Nadia Calviño

Vu Wikipedia
Nadia Calviño
Funktioun
Ministesch fir Ekonomie
Partei Onofhängeg
Biographie
Gebuertsnumm Nadia María Calviño Santamaría
Gebuer 3. Oktober 1968
A Coruña


D'Nadia María Calviño Santamaría, gebuer den 3. Oktober 1968 zu A Coruña[1], ass eng spuenesch Ekonomistin a Politikerin. Zanter dem 2. Januar 2024 ass si Presidentin vun der Europäescher Investitiounsbank. Virdru war si Wirtschaftsministerin a Spuenien, an héich Beamtin an der Europäescher Kommissioun.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Nadia Calviño huet Universitéitsofschlëss an Economie (1991) an Droit (2001). Tëscht 1991 an 1994 huet si fir eng Consultingfirma geschafft a war Associate Professor op der Madrider Universidad Complutense. Dono gouf si Staatsbeamtin a war ë. a., vun 2004 bis 2006, Generaldirektesch fir Konkurrenz am Wirtschafts- a Finanzministère.

Vun 2006 bis 2018 war si Beamtin an der Verwaltung vun der Europäescher Kommissioun: fir d'éischt deputéiert Generaldirektesch an der Generaldirektioun Konkurrenz an dono an der Generaldirektioun Bannemaart a Servicer, an dunn, tëscht 2014 an 2018 Generaldirektesch an der Generaldirektioun Budget.

Am Juni 2018 gouf si zur Ministesch fir Ekonomie ënner dem Premierminister Pedro Sánchez ernannt (deelweis war si och Ministesch fir Digitaliséierung, respektiv fir den Aussenhandel). Vun 2020 u war si zousätzlech delegéiert Ministerpresidentin.

Zanter Januar 2024 ass si d'Presidentin vun der Europäescher Investitiounsbank.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernardo der Miguel: The Competitor. politico.eu (nogekuckt:2024-01-03).