Volleyball

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Volleyball

Volleyball ass eng Equippesportaart aus der Grupp vun de “Réckschlo-spiller”, bei där sech zwou Equippe vu jeeweils sechs Spiller op engem duerch een Netz gedeelten Terrain géintiwwerstinn.

Zil vum Spill ass et, de Volleyball ënnert Asaz vum ganze Kierper iwwert d’Netz op de Buedem vum géignereschen Terrain ze schloen. Gläichzäiteg geet et awer och dorëms, ze verhënneren, datt dem Géigner genee datselwecht geléngt. All Equipe däerf de Ball maximal dräi Mol (an eng Kéier Block) beréieren, fir en op déi aner Säit ze kréien.

Volleyball kënnt ursprénglech aus den USA a gëtt weltwäit gespillt. De Weltverband F.I.V.B., dee säi Sëtz an der Schwäiz huet, ass mat 217 Natiounen dee Verband mat deene meeschte Memberlänner. Offiziell hunn 2002 33 Millioune Spiller Volleyball gespillt. Do dergéint huet d’FIFA der nëmmen +/- 31 Milliounen.

[änneren] Terrain

Volleyballsterrain
Volleyballsterrain - horizontal Vue

Dë Volleyballsterrain ass 18m laang a 9m breet, so datt all Equipe op enger Halschent vu 9 x 9m spillt. Déi zwou Halschente sinn duerch ee Filet getrennt deem seng Héicht bei den Hären 2,43m, bei den Dammen 2,24m an am Mixed (Loisir) 2,35m bedréit. De Filet muss aus engem donkele Fuedem bestoen, en ass 1m breet an 9,5 bis 10m laang, sou datt en op all Säit vum Terrain 25 bis 50cm iwwer d’Säitelinne vum Terrain erausgeet. D’Poteaue fir de Filet festzemaache sinn dowéinster och net op der Saitenlinn, mee ongeféier e Meter aus dem Terrain eraus plazéiert. Fir d’Säitelinne besser siichtbar ze maachen, sinn direkt iwwer de Säitelinnen zwee Bänner vertikal um Filet festgemaach. Iwwer dëse Bänner ass nach ee Staf, Antenne genannt, dee vertikal 80 cm iwwer de Filet geet. D’Antennen däerfen zu kengem Zäitpunkt vum Ball beréiert gi, vue datt se d’Begrenzung vum Terrain duerstellen. De Filet muss stramm gespaant sinn, vue datt d’Filetsberéierung duerch de Ball kee Feeler duerstellt an dësen no enger Beréierung nach däerf weider gespillt ginn.

An dräi Meter Ofstand zur Mëttellinn si, parallel zu där, d’Ugrëffslinnen (och nach “3m Linn” genannt). Nëmme Spiller aus der viischter Linn däerfen bannent der Zone tëscht dësen zwou Linnen attackéieren. Hannerspiller däerfen de Ball nëmmen ënner dem Niveau vun der Filetskant spillen oder mussen hannert der Ugrëffslinn ofsprangen. Se däerfen awer virun der Ugrëffslinn opkommen.

Ronderëm den eigentlechen Terrain mussen op d'mannst dräi Meter fräigehale ginn, wou de Ball och nach däerf gespillt ginn. Fir Matcher an der Hal gëtt ugerode mindestens een 8 Meter héijen Daach ze hunn, ouni datt do ee Baskettskuerf oder Ähnleches géif stéieren. Wann ee sech awer zu Lëtzebuerg all ze streng un déi Regelen hale géif , da kéinten d’Matcher net méi all gespillt ginn. Dowéinster stellt d'FLVB däitlech méi kleng Ufuerderunge fir national Matcher wéi d’FIVB fir internationaler.

[änneren] Geschicht

Volleyball gouf am Dezember 1895 vum William G. Morgan zu Holyoke, USA virgestallt. De Sportdirekter vun der YMCA hat ee Spill mam Numm "Mintonette" als Spill fir eeler Memberen entwéckelt. Et huet laang Zäit als douce Alternativ zum Basketball, deen zu Springfield, wat nëmme 10 Meile Loftlinn ewech läit, entstane wor. D'Indoor-Sportart huet charakteristesch Elementer aus Tennis an Handball enthalen. De Morgan selwer huet nach di éischt Regele verfaasst. Dës Regele hunn ee 25 x 50 Feet (~ 7,72m x 15,24m) groussen Terrain an ee 6 Feet 6 Inches (~1,98m) héicht Netz virgesinn. Au contraire zu haut wor weder d'Unzuel vun de Spiller um Terrain nach d'Unzuel vun de Ballkontakter limitéiert. Bei engem falsche Service, hat ee wéi am Tennis, een zweete Versuch ze gutt.

En Zuschauer vum éischte Spill an der YMCA zu Springfield huet 1896 den nach haut genotzten Numm "Volleyball" agefouert, dee vum engleschen Wuert "volley", wat fir eng Salv steet. Ausserdeem goufen zu dësem Ulass och di éischt Ännerungen un de Regele virgeholl.

Während deenen nu folgende Joren huet sech d'Sportaart iwwer Kanada (1900) an d'ganz Welt verbreet. Si gouf während dem Éischte Weltkrich vun amerikanesche G.I.'s an Osteuropa agefouert, wou Volleyball sech bannent kierzster Zäit zu engem populäre Sport entwéckelt huet. Bis an d'Mëtt vum 20. Jorhonnert hat de Sport dun vum ganzen europäesche Kontinent Besëtz ergraff. Déi meescht Techniken an Taktiken aus dem moderne Volleyball, goufe vun europäeschen Equippen agefouert. Beispiller sinn ënnert anerem de Block (Tschechoslowakei, 1938), de Libero (UdSSR), d'Manchette (Tschechoslowakei, 1958) an d'Ugrëff aus der hënneschter Réi (Polen, 1974).

Déi féierend Natioune sinn am Moment Brasilien, Italien, China a Russland. D'F.I.V.B. schätzt datt sech ronn e sechstel vun der Weltpopulatioun als aktive Spiller oder Zuschauer um Volleyball bedeelegt.

Déi international Federatioun, d'Fédération Internationale de Volleyball (FIVB), gouf 1974 gegrënnt. Säit 1963 gëtt et eng europäesch Confédératioun, d'Confédération Européenne de Volleyball (CEV) mat hirem Sëtz zu Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Federatioun F.L.V.B. gouf den 2. Juni 1981 gegrënnt a riicht all Joer esouwuel d'Championat am Männer- wéi am Dammenvolleyball aus wéi och d'Coupe de Luxembourg. Zënter der Saison 2008/2009 gëtt d'Coupe de Luxembourg vun der Loterie Nationale ënnerstëtzt an dréit dofir lo hiren Numm.

Volleyball ass säit 1964 olympesch Disziplin. D'Variant Beach-Volleyball gëtt säit 1986 vun der FIVB offiziell unerkannt a gehéiert säit 1996 zum olympesche Programm.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools