Service

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Economic template.svg Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ee Service, och nach Déngscht oder Déngschtleeschtung genannt, ass eng Handlung, déi vun enger Persoun, enger Sociétéit, enger Maschinn oder engem Programm fir een anere gemaach gëtt, sief et mat oder ouni Géigeleeschtung.

Inhaltsverzeechnes

An der Economie [änneren]

An der Economie gëtt e Service och alt net-materielt Gutt genannt; d'Produktioun an d'Konsommatioun geschéie gläichzäiteg. Et gëtt net eppes geschafen, mee transforméiert. E Coiffeur produzéiert deemno keng Gidder, mee e Service.

Servicer ass de Sammelbegrëff vun deenen economeschen Aktivitéiten, déi ënnert dës Definitioun falen. Hei an s do seet een och Tertiäre Secteur dofir. Zu Lëtzebuerg spillen d'Servicer eng ëmmer méi wichteg Roll ('kuckt dozou allgemeng: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur a méi speziell: Servicer zu Lëtzebuerg).

Besonnesch Bedeitungen [änneren]

An der Administratioun [änneren]

Beim Lëtzebuerger Staat ass een Service eng Instanz vun enger Administratioun oder engem Ministär.

Beim Iessgeschier [änneren]

E Service ass en Ensembel vun Dëschgeschir am nämmelechten Design.