de Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg huet a senge Kollektiounen zwee Wierker vum van der Meulen[1]:

  • e Plang vun der Stad Lëtzebuerg an
  • e Portrait vum éisträicheschen Äerzherzog Don Juan d'Austria.

Zu Dummeldeng krut 1952 eng Strooss dem van der Meulen säin Numm (rue Antoine-François van der Meulen)[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Beck, F., 2009. Was bedeuten die Straßennamen der Stad? Van der Meulen (rue Antoine François). Ons stad 91, S. 72. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adam Frans van der Meulen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Tableaue vum van der Meulen op der Websäit vum Château de Marly, inklusiv déi zwéi Biller vun der Belagerung vu Lëtzebuerg [1]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fanny Beck, ons stad 91 (2009) S. 72.
  2. Decisioun vum 25. November 1952 vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg. D'Strooss verbënnt d'rue Cyprien-Merjai zu Beggen mat der route d'Echternach am Ausgang vun Dummeldeng. Cf. Fanny Beck, ons stad 91 (2009) S. 72.