Europäesch Investitiounsbank

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Europäesch Investitiounsbank (EIB) gouf 1958 duerch den Traité vu Roum geschafen, fir derzou bäizedroen, verschidden Ziler vun der Europäescher Unioun z'erreechen, an deems se verschidden Investissements-Projete finanzéiere soll. Esou Projete mussen z. B. derzou bäidroen, d'europäesch Integratioun, eng ausgeglachen Entwécklung, wirtschaftlech a sozial Cohesioun oder eng op Wësse baséiert, innovativ Economie ze fërderen.

D'EIB huet hire Sëtz zu Lëtzebuerg. Ronn 1400 Leit schaffen do.

Inhaltsverzeechnes

Hir Aufgaben [änneren]

D'Europäesch Investitiounsbank investéiert a Projeten, déi den Ziler vun der Europäescher Unioun (EU) dénge sollen. Se mécht keng Beneficer an hieft keng Zënsen op hire Konten op.

Hir Fongen, déi se investéiert, stamen net aus dem EU-Budget. Si si geléint op de Finanzmäert oder stame vun hiren Actionnairen, d.h. den EU-Memberstaaten.

Doduerch, datt d'Memberstaaten hannert hir stinn, huet si déi héchste Kreditwierdegkeet (AAA) a kann deementspriechend zu ganz gënschtege Bedingungen héich Zomme léine goen, déi se dann a Projete vun ëffentlechem Intressi investéiert, déi soss net, oder nëmmen zu méi héije Prêten, finanzéiert hätte kënne ginn.

Wat finanzéiert d'EIB? [änneren]

D'Projeten, an déi d'Europäesch Investitiounsbank investéiert, ginn op Grond vun dëse Critèren ausgewielt:

  • Se mussen derzou bäidroen, europäesch Ziler z'erreechen, wéi z. B. d'Stäerkung vun der Competitivitéit vun den europäeschen Industrien a Kleng- a Mëttelbetriber, den Opbau vun trans-europäesche Réseauen am Beräich Transport, Telekommunikatioun an Energie, den Ëmweltschutz, d'Verbesserung vun de Gesondheets- an Erzéiungsdéngschter, asw.
  • Se musse fir d'éischt deene Regiounen zugutt kommen, déi am äermsten dru sinn,
  • Se mussen derzou bäidroen, aner Finanzéierungen unzezéien.

Dës Critèrë gëlle fir Actiounen an a baussent der EU. Bal 90% vun den Actioune vun der EIB gi bannent der EU realiséiert, e wichtegen Deel an deenen neie Memberslänner.

D'BEI ënnerstëtzt ausserdeem d'nohalteg Entwécklung an de Mëttelmierlänner, an de sougenannten AKP-Staaten (Afrika, Karibik a Pazifik), an an eenzelne Projeten a Latäinamerika an an Asien.

Schliisslech ass d'BEI Haaptactionnaire vum Europäeschen Investitiounsfong, deen 1994 op d'Been gesat gouf, fir Investissementer an de Kleng- a Mëttelbetriber ze finanzéieren.

Hir Fonctiounsweis [änneren]

Bei grousse Projeten (iwwer 25 Milliounen Euro) schafft d'EIB direkt mat de Promoteure vum Projet. Bei méi klenge Projete schafft se mat enger 180 Banken a spezialiséierte Finanzvermëttler zesummen.

D'EIB decidéiert autonom, weem se wéivill léint, an dat op Grond vun de Méritë vum Projet an de Méiglechkeete vun de Finanzmäert. All Joers gëtt se e Rapport eraus, an deem se hir Auswiel beschreift.

D'EIB schafft mat den Institutioune vun der EU zesummen. Hir Vertrieder kënnen derbäi sinn, wann d'Comitéë vum Europäesche Parlament zesumme kommen, an hire President kann un de Versammlunge vum Conseil vun der Europäescher Unioun deelhuelen.

Wéi ginn Decisioune geholl? [änneren]

D'EIB huet e Conseil vu Gouverneuren, dee sech aus de Ministeren (meeschtens de Finanzministeren) vun den EU-Memberstaaten zesummesetzt. Dësen definéiert d'allgemeng Politik vun der Bank a puncto Prêten, approuvéiert de Bilan an de Joresrapport, erlaabt der Bank, Projete baussent der EU ze finanzéieren an decidéiert iwwer ewentuell Kapitalerhéijungen.

Da gëtt et nach e Verwaltungsrot, wouvunner der President vun der Bank och President ass, an deen aus 24 Membere besteet, déi vun den EU-Memberstaaten ernannt ginn, an engem, dee vun der Europäescher Kommissioun nominéiert gëtt. Dësen approuvéiert déi eenzel Actiounen, wou Sue ge- oder verléint ginn, a muss doriwwer oppassen, datt alles riicht leeft.

Schliisslech ass do den Directiouns-Comité. Hien ass d'Exekutivorgan vun der Bank an domatter fir hiren alldeeglegen Oflaf verantwortlech.

D'Gebai [änneren]

1980 ass d'BEI an dat éischt Gebai um Kierchbierg erageplënnert, an deem 800 Leit schaffe konnten. Uganks vun den 1990er Joren ass dëst eng éischt Kéier ausgebaut ginn, wou 300 zousätzlech Mataarbechter ënner Daach koumen. Den 2. Juni 2008 da gouf en neit Gebai, genannt Bâtiment Est ageweit. Et bréngt der BEI 72.500 m² méi Bürosfläch, an deene bis zu 750 Leit schaffe kënnen.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.